Kierch Näidsen
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vun Näidsen (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Näidsen | |||
Par | Parc Our Saint-Nicolas | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Lucie | |||
Baujoer | 1912 | |||
Koordinaten | 50° 01’ 43.2’’ N 06° 03’ 58.4’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch vun Näidsen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Parc Housen gehéiert.
D'Patréinesch vun der Kierch ass d'helleg Lucie, där hiert Fest den 13. Dezember gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellege Mathias, deem säi Fest de 24. Februar gefeiert gëtt.
Se steet op der Kräizung vun der Strooss An der Gaass, dem CR343, an der Strooss Iewescht Duerf.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Munzen, gouf awer grad wéi d'Kierch vu Buckels, déi och zur Munzer Par gehéiert huet, vun Housen aus verwalt. Zur fréierer Par Munzen huet ausser der Filialkierch vun Näidsen och nach d'Parkierch vu Munzen an d'Filialkierch vu Buckels gehéiert.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Erpelding, Émile: Die Kapelle von Neidhausen an De Cliärrwer Kanton - Jor 17 (1995), Nr. 1, S. 44-49
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Näidsen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Parc Our Saint-Nicolas
- D'Fënstere vun der Kierch vun Näidsen op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Kierch aus Südweste gesinn
-
D'Westsäit mam Agank