Haupeschkierch zu Munzen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Munzen)
Kierch vu Munzen
Filialkierch vu Munzen (2003)

Filialkierch vu Munzen (2003)
Filialkierch vu Munzen (2003)
Uertschaft / Plaz Munzen
Par Clierf
Saint-Benoît
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Haupert
Koordinaten 50° 02’ 12.2’’ N
      05° 59’ 18.1’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Statu vun der Hl. Agatha

D'Haupeschkierch zu Munzen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Clierf Saint-Benoît, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Klierf gehéiert.

Se steet an der Duerefstrooss, dem CR326. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

D'Patréiner[änneren | Quelltext änneren]

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Haupert, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt. Niewepatréiner sinn den Hl. Jousef an déi Hl. Agatha.

Geschicht vun der Par[änneren | Quelltext änneren]

Vum Joer 986 un a bis zum Enn vum Mëttelalter war Munzen zesumme mat Housen eng eenzeg Par, awer mat zwou getrennte Verwaltungen.

D'Kierch vu Munzen war fréier d'Parkierch fir vill Dierfer, ënner anerem och fir d'Uertschaft Klierf. Ausser Klierf hu fréier nach dës Dierfer zu der Par Munzen gehéiert: Ischpelt, Reiler, Fëschbech a Grandsen (alle 4 haut Gemeng Klierf), Maarnech a Rueder.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der fréierer Par Munzen zu där ausser der Parkierch och nach d'Filialkierch vu Buckels an d'Filialkierch vun Näidsen gehéiert hunn.

D'Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Déi Munzer Kierch vu bannen; op der rietser Säit d'Klierfer Kapell
Am Chouer déi 2 Diere fir déi al Sakristei an de Klackentuerm, an d'Tabernakelnisch

Bei där haiteger Kierch handelt et sech ëm dat zweet Gebai, dat e romanesche Bau vu fréier ofgeléist huet. Sou wéi d'Kierch sech haut weist mat hire verschiddenen Deeler (Tuerm, Schëff, Säitekapell, Agangshal a Chouer), ass si d'Resultat vun enger Baugeschicht, déi sech iwwer eng ganz laang Zäit bis an d'Neizäit higezunn huet.

D'Kierch gëtt dominéiert vum 18 Meter héijen Tuerm, deem seng Mauren aus Schifersteng bestinn, déi een no baussen hi gesäit. Den Tuerm ass säitlech no Norden hin un de Chouer ugebaut an ass aus där eelster Bauperiod, déi ëm 1250 ugefaangen huet. Bis am Joer 1750 eng Sakristei un de Chouer ugebaut ginn ass, gouf den Tuerm als Sakristei benotzt.

Banne gëtt d'Kierch bestëmmt duerch d'Laanghaus dat aus engem eenzege Schëff mat dräi Jache besteet, grad wéi deem eckege Chouer, deen no Oste läit. Déi ursprénglech romanesch Architektur, déi ëm 1250 entstanen ass, gouf 1470 staark verännert. Beispiller heifir sinn d'Verwëllef mat Kräizrëpper oder de Chouer, deen e gutt Stéck méi héich gebaut gouf.

D'Verzierungen am Laanghaus beschränke sech op d'Schlusssteng vum Verwëllef, déi de Wope vun de Klierfer Grofe weisen. D'Schlusssteng am Chouer droe verschidde Wopen oder Biller.

Am Joer 1470 huet de Grof Friedrich II. vu Klierf riets um ieweschte Jach vum Laanghaus eng säitlech Kapell fir seng Famill ubaue gelooss, déi sougenannt Grofekapell oder Klierfer Kapell.

1699 ass d'Agangshal op der Westsäit gebaut ginn, an déi lescht Ännerunge goufe 1750 gemaach, wéi un de Chouer eng Sakristei ugebaut gouf.

Zu den eelsten Elementer vun der Munzer Parkierch gehéiert eng aus Stee gehaen Tabernakelnisch am Chouer.

D'Kierch gouf den 28. Dezember 1961 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

De Mobiliar[änneren | Quelltext änneren]

Dee barocken Héichaltor ass aus dem Joer 1705 a gouf zesumme mat deem rietse Säitenaltor vum Johann Tossing (= Toussaint) vu Baaschtnech, dat deemools nach zu Lëtzebuerg gehéiert huet, gebaut. De Johann Tosseng huet och d'Altär an de Kierche vun Housen an Aasselbuer gebaut, ganz am Stil vum Jean-Georges Scholtus (Kierche vu Pënsch a Beho (B)), deen och vu Baaschtnech war, an dee sou typesch fir d'Éislek gouf.

Den Héichaltor, an deen eppes méi spéit een Dréitabernakel agebaut gouf, weist de Patréiner vun der Munzer Kierch, den Hl. Haupert, als Bëschof mat sengem Attribut, engem Hirsch.

Un de Säite vum Héichaltor sinn hëlze Wänn mat Dieren, iwwer deenen op der lénkser Säit d'Helleg Catherine vun Alexandria steet, an op der rietser Säit d'Helleg Agatha vu Catania.

Den Héichaltor an der Kierch vu Munzen
D'Statu vum Hl. Haupert

De rietsen Niewenaltor mam hellege Jousef ass och aus dem Joer 1705, dee lénkse mat enger Statu vun der Muttergottes ass e puer Joerzéngte méi jonk. Déi schéi verzierte Kierchebänke sinn och aus dem 18. Joerhonnert. An den 1990er Joren allerdéngs goufen d'Knéibänken ewechgeholl.

An der Klierfer Kapell stinn eng Häerz-Jesu Statu an eng Schappeléisch-Muttergottes.

D'Fresken[änneren | Quelltext änneren]

D'Fresken an der Klierfer Kapell

Ganz wäertvoll sinn d'Fresken, déi 1948 an 1975 entdeckt a fräigeluecht goufen an aus dem spéide 15. Joerhonnert sinn. Am Laanghaus iwwer der Aganksdier ass ee monumentaalt Bild vum Gekräizegten, an am Verwëllef vun der Klierfer Kapell sinn déi 4 Liewewiesen aus der Apokalyps, als Symboler fir déi 4 Evangelisten.

D'Grafplacken[änneren | Quelltext änneren]

D'Grofe vu Klierf si wärend enger Zäit an der Klierfer Kapell begruewe ginn. Am Ganze fanne mer 6 Grafplacken aus der Zäit tëscht 1470 a 1602, si stinn haut laanscht d'Maueren.

D'Fënsteren[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1632 ass déi Klierfer Herrschaft op d'Famill de Lannoy iwwergaangen. D'Fënster an der Klierfer Kapell erënnert un d'Adelsfamillen Heu, Eltz an de Lannoy, déi Nofollger vun der Famill |Brandenburg goufen.

De Grafstee vun engem klenge Kand
D'Wope vun de Familljen Heu, Eltz an de Lannoy
D'Klierfer Kapell vu baussen

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Haupeschkierch zu Munzen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).