Jean-Monnet-2-Gebai

Vu Wikipedia
Jean-Monnet-2-Gebai
Réibau (Feb. 2024)
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Kierchbierg
Strooss Boulevard Konrad-Adenauer
Koordinaten 49°37'28,322"N, 6°8'48,912"O
Proprietär Europäesch Kommissioun

D'Jean-Monnet-2-Gebai ass e Gebaikomplex an der Stad Lëtzebuerg, um Kierchbierg, um Boulevard Konrad-Adenauer, deen zanter 2018 am Gaang ass gebaut ze ginn (Stand: Sept. 2023). E besteet aus zwéi Gebaier: engem 8-stäckegen, 180 Meter laange Block mat enger Grondfläch vun 138.000 m2, an engem 24-stäckegen Tuerm mat enger Grondfläch vun 52.000 m2, déi um Rez-de-Chaussée an um 2. Stack matenee verbonne sinn. Et handelt sech ëm e Bürosgebai, dat vum Lëtzebuerger Staat fir d'Europäesch Kommissioun gebaut gëtt, fir dass déi do de Gros vun hirem Personal zu Lëtzebuerg ënnerzebrénge kannn. Eng Parti dovun huet virdrun am Jean-Monnet-Gebai geschafft, bis s'op verschidden Gebaier als Tëscheléisung verdeelt goufen, well dëst ofgerappt gouf an duerch en Neibau, eeben de Jean-Monnet-2, ersat gëtt. Am ganze sinn dodran 3.600 Aarbechtsplaze virgesinn.

D'Entwërf vum Jean-Monnet-2-Gebai si vu KSP Jürgen Engel Architekten. De Grondstee gouf de 4. Juni 2018 geluecht, mam Zil, dass d'Aarbechten am Februar 2023 (Block), resp. Februar 2024 (Tuerm) sollte fäerdeg sinn. Ë. a, duerch d'COVID-19-Pandemie koum et zu Verspéidungen, sou dass d'Ouverture op d'mannst ee Joer no hanne verréckelt gouf (Stand Sept. 2023).

Wéi säi Virgängergebai gouf et nom Jean Monnet genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]