Weekräiz

Vu Wikipedia
Weekräiz vis-à-vis vun der Kierch zu Welleschten
Weekräiz laanscht d'N8 vu Sëll op Bruch.

E Weekräiz ass e Kräiz dat u Weekräizungen, op engem Wee oder enger Strooss, um Feld oder am Bësch stoe kann. Et kann aus verschiddene Materialer sinn, wéi Steen, Holz oder Metall.

Si stamen aus de vergaangene Joerhonnerten a sinn Ausdrock vun der Volleksfrëmmegkeet. Dacks ass eng Joreszuel an/oder eng Opschrëft ze gesinn. Verschidde Weekräizer goufen zum Schutz géint d'Witterung an eng Weekapell gesat.

Zu Lëtzebuerg gëtt et virun allem Weekräizer aus Steen, déi d'Form vun enger rechteckeger Sail hunn, mat uewendrop engem méi breede Kappstéck, op deem eng Kräizegungszeen duergestallt ass. Op der Sail ass och muenchmol e Relief vun engem Hellegen oder et sinn aner Dekoratiounen ze fannen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Weekräizer zu Lëtzebuerg.

En ettlech goufen opgeriicht fir un en Evenement dat op där Plaz war, z'erënneren, z. B. en Accident mat Doudesfolleg, e Krichsevenement, oder fir u besonnesch Persounen dacks Zaldoten oder Resistenzler z'erënneren déi op där Plaz gefall waren oder ermuert goufen.

Klassifizéierung[änneren | Quelltext änneren]

Nom Ursprongsgrond[änneren | Quelltext änneren]

  • Béisserkräiz
  • Gediechtneskräiz
  • Votivkräiz
  • Grenzkräiz
  • Geriichtskräiz
  • Statiounskräiz

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Norbert Weins, 1982: Auf Wegkreuzfahrt durch das Großherzogtum Band I, Imprimerie Centrale, Luxembourg, 125 S.
  • Norbert Weins, 1982: Auf Wegkreuzfahrt durch das Großherzogtum Band II, Imprimerie Centrale, Luxembourg, 149 S.
  • Norbert Weins, 1983: Auf Wegkreuzfahrt durch das Großherzogtum Band III, Imprimerie Centrale, Luxembourg, 146 S.
  • Norbert Weins, 1983: Auf Wegkreuzfahrt durch das Großherzogtum Band IV, Imprimerie Centrale, Luxembourg, 128 S.
  • Norbert Weins, 1984: Auf Wegkreuzfahrt durch das Großherzogtum Band V, Imprimerie Centrale, Luxembourg, 164 S.
  • Norbert Weins, 1984: Auf Wegkreuzfahrt durch das Großherzogtum Ergänzungsband, Imprimerie Centrale, Luxembourg, 123 S.
  • Joseph Hirsch, 1992: Die Wegkreuze des Kantons Mersch, Beiheft zu Hémecht, Impr. St. Paul, ISBN 2-87963-166-1
  • Serge Frantzen, 2016: Wegkreuze der Gemeinde Frisingen, Impr. Kräizbierg, ISBN 978-99959-794-1-6

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Weekräizer – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Weekräizer zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien