Eurostat

Vu Wikipedia
Eurostat
Eurostat um Kierchbierg
Land Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Europäesch Kommissioun
Gegrënnt 1953
Um Spaweck http://ec.europa.eu/eurostat, https://ec.europa.eu/eurostat/fr/home, https://ec.europa.eu/eurostat/de/home

Eurostat (mam ganzen Titel op Franséisch: Office statistique européen, an dem Equivalent an den 23 aneren offiziellen EU-Sproochen; am interne Kommissiounsjargon DG ESTAT ofgekierzt) ass eng Generaldirektioun vun der Europäescher Kommissioun, déi hir Büroen um Kierchbierg, an der Stad Lëtzebuerg huet.

D'Haaptaufgabe vun Eurostat sinn et, den Institutioune vun der Europäescher Unioun statistesch Informatiounen bereetzestellen, an, als Grondlag dovun, d'statistesch Methoden an de EU-Memberlänner, de Bäitrëttskandidaten an den EFTA-Länner ze harmoniséieren, fir datt esou vergläichbar Daten entstinn. Dës Zesummenaarbecht geschitt am Kader vum sougenannten Europäesche Statistesche System. Eurostat erhieft selwer keng Daten, ma kritt déi vun de statisteschen Ämter vun de Memberlänner geliwwert.

Dës Zesummenaarbecht an Harmoniséierung erméiglecht et zum Beispill, datt d'Zuelen iwwer d'Aarbechtslosegkeet an deenen eenzele Länner no deene selwechte Krittären erhuewe ginn, a sou d'Tauxe kënne matenee verglach kann.

D'Büroe sinn am sougenannte "Bech"-Gebai, engem Deel vum Akafszentrum um Kierchbierg, mat Entrée an der Alphonse-Weicker-Strooss. Spéiderhi solle se, wéi vill aner Kommissiounsservicer, an dat neit Jean-Monnet-2-Gebai plënneren, wann dat bis fäerdeg ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.