Interkommunal Syndikater zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

En Interkommunale Syndikat oder Gemengesyndikat ass en Etablissement vun ëffentlechem Recht fir d'Zesummenaarbecht vu Gemengen, dat Gemengen zesummeschléisst fir gemeinsam Wierker oder Intressen ze realiséieren.

Gesetz[änneren | Quelltext änneren]

D'Gesetz vum 14. Februar 1900 iwwer d'Gemengesyndikater gesäit a sengem éischten Artikel d'Aféiere vu Gemengesyndikater fir, fir datt déi gemeinsam Wierker kënne realiséieren.

Dës Syndikater gi gegrënnt op Virschlag vun de betraffene Gemengeréit a ginn dann ugeholl duerch en Arrêté Grand-ducal op Avis vum Staatsrot.

D'Verwaltung vu sou engem Syndikat gëtt vun engem Comité gemaach an deem normalerweis all ugeschlosse Gemeng duerch een oder méi Delegéierte representéiert ass.

Dës Delegéiert gi vum Gemengerot ernannt a ginn ënner de Membere vum Gemengerot erausgesicht.

Am Prinzip gëtt d'Comptabilitéit vun de Syndikater no deselwechte Regele gefouert wéi déi vun de Gemengen.

Den zoustännege Minister kann awer och, op Ufro hin, de Syndikater erlaben hir Comptabilitéit no de Regele vun der Comptabilitéit vun de Geschäftsbetriber ze féieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater
Am Haff | Billek | CM-Nord | C.N.I. "Les Thermes" | DEA | FILANO | HIS | Pimodi | PRO-SUD | Réidener Kanton | SEC | SESE | SIACH | SICEC | SICONA-Centre |Syndicat Mullerthal | SESF | SICONA-Ouest | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDOR | SIGI | SIKOR | STEP | SYVICOL | SOINS-MEDERNACH | SICLER | École Heiderscheid | SEBES | SISPOLO | TICE | SES | ZARE