Cimalux

Vu Wikipedia

D'Cimalux S.A. ass eng lëtzebuergesch Entreprise déi Zement fabrizéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Si gouf 1920 als Ciments Luxembourgeois S.A. gegrënnt mam Zil, Héichueweschlaken ze verwäerten an doraus Zement ze maachen.

Haaptactionnaire mat 98 % war d'ARBED. Wéi déi hir Gossproduktioun opgehalen huet, do huet se och d'Ciments Luxembourgeois verkaaft, dëst un Dyckerhoff, deen zweetgréissten däitschen Zementproduzent, mat Sëtz zu Wiesbaden. Dyckerhoff selwer ass zanter 2004 eng 100-prozenteg Duechtergesellschaft vun der italieenescher Buzzi Unicem, dem weltwäit aachtgréissten Zementproduzent (Stand 2007).

Am Joer 2007 huet d'Ciments Luxembourgeois mat hirem Distributeur Matériaux S.A. zu enger neier Gesellschaft fusionéiert a sech den Numm Cimalux ginn.

Produktioun[änneren | Quelltext änneren]

Haut hëlt d'Klinkerwierk, déi fréier Intermoselle, de Kalleksteen an de Mergel aus enger Carrière op der lëtzebuergesch-franséischer Grenz tëscht Rëmeleng an Ëtteng, deen do gebrach gëtt an dann iwwer e Fërderband op Rëmeleng kënnt, wou en zu Klinker gebrannt gëtt.

Dee geet da mat der Eisebunn an d'Zementsfabréck um Monkeler an an d'Klinkermillen an Zementsfabréck zu Neuwied a Rheinland-Pfalz.

Um Monkeler ginn all Joer eng 850.000 Tonnen Zement a verschiddene Qualitéite produzéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]