Op den Inhalt sprangen

Gemeng Betzder

Vu Wikipedia
Gemeng Betzder
D'Märei vu Betzder zu Bierg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Betzdorf
de: Betzdorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Kanton Gréiwemaacher
Chef-lieu Bierg
Buergermeeschter Marc Ries (CSV)
Awunner 4.127
  1. Januar 2026
Fläch 2.619,4959 ha
Héicht 225 m
Koordinaten 49° 41’ 15’’ N
      06° 20’ 59’’ O
LAU-Code LU1101
Websäit https://betzdorf.lu/
D'Gemeng Betzder (orange) am Kanton Gréiwemaacher (rout)

Kaart

D'Gemeng Betzder ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Gréiwemaacher. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Bierg.

D'Gemeng huet 4.127 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Betzder ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

Beschreiwung am Originaltext[3]:

Écartelé: aux I et IV d'azur à la croix ancrée d'argent: au II et III d'argent au lion d'azur armé et lampassé de gueules; à la clef de gueules posée en pal, le panneton en haut, brochant sur le tout.

D.C. 22. November 1984 - A.M. 22. Februar 1985 - Mémorial B 1985, Säit 541 - Projet: Marcel Lenertz (1984)

De gréissten Deel vun der haiteger Gemeng war an der Feudalzäit vun der Probstei Gréiwemaacher ofhängeg (burelé d'argent et d'azur au lion de gueules armé, lampassé et couronné d'or: à la clef d'argent en barre brochant sur le tout). Trotzdeem war Betzder eng eegen Herrschaft, déi hannereneen enger ganzer Rei vun Häre gehéiert huet, dorënner déi vu Bartreng, Lelleg, Berbuerg, Eltz, Bierg a Mohr de Waldt. D'Wope vu Betzder si just ouni Faarf bekannt (à la croix ancrée). Op der anerer Säit sinn déi vu Lelleg bekannt (d'azur à la croix ancrée d'argent). Wat Mensder ugeet, schéngt et, datt dës Uertschaft am 14. Joerhonnert eng Herrschaft ausgemaach huet, op alle Fall gouf et am Joer 1348 gouf et e Jang vu Mensder (un cerf passant sur une terrasse (onbekannt Emailer)). Méi spéit ass d'Uertschaft un d'Baronge vu Pouilly-sur-Meuse iwwergaangen (als éischt d'argent au lion d'azur, duerno d'argent au lion d'azur armé et lampassé de gueules).

De Wope besteet aus engem a Véierel gedeelten (écartelé) Schëld vu Lelleg a vu Pouilly, mat driwwer engem Schlëssel, dee Gréiwemaacher symboliséiert.

Demographesch Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]
AwunnerJoer10001500200025003000350040004500180018501900195020002050AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

De Gemengerot vu Betzder gëtt zanter 2011 nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

Als Folleg vun de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017 baséiert de Schäfferot op enger CSV-LSAP-Koalitioun.

Zanter 2023 ass de Marc Ries (CSV) Buergermeeschter vu Betzder.

Zesummesetzung

[änneren | Quelltext änneren]
JoerCSVDPgréngLSAPPPL
20114331-
20173233-
202342320

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

D'Gemeng vu Betzder

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]

Rieder Bëschkierfecht

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Betzder huet als éischt am Land e Bëschkierfecht ageriicht. E steet allen Awunner vu Lëtzebuerg zur Dispositioun.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Rieder Bëschkierfecht.

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Betzder ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Perséinlechkeeten aus der Gemeng Betzder

[änneren | Quelltext änneren]
  • Feller, John: "Von Ortstafeln und Gemeindesektionen - Zur territorialen Gliederung der Gemeinde Betzdorf", in: "50 Jar Menster Quetschekiermes (1974-2024)", Amicale vun de Menster Duerfveräiner, 2026, S. 417-429.
 Commons: Gemeng Betzder – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 28. Juli 2026.
  3. Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 49 (fr).