Departement Orne

Vu Wikipedia
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Departement Orne. Fir de Floss, kuckt wgl. Orne (Floss).
Orne (61)
Blason département fr Orne.svg
Regioun Blason region fr Normandie.svg Normandie
Prefecture Blason Alençon.svg Alençon
Ënnerprefecture Blason ville fr Argentan (Orne).svg Argentan
Blason ville fr Mortagne-au-Perche (Orne).svg Mortagne-au-Perche
Bevëlkerung 292 609 Aw.(2007)
Fläch 6 103 km²
Arrondissementer 3
Kantonen 40
Gemengen 505
Orne-Position.svg

D'Orne ass e franséischt Departement an der Regioun Basse-Normandie. Et huet säin Numm vum Floss Orne.

D'Orne ass ee vun den 83 franséischen Departementer déi de 4. Mäerz 1790 gegrënnt goufen. De gréissten Deel vum Territoire huet virdrun zum Herzogtum Normandie an dem Herzogtum Alençon gehéiert. De südëstlechen Deel koum vun der Grofschaft Perche.

Vu Juni 1815 bis November 1818 war d'Orne, no der Néierlag vum Napoleon, vu preiseschen Truppe besat.

Mat den Departementer Calvados a Manche gehéiert d'Orne zu der Regioun Normandie. Ronderëm leien de Calvados, am Westen d'Manche am Süden d'Mayenne an d'Sarthe (Pays de la Loire), am Südosten d'Eure-et-Loir (Centre) an am Nordosten d'Eure.

De Weste vum Departement ass en Deel vum Bocage normand. Den Zentrum ass flaacht Land, wou Fruucht ugbaut gëtt (d'Campagne d'Argentan an d'Campagne d'Alençon). Am Zentrum an am Nordoste bedeckt de südleche Pays d'Auge d'Departement. Am Nordosten ass de Pays d'Ouche deen an der Eure virugeet. Am Osten a Südosten erstreckt sech d'Perche mat senge Bëscher.

Et gëtt zwéi regional Naturparken: De Parc naturel régional du Perche an de Parc naturel régional Normandie-Maine. Héchste Punkt am Departement ass de Signal d'Écouves (417 m).

D'Orne ass bekannt fir seng Päerdsziichtereien.

Typesche Kascht vun do ass ë. a.:

an och verschidde Charcuterien (Träipen) a Patisserien.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Orne (department) – Biller, Videoen oder Audiodateien