Déi Gréng

Vu Wikipedia
Déi Gréng
Presidenten Djuna Bernard
Meris Šehović
Generalsekretär Pit Bouché
Tresorier Serge Faber
Gegrënnt 23. Juni 1983
Parteizentral 3, rue du Fossé
L-1536 Lëtzebuerg
Jugendorganisatioun déi jonk gréng
Ideologie Gréng Politik
Politesch Positioun Mëtt-lénks
Europäesch Affiliatioun Europäesch Gréng Partei
International Affiliatioun Global Greens
Europäesch Parlamentsgrupp Gréng/EFA
Faarf Gréng
Slogan Zukunft. Zesummenhalt. Gutt Liewen. Well mer eist Land gär hunn.
Chamber
4/60 Sëtz
Europaparlament
1/6 Sëtz
Websäit
http://www.greng.lu

Déi Gréng, dacks stiliséiert als déi gréng, sinn eng gréng lëtzebuergesch politesch Partei, déi den 23. Juni 1983 gegrënnt gouf. Zanter dem 4. November 2013 ass si fir d'éischt an enger Regierungskoalitioun vertrueden.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Kongress ass dat héchst Organ vun der grénger Partei; e leet grondleeënd Strategien an d'Haaptlinn vun der Partei fest. All zwee Joer wielt de Kongress, deen aus alle Membere vun déi Gréng besteet, déi leedend Organer. Dozou gehéieren zwéi Presidenten op paritärer Basis, en Exekutivkommitee, en Tresorier, e statutarescht Kontrollorgan an den Exekutivrot, deen de Kongress vertrëtt. Mat zu de leedenden Oranger gehéiert och de Parteibüro, an deem och déi jonk gréng an de Gemengerot vertruede sinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1983 bis 1994[änneren | Quelltext änneren]

Déi Gréng goufen, wéi déi meescht europäesch gréng Parteien, aus der Anti-AKW- a Friddensbeweegung gebuer. Mënschen déi géint déi geplangt Atomzentral zu Remerschen a géint d'erneit Oprëschten duerch d'Nato-Bündnis an de Warschauer Pakt waren, hu sech 1983 zu der Gréng Alternativ Partei (GAP) zesummefonnt.[1]

Déi éischt Membere vun Déi Gréng koumen doriwwer eraus och aus Naturschutz-, chrëschtlechen a feministesche Beweegungen, souwéi Drëtt-Welt-Vereenegungen. Och enttäuscht Politiker aus der LSAP (wéi de Jean Huss) oder aus lénksextreme Gruppéierungen hu sech der grénger Beweegung ugeschloss. Donieft gouf et awer och eng méi liberal ausgeriicht Grupp ronderëm de Jup Weber, déi de Fokus haaptsächlech op den Natur- an Ëmweltschutz leeë wollt.[1]

Déi Gréng sinn 1984 fir d'éischt bei de Chamberwalen ugetrueden a mat 2 Sëtz an d'Chamber gewielt ginn. 1985 huet sech d'Partei wéinst Meenungsverschiddenheeten an 2 gedeelt, an d'GLEI (Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ, mam Jup Weber un der Spëtzt) an an d'GAP (Gréng Alternativ Partei).

Dofir si si bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 och eenzel ugetrueden an hu jeeweils 2 Sëtz kritt. Zanter 1994 si béid Lëschten erëm zesummen ugetrueden an d'Partei krut an deem Joer mat bal 11 % vun alle Stëmme 5 Sëtz a gouf domat déi véiertstäerkst Partei am Lëtzebuerger Parlament.

1995 bis 2013[änneren | Quelltext änneren]

1995 si béid Parteien och offiziell erëm zesummegaangen. Bei de Chamberwale vun 1999 hu si bal 2 Prozentpunkte verluer (vu bal 11 % op 9 %). Trotzdeem konnte si hir 5 Sëtz an der Chamber halen.

Bei den 2004er Walen koumen Déi Gréng op e Resultat vun 11,58 %. Domat konnte se hir Bedeelegung am Parlament op 7 Sëtz ausbauen a goufe sou och déi éischt Kéier zu engem méigleche Koalitiounspartner fir eng Regierungsbedeelegung.

2009 krute se 11,71 %, soudatt d'Sëtzzuel onverännert bei 7 bliwwen ass. Als Oppositiounspartei ware si déi véiertstäerkst Kraaft an der Chamber.

Dësen Erfolleg huet sech och bei de Wale fir d'Europaparlament gewisen, wou Déi Gréng zanter 1994 ee vun de sechs lëtzebuergesche Sëtz hunn. 2004 koumen Déi Gréng op e Resultat vu 15,02 %, wat se zu der drëttstäerkster lëtzebuergescher Partei am Europaparlament gemaach huet. Bei de Wale vun 2009 koume se op 16,8 %, e Resultat dat déi lëtzebuergesch gréng Partei zur prozentual stäerkster grénger Partei an Europa gemaach huet.

2013 bis 2023[änneren | Quelltext änneren]

Bei de virgezunne Chamberwale vum 20. Oktober 2013 hunn Déi Gréng ronn 1,6 Prozent verluer an hu mat 10,13% fir d'éischt zanter hirer Grënnung vu virun 30 Joer och e Sëtz verluer. An der Legislaturperiod 2013-2018 waren Déi Gréng mat 6 Deputéiert am Lëtzebuerger Parlament vertrueden. Als Folleg vun deene Wale ware si vum Dezember 2013 bis Oktober 2018 eng éischt Kéier an enger Regierung vertrueden, der Regierung Bettel-Schneider; 4 gewielt Deputéiert goufe Minister, resp. Staatssekretär.

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 kruten Déi Gréng landeswäit 15,12 % vun de Stëmmen a konnten d'Zuel vun hire Mandater vu 6 op 9 ëm d'Hallschecht vergréisseren,[2] sou datt d'Dräierkoalitioun mat DP an LSAP weidergefouert konnt ginn, an där se mat 5 Ministere vertruede waren.

D'Chamberwale vum 8. Oktober 2023 hunn deene Grénge just nach 8,55% vun de Stëmmen (am Gnzen der 321.895)[2] abruecht, wat 4 Deputéiertemandater entsprach huet. Déi Gréng goungen no 10 Joer Regierung an d'Oppositioun.

Sujete vun der grénger Politik[änneren | Quelltext änneren]

Ënner den Theemen déi Déi Gréng als Piliere vun hirer Politik ugesinn, huet d'Fuerderung no enger nohalteger Entwécklung eng besonnesch Positioun. Awer och aner Theeme wéi eng ekologesch Steierreform, erneierbar Energien an Energieeffizienz, eng Reform vum Sozialstaat a vun de Pensioune si fir Déi Gréng wichteg Theemen.

Ëmmer méi wichteg ginn och Theeme wéi d'Fraerechter an d'Biergerrechter. Virun allem zu Lëtzebuerg ginn de Sujete wéi d'Integratioun an d'Participatioun vun de Migranten ëmmer méi Bedeitung zougemooss.

Zu anere Politikberäicher vun Déi Gréng gehéieren ënner anerem:[3]

Resultater vun de Walen an Deputéiert[änneren | Quelltext änneren]

Chamberwalen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Stëmmen Sëtz an der Chamber Deputéiert[4][5]
1984 5,2 % 2 Jup Weber (1984-1989)
Jean Huss (1984-1987)
Guy Bock (1987-1989)[6]
1989 12,5 % 4[7] Jup Weber (1989-1994)
Nick Clesen (1989-1994)
Jean Huss (1989-1992)
Robert Garcia (1992-1994)[6]
François Bausch (1989-1992)
Jean Geisbusch (1992-1994)[6]
1994 10,9 % 5 Robert Garcia
François Bausch
Renée Wagener
Camille Gira
Jean Huss
1999 9,1 % 5 Robert Garcia (1999-2003)
Dagmar Reuter-Angelsberg (2003-2004)[6]
François Bausch
Renée Wagener
Camille Gira
Jean Huss
2004 11,6 % 7 Félix Braz
Henri Kox
François Bausch
Camille Gira
Viviane Loschetter
Claude Adam
Jean Huss
2009 11,7 % 7 Félix Braz
François Bausch
Jean Huss (2009-2011)
Josée Lorsché (2011-2013)
Viviane Loschetter
Camille Gira
Claude Adam
Henri Kox
2013 10,1 % 6 (Félix Braz - gouf Minister) --> Roberto Traversini
(François Bausch - gouf Minister) --> Claude Adam
Josée Lorsché
Viviane Loschetter
(Camille Gira - gouf Staatssekretär) --> Christianne Wickler (2013-2014) --> Gérard Anzia (2014-2018)
Henri Kox
2018 15,12 % 9 Marc Hansen
(Roberto Traversini) zanter Oktober 2019 Semiray Ahmedova
Josée Lorsché
Carlo Back
Djuna Bernard
François Benoy
Charles Margue
(Henri Kox) zanter Oktober 2019 Chantal Gary
Stéphanie Empain
2023 8,55 % 4 François Bausch
Sam Tanson
Joëlle Welfring
Meris Sehovic

Europawalen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Stëmmenundeel Sëtz am Europaparlament
1984 06,1 % 0
1989 10,4 % 0[8]
1994 10,9 % 1 (Jup Weber)
1995 /[9] 0
1999 10,7 % 1 (Claude Turmes)
2004 15,0 % 1 (Claude Turmes)
2009 16,8 % 1 (Claude Turmes)
2014 15,0 % 1 (Claude Turmes; gouf 2018 duerch d'Tilly Metz ersat)
2019 18,9 % 1 (Tilly Metz)

Gréng Gemengepolitik[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Bei de Gemengewalen 2005 hunn déi gréng am Ganzen 41 Mandater gewonnen, an 2 Vertrieder an de Stater Schäfferot geschéckt.[10] 33 Politiker vun déi gréng sëtzen als Conseilleeën a verschiddene Gemengeréit, 11 sëtzen als Schäffen an enger lokaler Koalitioun a 5 Politiker vun déi gréng ware Buergermeeschter:

Bei de Gemengewalen 2011 waren déi gréng a vill méi Gemenge mat Kandidatinnen a Lëschte present a konnten hir Mandatszuel mat 82 méi wéi verduebelen. 18 gréng Politiker sëtzen als Schäffen an enger lokaler Koalitioun, zum Beispill an 3 vun de 4 gréisste Gemenge vum Land (Lëtzebuerg, Esch/Uelzecht an Déifferdeng), stellen zanterhier awer just 3 Buergermeeschteren:

D'Tilly Metz an de Pierre Bormann waren 2011 net méi an hire Gemengen ugetrueden.

Regierung[änneren | Quelltext änneren]

Déi gréng koumen de 4. Dezember 2013 fir d'éischte Kéier zu Lëtzebuerg an d'Regierung, déi si zesumme mat der DP an der LSAP forméiert hunn. Et waren dat d'Ministere Carole Dieschbourg (Ëmwelt), de François Bausch (Nohalteg Entwécklung an Infrastruktur) an de Félix Braz (Justiz). Donieft war de Camille Gira Staatssekretär (hie gouf no sengem stënterlechen Doud am Juni 2018 vum Claude Turmes ersat).

De 5. Dezember 2018 gouf dës Dräier-Koalitioun (och Gambia II) genannt, virugefouert. Déi Gréng sinn dodra mat 5 Ministere vertrueden, nämlech dem Félix Braz (Vize-Premier a Justiz), dem François Bausch (Transport, Infrastrukturen, bannenzeg Sécherheet an Arméi), der Carole Dieschbourg (Nohalteg Entwécklung, Ëmwelt a Klima), dem Claude Turmes (Landesplanung an Energie) an der Sam Tanson (Wunnéngsbau a Kultur).

Nodeems de Félix Braz 2019 e schwéieren Häerzinfarkt hat an dowéinst seng Ministeschplaz opginn huet, krut d'Kultur- a Logementsministesch Sam Tanson d'Plaz als Justizministesch. De Portefeuille vum Logementsminister krut den Deputéierten a fréiere Buergermeeschter vu Réimech, Henri Kox. De François Bausch gouf neie Vizepremier.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • A senger Nummer 273 vum Februar 2008 huet d'Zäitschrëft forum en Dossier iwwer "25 Joer déi gréng" op de Säiten 30-51.
  • Victor Weitzel (2021): "Die Selbstgerechten." In: forum Nr. 416, April 2021, S.6-12. (Kritesch Analys).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Déi Gréng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Pauly, Michel: "25 Jahre déi Greng"; in: Forum Nr.273; S. 30ff
  2. 2,0 2,1 elections.lu.
  3. Walprogramm 2013 Gearchiveerd op 2015-07-10. Gekuckt de(n) 2015-07-10.
  4. Chambre des Députés du Grand-Duché du Luxembourg [ed.]: La Chambre des Députés. Histoire et Lieux de travail; Luxembourg; mai 1994
  5. Hausemer, Georges [ed.]: Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A-Z; Luxembourg; 2006
  6. 6,0 6,1 6,2 6,3 No hirem Rotatiounsprinzip si verschidde gréng Deputéiert no der Hallschent vun hirer Amtszäit zu Gonschte vun aneren ofgetrueden.
  7. Bei de Parlamentswalen 1989 ass déi Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ (GLEI) géint déi Gréng Alternativ Partei (GAP) ugetrueden. Béid Parteie krute jeeweils 2 Sëtz.
  8. Bei den Europawalen 1989 ass déi Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ (GLEI) géint déi Gréng Alternativ Partei (GAP) ugetrueden. Dowéinst krut keng vu béide Parteien e Mandat.
  9. 1995 huet de Jup Weber d'Partei verlooss, déi gréng hunn doduerch hire Sëtz am Europaparlament verluer
  10. Fréderique Moser: "Les Verts/déi Gréng. Changer plus vite les choses"; dans: PaperJam, p. 68ff; Septembre/Octobre 2008; Luxembourg