Chamberwale vum 14. Oktober 2018

Vu Wikipedia

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 zu Lëtzebuerg goufe 60 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt.

Walrecht[änneren | Quelltext änneren]

D'Walbezierker an d'Zuel vun de Sëtz

Zur Wiel stounge 60 Mandater, déi sech op 4 Walbezierker verdeelen. Jee no der Zuel vun de Walberechtegte gi pro Bezierk ënnerschiddlech vill Deputéiert gewielt: Am Walbezierk Süde sinn et der 23, am Zentrum 21, am Norden der 9, an am Walbezierk Osten der 7. All Partei däerf maximal sou vill Kandidaten opstellen, wéi Mandater an deem jeeweilege Bezierk ze vergi sinn. Kandidaten däerfe sech nëmmen an engem Walbezierk opstellen. D'Wieler kënnen entweeder eng Parteilëscht wielen, deemno all hir Stëmmen enger Partei ginn, oder eenzel Kandidate stëmmen, sief et all vun enger Lëscht, sief et vun hirer méi (Panachéieren), andeems se hinnen eng bis zwou Stëmme ginn (am Ganzen awer net méi, wéi d'Zuel vun den Deputéiert am Walbezierk).

Et gëtt keng explizit Spärklausel (d. h. e minimale Prozentsaz, deen eng Partei oder e Kandidat misst kréien, fir an d'Parlament ze kommen). Well d'Mandater duerch den D'Hondt-Procedé vergi ginn, gëtt et, wéinst der ënnerschiddlecher Zuel vu Sëtz pro Bezierk, implizit Spärklausele vu ronn 4 % am Süde bis 12 % am Osten.

Walberechtegt sinn all Lëtzebuerger iwwer 18 Joer. Et besteet eng allgemeng Walflicht, ausser fir Walberechtegter iwwer 75 Joer an där, déi am Ausland wunnen oder do den Dag vun der Wal berufflech ze dinn hunn. Jiddereen deen dat wëll, kann iwwer Bréifwal stëmmen, amplaz an de Walbüro ze goen. Fir iwwer Bréifwal ze stëmmen, muss een eng Demande un de Schäfferot vu senger Gemeng schécken, entweeder iwwer eng zertifiéiert staatlech Internetsäit oder iwwer de Postwee[1]. Et ass net erlaabt, engem aneren eng Procuratioun ze gi fir an engem senger Plaz ze wielen.

Parteien[änneren | Quelltext änneren]

Aacht Parteien hunn an alle véier Walbezierker kandidéiert. Dobäi koumen der zwou, déi just an engem oder zwee Bezierker Lëschten opgesat hunn. D'Lëschteplaze goufen de 17. Juli 2018 vun der Joséane Schroeder, Presidentin vum Stater Bezierksgeriicht, ausgeloust[2].

Et sinn dat:

  • An alle 4 Bezierker:
    • Lëscht 1 – Piraten
    • Lëscht 2 – déi gréng
    • Lëscht 3 – LSAP
    • Lëscht 4 – CSV – Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei
    • Lëscht 5 – KPL d'Kommunisten
    • Lëscht 6 – DP - Demokratesch Partei
    • Lëscht 7 – ADR – Alternativ Demokratesch Reformpartei
    • Lëscht 8 – déi Lénk
  • Am Zentrum zousätzlech:
  • Am Süden zousätzlech:

Plakater wärend der Walcampagne[änneren | Quelltext änneren]

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Zesummesetzung vun der Chamber, no Partei.

Stäerkst Partei gëtt d'CSV, mat 21 Sëtz, wat 2 manner si wéi virdrun. D'DP kritt 12 Sëtz (-1), an d'LSAP der 10 (-3). Déi Gréng gewannen 3 Sëtz bäi a kommen op 9; d'ADR kritt 1 Sëtz bäi a kënnt op 4, d'Pirateipartei kënnt vun 0 op 2 Sëtz, déi Lénk behalen hir 2, iweerdeems d'KPL, déi Konservativ an Demokratie kee Sëtz kréien.

Déi nei gewielt Chamber ass den 30. Oktober 2018 zu hirer éischter Sëtzung zesummekomm.

De 15. Oktober 2018 huet de Groussherzog Henri d'Procureure General Martine Solovieff als Informateur genannt, fir him Rapport ze maachen iwwer d'Positioune vun de Parteien, fir eng Regierungskoalitioun ze bilden.[4] Schonn deen Dag drop, de 16. Oktober, gouf de Xavier Bettel vum Grand-Duc zum Formateur vun enger neier Regierung ernannt.[5] Dës soll sech, wéi déi virdrun, aus enger Koalitioun vun DP, LSAP an déi Gréng, déi zesummen eng Majoritéit vun 31 Deputéierten hunn, zesummesetzen. De 17. Oktober hunn d'Koalitiounsverhandlungen tëscht deenen dräi Parteien ugefaangen.[6] Nodeems d'Gremie vun de Parteien de 4. Dezember allen dräi den ausgehandelte Koalitiounsaccord guttgeheescht hunn, gouf déi nei Regierung Bettel-Schneider-Braz de 5. Dezember 2018 vereedegt.[7]

D'Resultat an Zuelen[änneren | Quelltext änneren]

Sëtz no Walbezierk
Partei Prozent 2013 Sëtz 2013 Prozent 2018 +/− Sëtz 2018 +/−
CSV 33,68 23 28,31 21 -2
DP 18,25 13 16,91 12 -1
LSAP 20,28 13 17.60 10 -3
déi gréng 10,13 6 15,12 9 +3
ADR 6,64 3 8,28 4 +1
Piratepartei 2,94 0 6,45 2 +2
déi Lénk 4,94 2 5,48 2 +/- 0
KPL 1,64 0 1,27 0 +/- 0
Demokratie - - 0,29 +0,29 0 nei
Déi Konservativ - - 0,27 +0,27 0 nei

[Source?]

Gewielt an nogeréckelt Deputéiert[änneren | Quelltext änneren]

Alphabetesch Lëscht vun der aktueller Zesummesetzung (Stand: Dez. 2022) vun der Chamber, inklusiv déi Deputéierten, déi op hiert Mandat verzicht hunn a vun deenen, déi s'ersat hunn (déi nogeréckelt sinn).

Aktuell Deputéiert no de Chamberwale vum 14. Oktober 2018
Zuel Numm Partei Bezierk gewielt Stëmmen[8] Mandat vun Mandat bis Bemierkung
1 Diane Adehm CSV Zentrum direkt 18 010 30/10/2018
1 Semiray Ahmedova déi gréng Süden nogeréckelt 10 581 08/10/2019 nogeréckelt fir de Roberto Traversini
Marc Angel LSAP Zentrum direkt 10 260 30/10/2018 Nov. 2019 huet op d'Mandat verzicht fir Deputéierten am Europäesche Parlament ze ginn
1 Guy Arendt DP Zentrum direkt 13 931 06/12/2018
1 Nancy Arendt CSV Süden direkt 23 802 30/10/2018
Jean Asselborn LSAP Süden direkt 40 283 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Simone Asselborn-Bintz LSAP Süden nogeréckelt 21/01/2020 nogeréckelt fir den Alex Bodry
1 Carlo Back déi gréng Zentrum nogeréckelt 9 310 06/12/2018 nogeréckelt fir de François Bausch
1 André Bauler DP Norden direkt 9 227 30/10/2018
1 Gilles Baum DP Osten direkt 7 299 30/10/2018
Marc Baum déi Lénk Süden direkt 10 525 30/10/2018 19/05/2021 op d'Mandat verzicht zu Gonschte vun der Myriam Cecchetti
François Bausch déi gréng Zentrum direkt 19 887 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Simone Beissel DP Zentrum direkt 14 630 30/10/2018
1 François Benoy déi gréng Zentrum direkt 9 830 30/10/2018
Eugène Berger DP Süden nogeréckelt 10 845 06/12/2018 21/01/2020 nogeréckelt fir de Claude Meisch; den 21. Jan. 2020 gestuerwen
1 Djuna Bernard déi gréng Zentrum nogeréckelt 9 135 06/12/2018 nogeréckelt fir d'Sam Tanson
Xavier Bettel DP Zentrum direkt 30 774 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Dan Biancalana LSAP Süden direkt 20 601 30/10/2018
Alex Bodry LSAP Süden direkt 20 599 30/10/2018 21/01/2020 op d'Mandat verzicht fir an de Staatsrot ze goen
Félix Braz déi gréng Süden direkt 25 124 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Tess Burton LSAP Osten nogeréckelt 4 944 06/12/2018 nogeréckelt fir den Nicolas Schmit
Corinne Cahen DP Zentrum direkt 19 471 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Myriam Cecchetti déi Lénk Süden nogeréckelt 19/05/2021 nogeréckelt fir de Marc Baum
1 Sven Clement Piratepartei Zentrum direkt 8 007 30/10/2018
1 Francine Closener LSAP Zentrum nogeréckelt 8 467 03/12/2019 nogeréckelt fir de Marc Angel
1 Frank Colabianchi DP Zentrum nogeréckelt 13 486 06/12/2018 nogeréckelt fir de Xavier Bettel
1 Yves Cruchten LSAP Süden nogeréckelt 18 325 06/12/2018 nogeréckelt fir den Dan Kersch
Lex Delles DP Osten direkt 10 396 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Mars Di Bartolomeo LSAP Süden direkt 27 310 30/10/2018
Carole Dieschbourg déi gréng Osten direkt 9 752 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Emile Eicher CSV Norden direkt 12 956 30/10/2018
1 Félix Eischen CSV Süden direkt 25 892 30/10/2018
Joëlle Elvinger DP Zentrum nogeréckelt 13 199 06/12/2018 Dez. 2019 nogeréckelt fir d'Corinne Cahen; verzicht Enn 2019 op hiert Mandat fir lëtz. Vertriederin um Europäesche Rechnungshaff ze ginn.
1 Stéphanie Empain déi gréng Norden nogeréckelt 5 692 06/12/2018 nogeréckelt fir de Claude Turmes
1 Georges Engel LSAP Süden direkt 19 204 30/10/2018
1 Jeff Engelen ADR Norden direkt 6 094 30/10/2018
1 Fernand Etgen DP Norden direkt 9 819 06/12/2018
Franz Fayot LSAP Zentrum nogeréckelt 9 347 06/12/2018 02/2020 nogeréckelt fir den Etienne Schneider; huet 2020 op säi Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen.
1 Paul Galles CSV Zentrum direkt 16 942 30/10/2018
1 Chantal Gary déi gréng Osten nogeréckelt 4 309 nogeréckelt fir den Henri Kox
1 Gast Gibéryen ADR Süden direkt 18 370 30/10/2018
1 Léon Gloden CSV Osten direkt 9 754 30/10/2018
1 Marc Goergen Piratepartei Süden direkt 9 818 30/10/2018
1 Gusty Graas DP Süden nogeréckelt 9 537 06/12/2018 nogeréckelt fir de Pierre Gramegna
Pierre Gramegna DP Süden direkt 18 383 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Claude Haagen LSAP Norden nogeréckelt 7 696 06/12/2018 nogeréckelt fir de Romain Schneider
1 Max Hahn DP Süden direkt 11 228 30/10/2018
1 Jean-Marie Halsdorf CSV Süden direkt 23 853 30/10/2018
1 Marc Hansen déi gréng Süden nogeréckelt 11 546 06/12/2018 nogeréckelt fir de Félix Braz (de Martin Kox huet verzicht)
1 Martine Hansen CSV Norden direkt 20 249 30/10/2018
1 Carole Hartmann DP Osten nogeréckelt 6 015 06/12/2018 nogeréckelt fir de Lex Delles
1 Cécile Hemmen LSAP Zentrum nogeréckelt 04/02/2020 nogeréckelt fir de Franz Fayot
1 Françoise Hetto-Gaasch CSV Osten direkt 12 150 30/10/2018
1 Ali Kaes CSV Norden direkt 12 198 30/10/2018
1 Fernand Kartheiser ADR Süden direkt 10 355 30/10/2018
Dan Kersch LSAP Süden direkt 21 441 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Pim Knaff DP Süden nogeréckelt 02/2020 nogeréckelt fir den Eugène Berger
Henri Kox déi gréng Osten nogeréckelt 5 995 06/12/2018 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Claude Lamberty DP Zentrum nogeréckelt 21/01/2020 nogeréckelt fir d'Joelle Elvinger
1 Marc Lies CSV Zentrum direkt 17 573 30/10/2018
1 Josée Lorsché déi gréng Süden direkt 17 323 30/10/2018
1 Charles Margue déi gréng Zentrum direkt 9 515 30/10/2018
1 Elisabeth Margue CSV Zentrum nogeréckelt 11/10/2022
Claude Meisch DP Süden direkt 15 527 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Georges Mischo CSV Süden direkt 25 387 30/10/2018
1 Octavie Modert CSV Osten direkt 10 222 30/10/2018
1 Laurent Mosar CSV Zentrum direkt 17 210 30/10/2018
1 Lydia Mutsch LSAP Süden nogeréckelt 18 762 06/12/2018 nogeréckelt fir de Jean Asselborn
1 Nathalie Oberweis déi Lénk Zentrum nogeréckelt 19/05/2021 nogeréckelt fir den David Wagner
1 Lydie Polfer DP Zentrum direkt 18 934 30/10/2018
1 Roy Reding ADR Zentrum direkt 6 319 30/10/2018
Viviane Reding CSV Zentrum direkt 17 922 30/10/2018 11/10/2022 zu Gonschte vun der Elisabeth Margue op d'Mandat verzicht.
1 Gilles Roth CSV Süden direkt 23 846 30/10/2018
1 Marco Schank CSV Norden direkt 14 096 30/10/2018
Nicolas Schmit LSAP Osten direkt 5 522 huet op d'Mandat verzicht fir kënne Kommissär an der EU-Kommissioun ze ginn
Etienne Schneider LSAP Zentrum direkt 16 871 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
Romain Schneider LSAP Norden direkt 12 306 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Marc Spautz CSV Süden direkt 28 685 30/10/2018
Sam Tanson déi gréng Zentrum direkt 17 290 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
Roberto Traversini déi gréng Süden direkt 19 136 30/10/2018 Okt. 2019 zeréckgetrueden
Claude Turmes déi gréng Norden direkt 11 243 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
David Wagner déi Lénk Zentrum direkt 8 988 30/10/2018 19/05/2021 op d'Mandat verzicht zu Gonschte vun der Natalie Oberweis
1 Serge Wilmes CSV Zentrum direkt 20 809 30/10/2018
1 Claude Wiseler CSV Zentrum direkt 27 388 30/10/2018
1 Michel Wolter CSV Süden direkt 24 068 30/10/2018
60

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chamberwale vum 14. Oktober 2018 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Artikel 168-171 vum Walgesetz (Loi électorale du 18 février 2003 (telle qu'elle a été modifiée)
  2. "D'Lëschtennummere goufe gezunn," rtl.lu, Leschten Update: 17.08.2018, 18:28:30.
  3. Nodeems bekannt gouf, datt verschidde Persounen net averstane waren, op der Lëscht ze stoen, huet d'Partei hir Kandidatur zeréckgezunn. Wéi d'Lëschte bis publizéiert waren, konnte se net méi geännert ginn. Quell: "D'Lëschte vun der Partei "Demokratie" kënnen net zeréckgezu ginn." rtl.lu, 22.08.2018, 20:01:18.
  4. "D'Procureure General Martine Solovieff gouf Informateur genannt." rtl.lu, Leschten Update: 15.10.2018, 18:19:55.
  5. "De Grand-Duc huet de Xavier Bettel Formateur genannt." rtl.lu, 16.10.2018, 17:46:37.
  6. "Auftakt der Koalitionsgespräche." wort.lu, 17.10.2018.
  7. "Assermentation des membres du gouvernement 2018." gouvernement.lu, 05.12.2018.
  8. Résultats officiels op elections.public.lu, gekuckt den 21. Februar 2019