Patrick Goldschmidt

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Patrick Goldschmidt
Gebuer 2. Februar 1970
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Reviseur d'entreprise, Expert comptable
Partei Demokratesch Partei

De Patrick Goldschmidt, gebuer den 2. Februar 1970 zu Lëtzebuerg[1][2], ass e lëtzebuergeschen Expert comptable, Réviseur d'entreprise a Politiker (DP).

Berufflech a politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première am Stater Kolléisch (1989) huet hie vun 1990 bis 1993 op der Université Louis Pasteur zu Stroossbuerg studéiert a säi Studium mat enger Maîtrise an der Ekonomie (Gestion des entreprises) ofgeschloss.[1]

Berufflech huet hie bei KPMG AUDIT (1993-1999), Ciments Luxembourgeois (1999-2000), KPMG TAX (2000-2005) geschafft a war 2006 Matgrënner vun der Fiduciaire Goldschmidt & Associates[2].[1]

Hien ass zanter 1999 Member an der DP, zanter 2009 Conseiller am Stater Gemengerot an zanter 2013 am Schäfferot vun der Haaptstad.[1]

Bei de Chamberwalen 2013, 2018 an 2023 huet hien am Zentrum kandidéiert, ass awer ni direkt gewielt ginn. No de Wale vum 8. Oktober 2023 ass hien den 21. November 2023 fir d'Yuriko Backes an d'Chamber nogeréckelt[3], nodeems si op hiert Deputéiertemandat verzicht huet fir Ministesch ze ginn.

Privates[änneren | Quelltext änneren]

De Patrick Goldschmidt ass bestuet a Papp vun dräi Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Patrick Goldschmidt – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 (fr)Patrick Goldschmidt | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-16.
  2. 2,0 2,1 B113057 | Goldschmidt & Associates S.à r.l. am Handelsregëster, gekuckt de 16.11.2023
  3. (fr)La Chambre est désormais complète. Chambre des députés du grand-duché de Luxembourg. Gekuckt de(n) 2023-11-21.