Statistik

Vu Wikipedia

D'Statistik gëtt grondsätzlech an zwou Gruppen agedeelt:

  • Deskriptiv Statistik (Statistik déi eppes beschreift, empiresch Statistik), mat där graff Daten, an enger der Situatioun ugepasster Aart a Weis beschriwwen an zesummegefaasst ginn. Mat de Methode vun der deskriptiver Statistik kompriméiert ee quantitativ Daten zu Tabellen, graphesche Presentatiounen a Kennzuelen.
  • Induktiv Statistik (Statistik déi hir Schlëss aus eppes zitt, mathematesch Statistik), mat där een aus graffen Daten, déi aus enger Stéchprouf gewonne goufen, op eng verstoppte Struktur schléisst, déi deenen Daten zu Grond läit. D'Wahrscheinlechkeetstheorie liwwert d'Grondlage fir déi néideg Schätz- an Testverfaren.

D'induktiv Statistik an d'Wahrscheinlechkeetstheorie ginn ënner dem Begrëff Stochastik zesummegefaasst.

Mat déi éischt Betriber déi Statistiken a groussem Mooss ugeluecht hunn, waren d'Arméien. Fir déi war et ëmmer wichteg fir genee Zuelematerial zur Vefügung ze hunn. Se hunn d'Statistik och ausgenotzt fir Codéierungen z'entzifferen. Sou konnt d'Amerikanesch Arméi doduerch datt se genee den Takt vun de Morsezeeche vu verschiddene Funkeren notéiert huet, ëmmer feststellen wéini e Funker seng Plaz gewiesselt huet. Dat war nëmme méiglech duerch genee statistesch Wäerter, déi permanent matenee verglach goufen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Statistik – Biller, Videoen oder Audiodateien