Op den Inhalt sprangen

Departement Charente-Maritime

Vu Wikipedia
Charente-Maritime (17)
Regioun Nei-Aquitaine
PrefectureLa Rochelle
ËnnerprefectureJonzac
Rochefort
Saintes
Saint-Jean-d'Angélie
Bevëlkerung557 024 Aw.(1999)
Fläch6 864 km²
Arrondissementer5
Kantonen51
Gemengen472

D'Charente-Maritime (17) ass e franséischt Departement, an der Regioun Nei-Aquitaine.

D'Departement gouf ënner der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790, wéi am Gesetz vum 22. Dezember 1789 virgesinn, gegrënnt, an zwar aus de fréiere Provënzen Aunis a Saintonge. Bis de 4. September 1941 huet d'Departement Charente inférieure geheescht.

D'Charente-Maritime grenzt un d'Departementer Gironde, Charente, Deux-Sèvres a Vendée.

Seng héchst Plaz ass op 173 Meter am Bois de Chantemerlière an der Gemeng Contré, am Nordoste vum Departement.

Zum Departement gehéieren d'Inselen Île d'Oléron, Île de Ré, Île d'Aix an d'Île Madame.

Véier Stréim fléissen duerch d'Departement a lafen an den Atlantik:

D'Haaptnieweflëss vun der Charente sinn d'Boutonne an d'Seugne.

Am Departement gëtt et vill Suppen a Mueren, vun deenen de Marais poitevin deen och zum Deel an den Departementer Deux-Sèvres a Vendée läit, mat der Abtei Saint-Maixent, dee bekanntsten ass.

Duerch d'Departement leeft d'TGV-Linn Poitiers - La Rochelle mat zwou Garen um Territoire vum Departement, an zwar zu La Rochelle an zu Surgères.

Un d'Stroossennetz ass d'Charente-Maritime ugeschloss iwwer d'Autobunn A10, déi vu Paräis iwwer Saintes op Bordeaux féiert, an d'A837, vu Saintes op Rochefort.

 Commons: Charente-Maritime – Biller, Videoen oder Audiodateien