Camembert

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Kéiszort Camembert. Fir d'Uertschaft, kuckt wgl. Camembert (Orne).
AOC Camembert de Normandie.

Camembert ass e Kéis aus Koumëllech, Geessemëllech, oder enger Mëschung dovun, dee bannendra mëll bis zéiflësseg ass an eng Kuuscht vu wäissem Edelschimmel huet.

E weit ronn 250 g, ass 3 cm déck an huet en Duerchmiesser vun 10 bis 11 cm.

De Camembert kënnt ursprénglech aus der Uertschaft Camembert an der Basse-Normandie. Traditionell gëtt en aus réier, d. h. net-pasteuriséierter Mëllech gemaach.

Nëmmen d'Appellatioun Camembert de Normandie ass eng Appellation d'origine contrôlée, d. h. Kéis, dee sou heescht, kënnt och vun do, a muss och aus réier Mëllech gemaach ginn. Kéis, dee just "Camembert" heescht, kann iwwerall gemaach ginn. Wann en op industrieller Basis produzéiert gëtt, ass d'Mëllech meeschtens pasteuriséiert, soss ka se réi sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Camembert – Biller, Videoen oder Audiodateien