Stonnegebiet

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Stonnegebiet ass eng chrëschtlech Liturgie, déi siwemol am Dag stattfënnt (nom Psalm 119 "Siwemol am Dag sangen ech Däi Luef") a wärend där haaptsächlech Psalme gebiet ginn. Virun der Liturgiereform gouf et 8 Gebietszäiten, déi sech iwwer den Dag verdeelt hunn. Eng Gebietszäit gëtt och nach Hore genannt (vu lat. hora - Stonn) well se zu bestëmmten Dageszäiten ofgehale ginn.

D'Stonnegebiet gëtt et a follgende Konfessiounen: kathoulesch, orthodox, anglikanesch an och zanter dem 20. Joerhonnert an där protestantescher.

An deene meeschten Uerden gëtt d'Stonnegebiet oder en Deel dovun an der Gemeinschaft gebiet, och d'Diözesankleriker sinn verflicht fir d'Stonnegebiet ze bieden, awer och all Gleeweg kënnen sech deem uschléissen.

virun (ongeféier Auerzäit)    no der Liturgiereform
Laudes (virun der Prim)  Laudes (moies fréi)
Prim (6:00 Auer)  entfällt (ausser fir d'Kartaiser)
Terz (9:00 Auer)  Terz (9:00 Auer)    \
Sext (12:00 Auer)  Sext (12:00 Auer) -- oder zu drëtt am office du milieu du jour zesummegefaast
Non (15:00 Auer)  Non (15:00 Auer)   /
Vesper (18:00 Auer)  Vesper (18:00 Auer)
Komplet (21:00 Auer)  Komplet (21:00 Auer)
Vigil oder Matutin (an der Nuecht)   Lieshore (office des lectures, u keng Dageszäit méi gebonnen)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]