Gemeng Waldbriedemes

Vu Wikipedia
Waldbriedmes
Coat of arms waldbredimus luxbrg.png
Trënten Märei Waldbriedemes.jpg
D'Gemengenhaus zu Trënteng
An anere Sproochen fr: Waldbredimus
de: Waldbredimus
Land Lëtzebuerg
Kanton Réimech
Buergermeeschter Thomas Wolter
Awunner 1.337
  1 Januar 2023
Fläch 1.257 ha
Héicht 182 m
Koordinaten 49° 33’ 23’’ N
      06° 17’ 11’’ O
LAU-Code LU1208
Websäit http://www.waldbredimus.lu/
Map Waldbredimus.PNG
D'Gemeng Waldbriedemes (orange)
am Kanton Réimech (rout)

D'Gemeng Waldbriedemes ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réimech an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Trënteng.

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1][änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Ierseng - Réid - Trënteng - Waldbriedemes

Lieu-diten[änneren | Quelltext änneren]

Gondel - Gondeler Millen

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

  • ...
  • 1843 - ?: Nicolas Spanier
  • 1849 - 1861 Joh. Goergen
  • 1861 - 1884 Nik. Elinger
  • 1884 - 1885 Mathias Weydert
  • 1885 - 1914 Heinrich Fischer
  • 1915 - 1918 Henri Robert
  • 1919 - 1920 Thédore Molling
  • 1920 - 1932 Nikolaus Fisch
  • 1932 - 1963: Auguste Kayl
  • 1964 - 1969: Jos Hoss
  • 1970 - 1975: Edmond Klensch
  • 1976 - 1983: Jos Rennel (gestuerwe bei engem Accident)
  • 1984 - 1991: Jos Gengler
  • 1991 - 1999: Jos Ruppert (virgezunnen Neiwalen 1991)
  • 2000 - 2004: John Rennel (Neibildung vum Schäfferot no engem Mësstrauensvott)
  • 2004 - 2008: Jean Terens (Demissioun am Februar 2008)
  • 2008 - 2020: Louis Oberhag (no den Neiwalen am September 2008; Récktrëtt Juni 2020[2])
  • 2020 - 2022: Thomas Wolter
Déi zukünfteg Märei.

Fusioun[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2018 gouf et Pläng datt d'Gemeng Waldbriedemes mat där vu Bous kéint fusionéieren. De Referendum dozou, deen den 3. Abrëll 2022 an den zwou Gemengen organiséiert gouf, ass positiv ausgaangen, mat 73,6 Prozent vun de Wieler zu Waldbriedemes, déi dofir gewielt hunn (zu Bous waren et der 56,8 Prozent)[3]. Dat fréiert Paschtoueschhaus vu Waldbriedemes soll déi nei Märei ginn.[4]. Eng Zäitche waren och d'Gemenge Réimech a Stadbriedemes intresséiert, fir bei där Fusioun matzemaachen;[5] doraus ass awer näischt ginn.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gemeng Bous-Waldbriedemes.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Coat of arms waldbredimus luxbrg.png Beschreiwung:
d'argent à deux sceptres doublement fleurdelisés de sable posés en sautoir, à la croix de gueueles brochant chargés d'une croix ancrée d'or
D.C. 2. Mäerz 1982 - A.M. 9. Juni 1983 - Mémorial B 1983, Säit 722 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1981
De Wopen ass a véier gedeelt well d'Gemeng fréier zum Besëtz vu véier Kléischter gehéiert huet an zwar Sankt Maximin vun Tréier, Mäjendall, Mënster a Bouneweg. Dat gëllent Ankerkräiz op rout kënnt aus de Wope vun den Häre vu Buerschent a vu Pëtten déi Geriichtshären zu Waldbriedemes waren. Déi gekräizt Zepteren kommen aus dem Wope vun der Famill de Wiltheim där déi verschidden Uerschaften an der Gemeng gehéiert hunn. D'Gemeng Waldbriedemes huet zu den éischte Gemenge gehéiert déi am Ufank vum 19. Joerhonnert gegrënnt goufen.

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Waldbriedemes ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Waldbriedemes

Veräiner[änneren | Quelltext änneren]

  • De Gesangveräin Caecilia Waldbriedemes e renge Kierchechouer, deen den 10. Februar 1903 gegrënnt gouf.
  • Eng nei Uergel fir an d'Kierch vu Waldbriedemes a.s.b.l..
  • D'Chorale St. Cécile Trënteng e renge Kierchechouer
  • D'Trëntenger Musek

Gemengeblat[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemengeblat vu Waldbriedemes heescht Nouvellen aus eiser Gemeng an ass a PDF ze liesen an erofzelueden.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Hundert Jahre Pfarrei Und Pfarrkirche Von Trintingen : 1854-1954 : 12. Dezember 1954. S.l.: [s.n.], 1954. Print. Referenz op a-z.lu

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Waldbriedemes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Gekuckt de(n) 21.07.2020.
  2. "Waldbredimus: Bürgermeister tritt zurück." wort.lu, 26. Juni 2020.
  3. "Gemenge Bous a Waldbriedemes: 'Jo' zur Fusioun." rtl.lu 03.04.2022.
  4. "Gemeindefusion: Bous und Waldbredimus holen Bürger ins Boot." wort.lu, 28.05.2021
  5. "Remich steigt in Gespräche zu "Mega-Fusion" ein." wort.lu, 23.11.2018.