Syndicat pour l'aménagement et la gestion du parc naturel de l'Our

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Syndicat pour l'aménagement et la gestion du parc naturel de l'Our
Secteur Naturpark
Leedung Emile Eicher
Verwaltungssëtz Housen
Membergemengen Ëlwen, Kiischpelt, Klierf, Parc Housen, Pëtschent, Tandel, Veianen
Gegrënnt 15. Juni 2005


De Syndicat pour l'aménagement et la gestion du parc naturel de l'Our, kuerz Parc Naturel de l'Our, ass en interkommunale Syndikat dee sech ëm den Amenagement an d'Gestioun vum Naturpark Our bekëmmert.

Entwécklung vun de Membergemenge vum Syndikat:[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Grënnung 2005 waren nieft dem Lëtzebuerger Staat follgend 12 Gemenge Member vum Syndikat: Baastenduerf, Ëlwen, Klierf, Konstem, Furen, Hengescht, Houschent, Housen, Munzen, Pëtschent, Veianen a Wëlwerwolz.

2004 hunn d'Gemenge Baastenduerf a Furen fusionéiert an den neie Member vum Syndikat gouf d'Gemeng Tandel. 2005 ass d'Gemeng Wëlwerwolz an déi nei Gemeng Kiischpelt integréiert ginn an 2011 ass den neie Member Gemeng Parc Housen aus de fréieren Gemengen Konstem, Hengescht, an Housen entstanen. Zousätzlech koum 2016 d'Gemeng Wëntger an de Syndikat derbäi[1].De President vum Syndikat ass den Emile Eicher, Buergermeeschter vun der Gemeng Klierf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Duerch Groussherzoglechen Arrêté vum 10. August 1992 gouf de Syndicat intercommunal de la vallée de l'Our, kuerz SIVOUR, gegrënnt. Matgrënner nieft dem Lëtzebuerger Staat waren déi fënnef Gemengen Hengescht, Housen, Pëtschent, Veianen a Wäiswampech. Den Zweck vum Syndikat war fir den Ourdall opzewäerten an z'entwéckelen[2].

Mat Baastenduerf, Konstem, Furen, Houschent a Munzen sinn 1995 fënnef weider Gemenge Member am Syndikat ginn[3]. 1998 goufen zousätzlech déi dräi Gemenge Klierf, Ëlwen a Wëlwerwolz an de Syndikat opgeholl[4]. Verschidde vun deene Gemengen hunn an der Tëschenzäit fusionéiert.

Nodeem 2005 den Naturpark Our duerch e groussherzoglecht Reglement offiziell als Naturpark unerkannt gouf, koum et dat selwecht Joer zur Grënnung vum Syndicat pour l'aménagement et la gestion du parc naturel de l'Our, kuerz Parc naturel de l'Our[5]. De SIVOUR gouf de 4. September 2012 opgeléist[6].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 10 juin 2016 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat intercommunal pour l'aménagement et la gestion du Parc Naturel de l'Our, en abrégé «Parc naturel de l'Our». legilux.public.lu (15.07.2016). Gekuckt de(n) 07.08.2020.
  2. Arrêté grand-ducal du 10 août 1992 autorisant la création du syndicat intercommunal de la Vallée de l'Our. legilux.public.lu (03.09.1992). Gekuckt de(n) 06.08.2020.
  3. Arrêté grand-ducal du 13 février 1995..., publizéiert am Mémorial B Nr 15 vum 13. Mäerz 1995, S. 414
  4. Arrêté grand-ducal du 27 février 1998 autorisant l'admission des communes de Clervaux, Troisvierges et Wilwerwiltz au syndicat intercommunal de la Vallée de l'Our (SIVOUR), publizéiert am Mémorial B Nr 18 vum 31. Mäerz 1998, S. 292
  5. Arrêté grand-ducal du 15 juin 2005 autorisant la création du Syndicat pour l'aménagement et la gestion du Parc Naturel de l'Our, en abrégé Parc Naturel de l'Our. legilux.public.lu (08.07.2005). Gekuckt de(n) 06.08.2020.
  6. Arrêté grand-ducal du 4 septembre 2012 autorisant la dissolution du syndicat intercommunal de la vallée de l'Our, en abrégé «SIVOUR». legilux.public.lu (28.09.2012). Gekuckt de(n) 06.08.2020.
Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW