Op den Inhalt sprangen

Departement Haute-Marne

Vu Wikipedia

D'Haute-Marne (52) ass e franséischt Departement an der Regioun Grand Est. Säin Numm huet et vun der Marne, déi do, um Plateau vu Langres, hir Quell huet.

Haute-Marne (52)
RegiounGrand Est
PrefectureChaumont
ËnnerprefectureLangres
Saint-Dizier
Bevëlkerung194.873 Aw.(1999)
Fläch6.211 km²
Arrondissementer3
Kantonen32
Gemengen432

D'Departement gouf ënner der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790, wéi am Gesetz vum 22. Dezember 1789 virgesinn, mat 83 aneren Departementer gegrënnt, an zwar aus Deeler vun der aler Provënze Champagne an Deeler vu Loutrengen, der Bourgogne an der Franche-Comté.

D'Haute-Marne ass en Deel vun der Regioun Grand Est. Se grenzt un d'Departementer Meuse, Vosges, Haute-Saône, Côte-d'Or, Aube a Marne.

Quell vun der Marne

D'Awunner ginn op Franséisch Haut-Marnais(es) genannt.

 Commons: Haute-Marne – Biller, Videoen oder Audiodateien