Syndicat des eaux du Centre
Ausgesinn
Secteur | Drénkwaasser |
---|---|
Verwaltungssëtz | Hesper |
Membergemengen | Conter, Hesper, Koplescht, Nidderaanwen, Steesel, Stroossen, Walfer, Biissen, Luerenzweiler, Helperknapp, Miersch, Lëntgen |
Gegrënnt | 19. Februar 2005 |
Websäit | https://www.syvicol.lu/fr/annuaires-des-communes-et-des-syndicats/annuaire-des-syndicats/secteur/fiche/eau/sec |
De Syndicat des eaux du centre ofgekierzt SEC ass en interkommunale Waassersyndikat deen 2004 gegrënnt gouf, an den 19. Februar 2005 duerch en Arrêté grand-ducal autoriséiert gouf[1]. Den Objet vum Syndicat ass d'Gestioun vum Drénkwaasser fir d'Membersgemengen, dat vun der SEBES geliwwert gëtt.
Grënnungsmembere waren 2004 d'Gemenge Conter, Hesper, Koplescht, Nidderaanwen, Steesel, Stroossen a Walfer. No der Grënnung sinn nach follgend Gemenge Member vum Syndicat ginn:
- den 10. Abrëll 2007: Biissen a Luerenzweiler[2];
- den 18. Abrëll 2008: Béiwen-Atert[3] a Miersch[4];
- de 17. Februar 2017: Lëntgen[5].
De Syndikat huet säi Sëtz an der Märei zu Hesper.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- De Syndikat op der Websäit vum SYVICOL
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Arrêté grand-ducal du 19 février 2005 autorisant la création d'un syndicat de communes, dénommé Syndicat des Eaux du Centre, en abrégé SEC. legilux.public.lu (24.03.2005). Gekuckt de(n) 09.08.2020.
- ↑ (fr)Arrêté grand-ducal du 10 avril 2007 autorisant l'adhésion des communes de Bissen et Lorentzweiler au Syndicat des Eaux du Centre, en abrégé «SEC». legilux.public.lu (18.05.2007). Gekuckt de(n) 09.08.2020.
- ↑ gouf den 1. Januar 2018 duerch d'Gemengefusioun an d'Gemeng Helperknapp integréiert
- ↑ (fr)Arrêté grand-ducal du 18 avril 2008 autorisant l'adhésion des communes de Boevange/Attert et Mersch au Syndicat des Eaux du Centre, en abrégé «SEC». legilux.public.lu (02.05.2008). Gekuckt de(n) 09.08.2020.
- ↑ (fr)Arrêté grand-ducal du 17 février 2017 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat des eaux du centre, en abrégé « SEC », et autorisant l'adhésion de la commune de Lintgen au « SEC ». legilux.public.lu (28.03.2017). Gekuckt de(n) 09.08.2020.
Interkommunal Syndikater |
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW |