Syndicat intercommunal pour la distribution d'eau dans la région de l'Est

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) SIDERE)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Plack um Waasserreservoir vun der SIDERE um Flouer Kackert zu Éiter.

De Syndicat intercommunal pour la distribution d'eau dans la région de l'Est, ofgekierzt SIDERE ass e Waassersyndikat am Oste vu Lëtzebuerg, an de Gemenge Betzder, Biwer, Bus (vum 1. Januar 2015 un)[1], Fluessweller, Gréiwemaacher, Jonglënster, Lenneg, Manternach, Mäertert, Mompech, Schëtter a Wuermeldeng.

De Syndikat gouf den 8. Februar 1995 duerch en Arrêté grand-ducal autoriséiert. Bei der Grënnung waren all déi uewe genannt Gemenge mat Ausnam vu Bus a Schëtter dobäi.

Duerch Arrêté grand-ducal vum 6. September 2007 goufen déi nei Statute vum Syndicat approuvéiert, a Schëtter krut d'Erlaabnes fir dem Syndikat bäizetrieden.

Als Objet huet de Syndikat:

a) d'Gestioun an d'Verdeele vum Drénkwaasser an der Regioun Osten, andeems en all déi Aarbechten ausféiere léisst déi dofir néideg sinn;

b) d'Gestioun vum Ravitaillement mat Drénkwaasser dat vum SEBES kënnt;

c) den Ënnerhalt vu sengen eegene Quellen a Pëtzer.

Maximalquantitéiten déi musse geliwwert ginn[änneren | Quelltext änneren]

Gemeng Quantitéit m³ pro Dag    Prozentsaz
Coat of arms betzdorf luxbrg.png Betzder 1.026 13,10 %
Coat of arms biwer luxbrg.png Biwer 0 600 07,66 %
Coat of arms flaxweiler luxbrg.png Fluessweller 0624 07,97 %
Coat of arms grevenmacher luxbrg.png Gréiwemaacher 1.450 18,52 %
Coat of arms junglinster luxbrg.png Jonglënster 0 880 11,24 %
Coat of arms lenningen luxbrg.png Lenneng 0 300 03.83 %
Coat of arms manternach luxbrg.png Manternach 0 241 03,08 %
Coat of arms mertert luxbrg.png Mäertert 1.200 15,32 %
Coat of arms mompach luxbrg.png Mompech 0 120 01,53 %
Coat of arms schuttrange luxbrg.png Schëtter 0 700 08,94 %
Coat of arms wormeldange luxbrg.png Wuermeldeng 0 690 08,81 %

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Syndicat intercommunal pour la distribution d'eau dans la région de l'Est – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort vum 13. November 2014, S. 26: Bous tritt dem interkkommunalen Wassersyndikat Sidere bei.
Interkommunal Syndikater
Am Haff | Billek | CM-Nord | C.N.I. "Les Thermes" | DEA | FILANO | HIS | Pimodi | PRO-SUD | Réidener Kanton | SEC | SES | SESE | SIACH | SICEC | SICONA-Centre | Syndicat Mullerthal | SESF | SICONA-Ouest | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDOR | SIGI | SIKOR | STEP | SYVICOL | SOINS-MEDERNACH | SICLER | École Heiderscheid | SEBES | SISPOLO | TICE | ZARE