Op den Inhalt sprangen

Departement Isère

Vu Wikipedia
Isère (38)
RegiounAuvergne-Rhône-Alpes
PrefectureGrenobel
ËnnerprefectureLa Tour-du-Pin
Vienne
Bevëlkerung1 172 000 Aw.(2005)
Fläch7 431 km²
Arrondissementer3
Kantonen58
Gemengen533

D'Departement Isère ass dat franséischt Departement mat der Uerdnungsnummer 38. Et läit an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes am Südoste vu Frankräich an huet den Numm vum Floss Isère.

D'Awunner vum Departement ginn „Isérois“ genannt.

D'Departement Isère grenzt un d'Departementer Rhône, Ain, Savoie, Hautes-Alpes, Drôme, Ardèche a Loire.

D'Departement Isère gouf de 4. Mäerz 1790 gegrënnt, opgrond vum Gesetz vum 22. Dezember 1789. Et ass en Deel vun der fréierer franséischer Provënz Dauphiné. De Grenzverlaf mam Departement Rhône gouf e puermol geännert (1852, 1967 an 1971) wouduerch d'Isère 421 km² a 466 000 Awunner verluer huet.

De „Conseil général“ vun der Isère gëtt momentan presidéiert vum André Vallini (PS).
D'Departement ass an 13 Deeler opgedeelt mat enger „Maison du conseil général“ an all Deel, wou den Awunner d'Servicer vum Conseil Général ugebuede ginn:

Verwaltungsënnerdeelung

[änneren | Quelltext änneren]
Arrondissement Awunner (1999) Fläch (km²) Bevëlkerungsdicht Kantonen Gemengen
Grenobel 696.326471514839297
La Tour-du-Pin 212.987147914411137
Vienne 184.6931237149899

An der Isère sinn e sëllege Wantersportstatiounen, wéi Alpe d'Huez, Chamrousse, les Deux Alpes, Villard-de-Lans, Les 7 laux, Autrans asw.

D'Vollekszielung vum 8. Mäerz 1999 verréit datt 10,2 % vun de Wunnenge vum Departement als „résidence secondaire“ benotzt ginn an deemno nëmme geleeëntlech bewunnt sinn.

Wichtegst Stied

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Isère – Biller, Videoen oder Audiodateien