Op den Inhalt sprangen

Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen

Vu Wikipedia
SIDOR
D'SIDOR Verbrennungsanlag zu Leideleng (2012)
Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen
Secteur Offallgestioun
Leedung Patrick Goldschmidt
Verwaltungssëtz Leideleng
Gegrënnt 18. Juni 1971
Websäit https://www.sidor.lu/

De Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen, besser bekannt ënner dem Akronym SIDOR, ass en interkommunale Syndikat. Et ass nieft dem SIDEC an dem SIGRE ee vun den dräi Syndikater zu Lëtzebuerg, dee sech ëm d'Offallgestioun këmmert. Bei der SIDOR si 34 Gemenge aus dem Süden an dem Zentrum vu Lëtzebuerg Member.

Dem Syndikat seng Statute goufen duerch en Arrêté grand-ducal vum 25. November 1991, (Mémorial B N° 55 vum 10 Dezember 1991, Säit 1040) festgehalen.

D'SIDOR ass zanter November 2019 als ëffentlecht Etablissement am Handelsregëster ageschriwwen[1].

Den Ufank vum Syndikat, gradewéi den Akronym SIDOR, ginn zeréck op de groussherzogleche Beschloss vum 18. Juni 1971 autorisant la création du Syndicat intercommunal pour la construction, l'exploitation et l'entretien d'une installation destinée à la destruction des ordures des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen[2]. Dëse Beschloss gouf den 12. Oktober 1971 ëmgeännert, an de Syndikat heescht zanterhier Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen[3]. De Kierzel SIDOR gouf bäibehalen.

D'Anlag fir d'Offäll ze verbrenne steet nieft dem CR163 am Bësch mat dem Numm Kiirchheck tëscht Leideleng a Beetebuerg.

Bei der Grënnung ware follgend 34 Gemengen am Syndikat:

Gemeng Decisioun vum Gemengerot  Gemeng Decisioun vum Gemengerot
Bartreng10. November 1970 Beetebuerg11. Dezember 1970
Déifferdeng28. September 1970 Dippech13. Oktober 1970
Diddeleng24. Oktober 1970 Esch-Uelzecht6. Juli 1970
Fréiseng4. Dezember 1970 Garnech27. November 1970
Hesper9. Oktober 1970 Habscht[4]18. Dezember 1970
Käerch13. Oktober 1970 Nidderkäerjeng[5]5. Oktober 1970
Keel16. Dezember 1970 Kënzeg[5]9. Oktober 1970
Kielen17. November 1970 Conter28. November 1970
Koplescht16. November 1970 Leideleng19. Mäerz 1971
Lëtzebuerg19. Oktober 1970 Mamer17. November 1970
Monnerech13. Oktober 1970 Nidderaanwen5. Oktober 1970
Péiteng30. September 1970 Reckeng op der Mess20. November 1970
Réiser24. Februar 1971 Rëmeleng17. Dezember 1970
Sandweiler12. Oktober 1970 Suessem18. Dezember 1970
Schëffleng14. Dezember 1970 Schëtter19. Januar 1971
Simmer28. Oktober 1970 Stengefort23. Oktober 1970
Stroossen29. Januar 1971 Walfer18. Februar 1971
Weiler zum Tuer30. Mäerz 1971

Membergemengen

[änneren | Quelltext änneren]

Am SIDOR sinn all d'Gemengen Member, déi bei der Grënnung derbäi waren[4][5], gradewéi d'Gemeng Steesel, déi mat den neie Statute vun 1991 dobäi koum.

  • Sidor: 25. Leudelange: Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen (Leudelange) Syndicat Intercommunal SIDOR, 1996. Print.
  • Ruppert, Paul. Wohin mit dem Müll? In: Ons Stad 1993, Nr. 43, S. 18-21.
  • SIDOR. Litho Bourg-Bourger, Luxembourg 1977, 20 S. (Broschür, déi de SIDOR fir d'Aweiung vun der Verbrennungsanlag am Joer 1977 erausginn huet).
Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) (J102) Syndicat Intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables pour les communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen. lbr.lu (19.11.2019). Gekuckt de 16.08.2020.
  2. (fr) Arrêté grand-ducal du 18 juin 1971 autorisant la création du Syndicat intercommunal pour la construction, l'exploitation et l'entretien d'une installation destinée à la destruction des ordures des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen. legilux.public.lu (06.07.1971). Gekuckt de 16.08.2020.
  3. (fr) Arrêté grand-ducal du 12 octobre 1971 portant modification de l'arrêté grand-ducal du 18 juin 1971 autorisant la création du Syndicat intercommunal pour la construction, l'exploitation et l'entretien d'une installation destinée à la destruction des ordures des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen. http://data.legilux.public.lu/eli/etat/adm/agd/1971/10/12/n1/jo+(25.10.1971).+Gekuckt de 16.08.2020.
  4. 1 2 Den 1. Januar 2018 huet d'Gemeng sech ëm den Territoire vun der fréierer Gemeng Simmer vergréissert, mat där se fusionéiert huet.
  5. 1 2 3 d'Grënnungsmemberen Nidderkäerjeng a Kënzeg hunn den 1. Januar 2012 zur neier Gemeng Käerjeng fusionéiert.