Kierch Buckels

Vu Wikipedia
Kierch vu Buckels
D'Kierch vu Buckels vu baussen (2006)

D'Kierch vu Buckels vu baussen (2006)
D'Kierch vu Buckels vu baussen (2006)
Uertschaft / Plaz Buckels
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Välten
Koordinaten 50° 0’ 41.7’’ N
      6° 3’ 5.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Buckelser Kierch ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Parc Housen gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Välten, deem säi Fest de 14. Februar gefeiert gëtt (Vältesdag).

Se steet op der Haaptstrooss, dem CR324.

D'Kierch vu Buckels steet zanter dem 26. Juli 1968 um Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Fréier hat Buckels keen eegene Kierfecht, an déi Doudeg sinn um Munzer Kierfecht begruewe ginn. D'Pressioun mat der Doudelued ass vu Buckels aus erof an den Näidser Gronn gaangen, fir déi aner Säit vun der Pënscherbaach erop op Munzen ze goen. Um Flouer op Schalper stoung beim décke Bam ee Weekräiz wou fir dee Verstuerwene gebiet gouf. De Wee vu Buckels op Munzen ass 3,5 km laang.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Munzen. Zur fréierer Par Munzen huet ausser der Filialkierch vu Buckels och nach d'Parkierch vu Munzen an d'Filialkierch vun Näidsen gehéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Buckels – Biller, Videoen oder Audiodateien