Op den Inhalt sprangen

Josée Lorsché

Vu Wikipedia
Josée Lorsché
Gebuer 9. September 1961
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politikerin, Léierin
Partei déi gréng
Fonctioun Schäffin, Suppleante vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot, Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber

D'Josée Lorsché, gebuer den 9. September 1961 zu Diddeleng, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (déi gréng) vu Beetebuerg. Vu Beruff ass si Léierin.

Hir laangjäreg Aarbecht als Léierin an d'Antiatomkraaftbeweegung an den 80er Joren hunn d'Josée Lorsché dozou beweegt sech am Beräich vun der Sozial- an Ëmweltpolitik z'engagéieren. Aner wichteg Theeme fir si sinn d'Integratioun vu Mënsche mat Behënnerung, Altersfleeg, d'Gläichstellung vun homosexuelle Mënschen an och d'Gläichstellung vu Mann a Fra.[1]

Gemengepolitik

[änneren | Quelltext änneren]

D'Josée Lorsché ass zanter de Gemengewale vun 2005 am Beetebuerger Gemengerot, an do zanter 2011 Schäffin.[2]

Landespolitik

[änneren | Quelltext änneren]

Si gouf de 6. Juli 2011, wéi si de Jean Huss ersat huet, dee sech zeréckgezunn hat,[3] als Deputéiert aus dem Bezierk Süden an der Chamber vereedegt.

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 an deene vum 14. Oktober 2018 gouf d'Josée Lorsché erëmgewielt.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Josée Lorsché op greng.lu Archivéiert den 10.07.2015. Gekuckt den 03.07.2015.
  2. bettembourg.lu Archivéiert de 24.06.2013. Gekuckt den 10.06.2011.
  3. "Chamber: Lorsché a Léiweng, Gemengewahlen a Staumauer. rtl.lu - 06.07.2011, 16:25 - Fir d'lescht aktualiséiert: 07.07.2011, 08:08
  4. (fr) Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de 24.02.2024.