Nicolas Spanier

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Nicolas Spanier,[1] gebuer de 14. Februar 1811 zu Waldbriedemes[2], gestuerwen den 21. September 1875 an der Stad Lëtzebuerg am Alter vu 64 Joer,[3] war e lëtzebuergesche Mëller a Politiker.

De Mëller[änneren | Quelltext änneren]

De Nicolas Spanier war de Proprietär vun der fréierer Bannmille vu Waldbriedemes.

Hie war de Jong vum Nicolas Spanier senior (zirka 1734 Biwer -1813 Waldbriedemes), deen Ierfpächter vun der Bannmille vu Waldbriedemes war, an der Maria Amma(n) (*1773 Duelem), déi sech den 13. Januar 1800[4] bestuet haten. Nom Doud vun hirem Mann ass et der Maria Amman am Abrëll 1814 gegléckt, d'Laaschten, déi op der Mille louchen ofzeleeën a volle Proprietär vun der Millen ze ginn. Am September 1814 huet si sech fir zweet bestuet, an zwar mam Michel[5] Noesen. D'Koppel huet 1817 d'Wunnhaus an d'Millen ëmgebaut. D'Gebai hat elo 20 m op 10 m, mat engem Bannenhaff zur Säit vun der Kierch, an deem d'Millerad stoung.[2] De 4. Mee 1831 huet den Nicolas Spanier d'Elisabeth Fohl bestuet. D'Koppel hat eelef Kanner, déi all op der Mille gebuer goufen.[2]

De Buergermeeschter[änneren | Quelltext änneren]

Den 29. Dezember 1843 ass den Nicolas Spanier Buergermeeschter vun der Gemeng Waldbriedemes genannt ginn.[6] An där Funktioun huet hien dofir gesuergt, datt déi prachtvoll gotesch hëlze Statue vum hl. Celsus an dem hl. Georg, déi 1847 bei der Reparatur vum Daach vun der Kierch iwwer dem Kiercheverwëllef fonnt goufen, an de Musée vun der archeologescher Gesellschaft an der Stad koumen.[7]

Den Deputéierten[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Wale vum 28. September 1848 ass hien als Vertrieder vum Kanton Réimech an d'Chamber gewielt ginn, zesumme mat dem Pierre Ernest Dams, dem Charles Théodore André an dem Dr. Guillaume Velter.[8] Säi Mandat goung vum 3. Oktober 1848 bis de 15. Mee 1854.[9] Den Nicolas Spanier war ee vun deenen Deputéierten, déi 1848 Lëtzebuergesch an der Chamber geschwat hunn.[10]

Den Nicolas Spanier, deen antiorangistesch a géint d'Groussgrondbesëtzer vun der Musel war,[11] ass de Mitock[10][11] aus dem Dicks sengem Vulleparlament am Gréngewald (1848).[12] Do heescht et:[11]

De Miitock jeitzt: “Kèng Steire méh,
Kéng Schóll, kee Weirecht, kèng Schossé,
Kèng Mären, (bis),
A fort mat allen Herren!”[13]

A moderner Schreifweis:

De Mitock jäizt: “Keng Steire [Steiere] méi,
Keng Schoul, kee Wäirecht [eng Steier um Wäin], keng Chaussée,
Keng Mairen [Buergermeeschteren],
A fort mat allen Hären!”

D'Spottlidd huet an der Chamber fir vill Opreegung gesuergt. Zwéin Deeg no senger Publikatioun, de 7. November 1848, hunn den Nicolas Spanier an de Charles Théodore André d'Regierung, un där hirer Spëtz dem Dicks säi Papp, den Théodore de la Fontaine, stoung, doriwwer interpelléiert.[14] No den animéierten Diskussioune vum 7. an 8. November an dem Ofstëmmen iwwer d'Vertrauensfro, dat den 8. November mat nëmmen enger eenzeger Stëmm Majoritéit fir d'Regierung ausgoung, huet dës deen aneren Dag, den 9. November, hir Demissioun ugekënnegt.[15]

Den Dicks huet awer nach eng Schëpp no geheit an de 15. November 1848 am “Volksfreund” e “Schattenkabinett” publizéiert, wou en am Géck proposéiert huet, dem Nicolas Spanier de Ressort vun den “Travaux publiques” unzevertrauen.[16]

D'Kanner[änneren | Quelltext änneren]

Vun dem Nicolas Spanier sengen eelef Kanner sinn der fënnef jonk gestuerwen. Eent vun den iwwerliewende Kanner, d'Marie (*1837), huet 1869 sech mam Jean Genson vu Schëtter bestuet an d'Haus verlooss.[17] Déi aner Geschwëster hu sech net bestuet a sinn am Betrib bliwwen, dee si nom Doud vum Nicolas Spanier zesumme weidergefouert hunn.[2]

D'Kräiz am Haff[änneren | Quelltext änneren]

Weekräiz dat vum Nikolaus Spanier soll opgeriicht gi sinn

Als Kuriositéit kann een e stengent Weekräiz ernimmen, dat am Haff vun der fréierer Bannmille vu Waldbriedemes steet. D'Kappstéck vum Kräiz weist d'Kräizegung vu Christus, an d'Sail de Kleeschen mat de Kanner an der Biddchen. Dat Kräiz hunn de Michel Noesen an d'Maria Amman opriichte gelooss, mä de Sockel dréit eng Opschrëft, no där et 1818 vum Nikolaus Spanier opgeriicht gi wier. Wat kuriéis ass, well den Nicolas Spanier senior war do scho fënnef Joer laang dout a säi Jong, de spéideren Deputéierten Nicolas Spanier, war dunn eréischt siwe Joer al.[18]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Calmes, A., 1982. La révolution de 1848 au Luxembourg. 2e édition. Imprim. Saint-Paul, Luxembourg, 301 S.
  • Erpelding, E. 1983. Die Mühlen von Waldbredimus. In: Chorale Caecilia Waldbredimus: 80e anniversaire et inauguration du drapeau. Luxembourg, S. 59-69.
  • Goetzinger G. et al., 2009. Ech sinn e groussen Hexemeeschter: Dicks, 1823-1891 : Ausstellung und Katalog. Centre national de littérature, Mersch, 275 S.
  • Jung, J., 2010. Nicolas Spanier : Abgeordneter aus Waldbredimus. In: Nouvellen aus eiser Gemeng, Nr. 34 (September 2010), S. 27-28, Administration communale de Waldbredimus. [9]
  • Koenig, A., 1918. Geschichte des Ortes und der Pfarrei Waldbredimus. Linden & Hansen, Luxemburg, 111 S. (Sonderdruck aus: "Ons Hémecht" 1916-1918).
  • Koenig, A., 1921. Die Kirche von Waldbredimus. Druckerei N. Neuens, Esch-Alzette, S. 15 S. (Sonderdruck aus: Ons Hémecht 1921, S. 37-45, 49-56).
  • Luxemburger Wort, 1948. Das Steinkreuz im Hof der ehemaligen Bannmühle von Waldbredimus. Luxemburger Wort 1948, Nr. 356 (21. Dezember), S. 5. [10]
  • Maack, M.,1991, Geschichten und Anekdoten aus Waldbredimus (I): Dicks kannte den Deputierten Nikolaus Spanier. Tageblatt 1991, Nr. 195 (26. August), S. 11.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Beim Albert Calmes (1982, S. 246) an am Buch La Chambre des Députés: histoire et lieux de travail (N. Als & R.L. Philippart, 1994, S. 528) steet “Mathias Spanier" amplaz “Nicolas Spanier”.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Erpelding 1983, S. 66-67.
  3. Luxemburger Wort 1875, Nr. 222 (22. September), S. 2. [1] Den Nicolas Spanier gouf den 23. September 1875 zu Waldbriedemes begruewen.
  4. Luxemburger Wort 1948, Nr. 356.
  5. De Koenig (1918), S. 92, an de Maack (1991) ginn de Virnumm "Mathias" un.
  6. Koenig 1918, S. 92.
  7. Koenig 1921, S. 9 an 10. Kuckt och: Um die Pfarrkirche von Waldbredimus. Luxemburger Wort 1948, Nr. 350 (15. Dezember), S. 5. [2]
  8. Noesen, P., 1949. Pierre Ernest Dams 1794-1855. In: Biographie Nationale du Pays de Luxembourg, t. 1, fasc. 2, S. 576-577. [3]
  9. Koenig 1918.
  10. 10,0 10,1 Dichter und Bauer. Luxemburger Wort 1944, Nr. 88/89, (9. Dezember), S. 3. [4] Kuckt och: Luxemburger Wort 1948, Nr. 86 (7. Dezember), S. 1. [5]; Luxemburger Wort 1848, Nr. 70 (15. Oktober), S. 1 (Verhandlungen der Kammer : Sitzung vum 12. Oct.) [6] — Nieft dem Spanier huet an där Sitzung och den Henri Greisch “im vaterländischen Dialekte” geschwat.
  11. 11,0 11,1 11,2 Goetzinger et al. 2009, S. 57-59, 248.
  12. P. N.: Vor hundert Jahren : eine politische Satire. In: Die Warte 1948, 1. Jg., Nr. 8 (20. November), S. 3. [7]
  13. D'Vulleparlament am Gréngewald (ob d'Weis vun der Vullenhóchzeit). In: Der Volksfreund 1848, Nr. 79 (5. November).
  14. Calmes 1982, S. 248.
  15. Luxemburger Wort 1848, Nr. 80 (10. November), S. 1 (Rücktritt der Regierung). [8]
  16. Jung 2001.
  17. Erpelding 1983, S. 67. — Laut Maack (1991) hätt de Genson "Albert" (net Jean) geheescht a wier Schoulmeeschter gewiescht, an d'Koppel wier spéider an d'Stad Lëtzebuerg geplënnert (beim Erpelding 1983, S. 67, heescht et, d'Marie hätt a Loutrengen gelieft). — Beim Maack (1991) geet och nach Rieds vun enger Duechter, déi "Amelie" geheescht hätt an zu Charmes an de Vogesen am Klouschter [sœurs de la Doctrine chrétienne, dites Vatelottes] gewiescht wier an do als Schoulschwester geschafft hätt. Deen Numm ass beim Erpelding (1983) net ze fannen, grad sou mann wéi de "Pir", deen de Maack (1991) ernimmt.
  18. Kuckt och: Koenig 1921, S. 14-15; Friedrich, E., 1983. Waldbredimuser Vergangenheit. In: Chorale Caecilia Waldbredimus: 80e anniversaire et inauguration du drapeau. Luxembourg, S. 52 (D'Kräiz am Haff ).