Gemeng Klierf

Vu Wikipedia
Klierf
d'Klierfer Schlass, Sëtz vun der Gemengeverwaltung
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Clervaux
de: Klerf
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Chef-lieu Klierf
Buergermeeschter Georges Keipes
Awunner 5.223
  01.01.2018
Fläch 8.560,96 ha
Héicht 521 m
Koordinaten 50° 03’ 17’’ N
      06° 01’ 46’’ O
LAU-Code LU0501
Websäit http://www.clervaux.lu/
D'Gemeng Klierf (orange)
am Kanton Klierf (rout)

D'Gemeng Klierf (fir d'Awunner Cliärref) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Klierf an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Stad Klierf vun där se och hiren Numm huet.

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1][änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften an der fréierer Gemeng Klierf:

Uertschaften an der fréierer Gemeng Hengescht:

Uertschaften an der fréierer Gemeng Munzen:

Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Klierf:

Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Hengescht:

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Entwécklung vun der Awunnerzuel virun der Gemengefusioun[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Gemengefusioun 2012[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2002 hunn d'Schäfferéit vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen sech bei deem deemolegen Inneminister Michel Wolter fir eng méi enk Zesummenaarbecht staark gemaach. De 4. Mee 2006 hunn déi dräi Schäfferéit dem Inneminister hir Absicht matgedeelt fir ze fusionéieren. Doropshi gouf zesumme mam Inneministère en Investitiounsprogramm op d'Bee gesat, deen am Kader vun der Fusioun soll ëmgesat ginn. Et gouf en Informatiounsdokument fir d'Bevëlkerung erstallt, an de Fusiounsprojet gouf de 25. September 2008 a Presenz vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf de Leit aus den dräi betraffene Gemengen zu Klierf virgestallt.

Den 12. Oktober 2008 ass an deenen dräi Gemengen e Referendum organiséiert ginn, an dee Referendum ass och zu Gonschte vun där Fusioun ausgaangen. D'Gemengeréit vu Klierf, Hengescht a Munzen hu sech Enn 2008 definitiv fir déi geplangt Fusioun ausgeschwat an hunn enger entspriechender Konventioun mam Lëtzebuerger Staat zougestëmmt. Dës Konventioun gouf de 16. Januar 2009 vun de betraffene Regierungsmemberen ënnerschriwwen.

De 17. Februar 2009 huet den Inneminister de Gesetzesprojet iwwer déi geplangt Fusioun an der Chamber deposéiert. De Staatsrot huet säin Avis den 21. Abrëll 2009 ginn, an d'Gesetz iwwer d'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen ass de 7. Mee 2009 eestëmmeg an der Chamber guttgeheescht ginn.

D'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen zu enger neier Gemeng mam Numm Gemeng Klierf ass de 5. Dezember 2011 rechtsgülteg gi wéi deen nei gewielte Gemengerot no de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 vum Buergermeeschter Emile Eicher vereedegt gouf. De Buergermeeschter an déi dräi Schäffe goufe schonn de 24. November 2011 vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf vereedegt a waren domat am Amt.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

2017 gouf bei de Gemengewalen an der Gemeng Klierf eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt; de Gemengerot setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

D'CSV krut dobäi déi absolut Majoritéit a stellt de Schäfferot.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Joer ADR Biergerl. CSV DP gréng PPL
2017 0 1 6 2 2 0
2023 1 4 3 2 1 -

Biergerl.: Biergerlëst Gemeng Cliärref

Quell: elections.lu

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

  • 1844 - 1846: François Julien Arendt[2][3]
  • ...
  • 1862 - ?? : Jacques Ensch[4]
  • ...
  • 1895 - 1917: Émile Prüm
  • 1918 - 1921: Johann Peter Jonas
  • 1921 - 1927: Albert Schiltz
  • 1927 - 1934: Nicolas Fogen
  • 1935 - 1941: Joseph Kratzenberg
  • 1945: Georges Wagner
  • 1946 - 1963: Jean Peusch
  • 1964 - 1969: Georges Wagner
  • 1970 - 1975: Bernard Dedoyard
  • 1976 - 1987: Michel Wehrhausen
  • 1988 - 1999: Aloyse Nosbusch
  • 2000 - 11.2005: François Stephany
  • 11.2005 - 02.2007: Guillaume Oestreicher
  • 02.2007 - 11.2011: Yves Arend (CSV)
  • 11.2011 - 06.2023: Emile Eicher (CSV)
  • zanter 07.2023: Georges Keipes (Biergerlëst)[5]

Schoulinfrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

D'Kanner vun der Gemeng Klierf ginn an d'Grondschoul zu Reiler.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Klierf ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Jumelage[änneren | Quelltext änneren]

Perséinlechkeeten aus der Gemeng Klierf[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Klierf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Arrêté royal grand-ducal du 29 décembre 1843, N° 2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché. am Memorial N°3 vun 1844 op legilux.public.lu
  3. Arrêté royal grand-ducal du 1er novembre 1846, N° 2041, accordant au sieur Franç.-Julien Arendt démission honorable de ses fonctions de bourgmestre de la commune de Clervaux. am Memorial N°60 vun 1846 op legilux.public.lu
  4. Nominatioun am Memorial
  5. "Rückschlag für Emile Eicher: In Clerf ist Georges Keipes bereit für den Bürgermeisterposte." wort.lu, 12.06.2023.