Kartaiser

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Kartaiser (op fr. chartreux) ass den Numm vun engem reliéisen Uerde vun der kathoulescher Kierch, dee vum hl. Bruno gegrënnt gouf, wéi hie sech 1084 mat sechs Compagnonen an de Massif de la Grande Chartreuse zeréckgezunn huet. Et handelt sech ëm en Eremitenuerden, d. h. Einsiidler déi zesummeliewen: jiddwereen huet en Haische fir sech mat engem Gaart. Déi Haisercher leie ronderëm e banneschten Haff, mam Kierfecht dran. D'Reegel vum Uerden ass ganz streng, si verbitt souzesoen all Gespréich an all Kontakt mat der Baussewelt. Déi meescht Zäit verbrengt e Kartaiser a sengem Haischen, just dräimol am Dag gesi se sech fir d'Gebiet an der Kierch a sonndes fir z'iessen, eemol an der Woch maache se och e Spadséiergank mateneen.

An engem Klouschter (enger Chartreuse) liewen dräi Zorte Kartaiser:

  • Pateren
  • Bridder
  • Donaten

Et gëtt och Kartaiseruerde fir Fraen.

D'Pateren aus dem Haaptklouschter (Grande Chartreuse am franséischen Departement Isère) liwweren d'Kraider fir d'Produktioun vum Likör mam Numm Chartreuse.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Carthusian monasteries – Biller, Videoen oder Audiodateien