Kierch

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Kierch als Gebai. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Kierch (Homonymie).
D'Kierch zu Hëpperdang

Eng Kierch ass e sakraalt Gebai dat fir e Gotteskult gebraucht gëtt, an datt ënner der Konditioun datt et fir all déi Gleeweg vun deem Kult op ass. Éier e Gottesdéngscht an enger Kierch ka gehale ginn, muss se konsekréiert, oder wéinstens geseent sinn.

De kathoulesche Kierchebau[änneren | Quelltext änneren]

Grondrëss[änneren | Quelltext änneren]

Schematesche Plang vun enger Kierch mat der klassescher Architektur weist wéi se zënter den 1960er heefeg zu Lëtzebuerg ze fannen ass

D'Architektur vun de kathoulesche Kierchen huet am Laf vun der Zäit staark evoluéiert. Verschidden Elementer fënnt een awer bal an all Kierch erëm:

  • Den Aganksberäich déngt virun allem als Wandfang. Hei leien dacks Ziedelen aus déi iwwer d'Aktivitéiten an der Par informéieren.
  • D'Mëttel- oder Haaptschëff ass de Raum wou d'Still oder d'Bänke fir d'Leit stinn déi an d'Kierch kommen; fréier stoung dacks um Ufank vum Haaptschëff (also zum Aganksberäich hin) den Dafsteen, z. B. um Lampertsbierg oder um Belair.
  • Am Chouer stinn den Altor, den Ambo, zanter der Liturgiereform den Dafsteen an eventuell den Tabernakel (falls dësen net op enger Säit baussent vum Chouer steet). De Chouer ass meeschtens no Osten hi gedréit. Falls en hallefronnen Ofschloss vum Chouer existéiert, heescht dësen Apsis. Am Chouer vun Klouschter-, Abtei- a Kathedralkierche fënnt een dacks Ställercher, déi fir d'Stonnegebiet benotzt ginn.
  • D'Sakristei ass en Zëmmer nieft dem Chouer an dem déijéineg, déi enger liturgescher Feier virstinn oder dësen hëllefe sech kënne preparéieren.

A verschiddene Kierche gëtt et och nach:

  • D'Säiteschëff(er): si si parallel zum Haaptschëff; hei kënnen d'Leit zirkuléieren an hei stinn dacks Beichtstill.
  • Duerch e Querschëff kann eng Kierch d'Form vun engem Kräiz kréien; dëst war laang Zäit déi gewinnt Form vun de Kierchen.
  • De Chouerëmgang erméiglecht et, falls zwou Sakristeien do sinn, vun enger an déi aner ze kommen ouni missen duerch de Kiercheraum ze lafen.
  • Niewenaltär: a grousse kathoulesche Kierche gëtt et zousätzlech zum Haaptaltor och nach Niewenaltär.
  • En Duxall ass eng Zort Balcon iwwer dem Aganksberäich op deem eventuell eng Uergel steet an op deem e Kierchechouer ka Plaz huele fir ze sangen.

Geschicht vun der kathoulescher Kierchenarchitektur[änneren | Quelltext änneren]

Am 11. an am 12. Joerhonnert sinn déi éischt Kierchen a Westeuropa am romanesche Stil gebaut ginn. Ongeféier vum 13. bis zum 15. Joerhonnert, an deelweis aus der Romanik eraus, huet sech de gotesche Stil entwéckelt. Vu 1500 bis 1600 war de Renaissance-Stil predominant, éier de Barock an de Rokoko vun ongeféier 1600 bis 1750 populär waren. Wärend dem Historismus (Enn 18. Joerhonnert bis Ufank 20. Joerhonnert) goufen al Stiler erëm opgegraff. Zu Lëtzebuerg gëtt et eng grouss Zuel vun historistesche Kierchen, zum Beispill d'Mierscher Kierch (Neoklassizismus), d'Lampertsbierger Kierch (Neoromanik), d'Diddelenger Kierch an d'Escher Jousefskierch (Neogotik).

Modern Kierche goufen tëscht dem Ufank vum 20. Joerhonnert bis ongeféier 1960 gebaut. Hire Grondplang entsprécht nach deem uewe gewisenen, mä d'Architekturelementer sinn zäitgenëssesch, zum Beispill véiereckeg Fënsteren oder Glasbëtong. Beispiller zu Lëtzebuerg sinn d'Belairer Kierch an d'Kierch Esch-Grenz. An dës Epoch fält och de Bauhausstil, no deem zu Lëtzebuerg d'Jesuittekapell um Belair gebaut ass.

Nom 2. Vatikanesche Konzil (also vun 1965 un) an deem senger Liturgiereform gouf mat nei Formen experimentéiert a geschafft, wéi bei der Centser Kierch oder der Rued-Sirer Kierch.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierchen – Biller, Videoen oder Audiodateien