Op den Inhalt sprangen

Kéis

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Haarde Kéis a verschiddene Maturitéitsstufen um Maart zu Basel.

Kéis ass e fest Mëllechprodukt, dat – mat wéinegen Ausnamen – duerch d'Féngen an d'Andéckse vum Eewäissundeel vun der Mëllech gewonne gëtt.

De Kéis gëtt zu de Grondliewensmëttele gerechent.

D'Kéisfabrikatioun

[änneren | Quelltext änneren]

Statistiken iwwer d'Kéisproduktioun, de Kéisexport an de Kéiskonsum an der Welt

[änneren | Quelltext änneren]

Um Weltniveau ass de Kéis ee vun den Haaptprodukter vun der Landwirtschaft. Der FAO no huet d'Kéisproduktioun an der Welt méi wéi 18 Milliounen Tonnen am Joer 2004 erreecht. Déi gréisst Kéisproduzente sinn d'USA, mat engem Undeel vu 30 %, virun Däitschland a Frankräich.

Déi gréisst Kéisproduzenten- 2004
(an 1.000 Tonnen)[1]
USA4 327
Däitschland1 929
Frankräich1 827
Italien1 102
Holland672
Polen535
Brasilien470
Egypten450
Australien373
Argentinien370

De gréissten Exportateur vu Kéis, a Geld ausgedréckt, ass Frankräich; den zweetgréissten Däitschland, dat awer quantitativ un éischter Plaz steet.

Haaptexportlänner vu Kéis(nëmme vu Kéis aus Mëllech) - 2004
(an 1.000 US-Dollar ausgedréckt)[2]
Frankräich2 658 441
Däitschland2 416 973
Holland2 099 353
Italien1 253 580
Dänemark1 122 761
Australien643 575
Neiséiland631 963
Belsch567,590
Irland445,240
Groussbritannien374,156
Déi gréisst Kéiskonsumenten - 2003
(A kg pro Awunner a Joer)[3]
Griicheland27,3
Frankräich24,0
Italien22.9
Schwäiz20,6
Däitschland20,2
Holland19,9
Éisträich19,5
Schweden17,9

Griicheland ass, mat engem duerchschnëttleche Konsum vu 27,3 kg pro Awunner, de weltgréisste Konsument vu Kéis, hei stellt de Feta 3/4 vum Konsum duer. Frankräich kënnt op d'zweet Plaz mat 24 kg op de Kapp.

Fotoalbum mat Kéissorten aus aller Welt

[änneren | Quelltext änneren]
  • (de) Iburg, Anne: Dumonts kleines Käse Lexikon. Herstellung, Herkunft, Sorten, Geschmack (Gebonnen Editioun), Mee 2004
  • (fr) Busso, Mario an Vischi, Carlo: Le livre des fromages de France: Fabrication & recettes (Gebonnen), November 2004
 Commons: Kéis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. USA Department of Agriculture fir d'USA an déi aner net-europäesch Länner an Eurostat fir d'europäesch Länner
  2. UN Food & Agriculture Organisation (FAO)
  3. CNIEL Archivéiert de 06.10.2007. Gekuckt de 27.09.2007.