Op den Inhalt sprangen

Draufelt

Vu Wikipedia
Draufelt
Vue op den ënneschten Deel vun Draufelt
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Drauffelt
de: Drauffelt
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Klierf
Buergermeeschter Georges Keipes
Awunner 253
  1. Januar 2023
Fläch 316,81 ha
Héicht 327 m
Koordinaten 50° 01’ 01’’ N
      06° 00’ 17’’ O
Draufelt aus der Loft
Vue op Drauffelt

Draufelt ass eng Uertschaft an der Gemeng Klierf. Bis de 5. Dezember 2011 huet Draufelt zu der fréierer Gemeng Munzen gehéiert.

Draufelt läit op der Linn 10 vun der Lëtzebuerger Eisebunn déi vun der Stad Lëtzebuerg iwwer Ettelbréck, Kautebaach a Klierf op Ëlwen a weider bis op Léck an der Belsch geet.

Stroosseverkéier

[änneren | Quelltext änneren]

Draufelt läit um CR325, dee vun Ierpeldeng bis op Klierf geet. Déi Strooss ass och d'Haaptstrooss, déi als Wëlzer Strooss duerch Draufelt geet. Do donieft gëtt et eng ganz Rei Gemengeweeër: Duerefwee, Schoulbireg, Eiseboonswee, A Gloden, Op der Insel, Millewee an Op der Léi.

D'Kanner vun Draufelt ginn an d'Grondschoul zu Reiler.

  • Hamen, Nico, 2015. Drauffelt im Januar 1945. "Deen nach dron denkt". Die Warte vum 22. Januar 2015, S. 13-15.
Commons: Draufelt – Biller, Videoen oder Audiodateien