Syndicat pour la création d'un parc naturel dans la région du Mullerthal

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Syndicat pour la création d'un parc naturel dans la région du Mullerthal
Schëld mam Logo vum Naturpark Mëllerdall
Leedung Camille Hoffmann
Verwaltungssëtz Iermsdref
Membergemengen Beefort, Bech, Bäerdref, Konsdref, Iechternach, Fëschbech, Hiefenech, Fiels, Noumer, Rouspert-Mompech, Waldbëlleg, Ärenzdallgemeng

De Syndicat pour la création d'un Parc Naturel dans la région du Mullerthal, kuerz Syndicat Mullerthal, ass en interkommunale Syndikat mam Zweck fir d'Entwécklung vum Raum, deen duerch den Territoire vun de Membergemenge gebilt gëtt, virunzedreiwen a fir d'Initiativ vun der Grënnung vun engem Naturpark ze huelen.

Et sinn 13 Gemenge Member am Syndicat Mullerthal: Ärenzdallgemeng, Bäerdref, Bech, Beefort, Fëschbech, Fiels, Hiefenech, Iechternach, Konsdref, Mompech, Noumer, Rouspert, a Waldbëlleg. Mat Ausnam vu Reisduerf sinn all d'Gemenge vun der Regioun Mëllerdall Member am Syndikat.

De Sëtz vum Syndikat ass zu Iermsdref an der Ärenzdallgemeng.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Syndicat Mullerthal gouf duerch de Groussherzoglechen Arrêté vum 27. Oktober 2009 erlaabt[1]. Matgrënner vum Syndikat ware sengerzäit déi 14 Gemenge Bäerdref, Bech, Beefort, Fëschbech, Fiels, Hiefnech, Iechternach, Iermsdref, Konsdref, Miedernach, Mompech, Noumer, Rouspert, a Waldbëlleg. No der Fusioun vun der Gemengen Iermsdref a Miedernach zu der Ärenzdallgemeng, sinn nach 13 Gemengen Member am Syndicat Mullerthal.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 27 octobre 2009 autorisant la constitution du Syndicat pour la création d'un Parc Naturel dans la région du Mullerthal, en abrégé «Syndicat Mullerthal». data.legilux.public.lu (25.11.2009). Gekuckt de(n) 02.08.2020.