COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Informatiounsdeplianten vum Lëtzebuerger Staat iwwer d'Pandemie 2020

D'COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg trëtt zënter Enn Februar 2020 als Deel vun der weltwäiter COVID-19-Pandemie op, déi am Dezember 2019 als Epidemie zu Wuhan, Provënz Hubei, Volleksrepublik China ugefaangen huet, an den 11. Mäerz 2020 offiziell vun der WHO als Pandemie erkläert gouf. D'Otemweeërkrankheet COVID-19 gëtt vum Virus SARS-CoV-2 aus der Grupp vun de Coronaviren (Coronaviridae) verursaacht. Déi lescht Pandemie war d'H1N1-Pandemie, déi sougenannt Schwéngspescht, an de Joren 2009/10.

D'COVID-19-Krankheet ass den 29. Februar 2020 fir d'éischt zu Lëtzebuerg nogewise ginn, wéi e 40 Joer ale Mann mam Fliger aus Norditalien iwwer de Fluchhafe Charleroi zréck op Lëtzebuerg koum a positiv op SARS-CoV-2 getest gouf.

D'Lëtzebuerger Regierung huet den 18. Mäerz 2020 den État de crise zu Lëtzebuerg ausgeruff[1][2], deen den 21. Mäerz vun der Chamber mat engem Gesetz op dräi Méint verlängert gouf[3].

De 7. Abrëll huet déi National Eethikkommissioun hir Positioun Repères éthiques essentiels lors de l'orientation des patients dans un contexte de limitation des ressources thérapeutiques disponibles due à la crise pandémique du COVID-19 verëffentlecht[4].

Bis zum 2 Juli 2020 waren 4395 Persoune mam Virus infizéiert. 110 Persounen hunn et net iwwerlieft. 4012 Persoune goufen als geheelt erkläert[5].

Lëtzebuerg gehéiert zu deene Länner, an deenen am Rapport zur Bevëlkerung am meeschten Tester gemaach ginn[6]. Lëtzebuerg huet och mat der Zuel vun Infizéierten op 1 Millioun Awunner héichgerechent den héchsten Taux an der Europäescher Unioun, a läit weltwäit ënner den top 5, hannert dem Vatikan, San Marino an Andorra[7]. Bei den Doudesaffer pro Awunnerzuel a beim Letalitéitstaux ass et genee ëmgedréint.


Virsiichtsmoossnamen[änneren | Quelltext änneren]

Coronavirus an déi Jonk.jpg
Raimlech/sozial Distanzéierung bremst déi weider Verbreedung vun engem Virus a schount d'Kapazitéit vum Gesondheetssystem

Moossnamen am Gesondheetswiesen[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Soziaalt Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d'Covid-19 Pandemie ass dat soziaalt Liewen zu Lëtzebuerg zum groussen Deel zesummegebrach[8][9] an dach sinn nei Weeër entstanen, déi versicht hunn dat soziaalt Zesummeliewen an der physescher Distanz z'erhalen:

  • D'Schoule si vum 16. Mäerz bis de 4. Mee (Premièresklassen), respektiv 25. Mee, zou bliwwen. Amplaz vun der normaler Schoul gouf Schoul doheem duerch den Unterrechtsministère agefouert[10].
  • Bis op de Liewensmëttelhandel hunn déi meescht Betriber a Geschäfter misse vum 16. Mäerz un zoubleiwen. Hiert Personal huet missen entweder am Homeoffice schaffen oder hire Patron Kuerzaarbecht fir si ufroen. Verschidden Eenzelhandelsgeschäfter sinn op online-Handel ëmgeklommen[11]. Eréischt no an no (kuckt ënnen d'Kapitel Deconfinement) hu se nees däerfen, ënner Sécherheetsoploen, opmaachen.
  • Den ëffentlechen Transport ass reduzéiert an deels agestallt ginn, absënns well manner Leit ënnerwee waren an och fir se sou dozou ze kréien, doheem ze bleiwen[12][13].
  • Evenementer, wou vill Leit zesumme komm wieren, wéi d'Schueberfouer[14], den ING Night Marathon[15], den Oktav-Mäertchen, d'Feierlechkeeten um Virowend vum Nationalfeierdag, den e-Lake festival, de Picadilly[16] oder d'Foire agricole[17], goufen ofgesot.
  • Theatervirstellungen a Concerte goufen, viraussiichtlech bis an den Hierscht, ofgesot. Dat kulturellt Liewen huet sech nei Weeër gesicht fir Kultur dach an enger Zäit, an där jiddereen doheem bleiwe soll, weider liewen ze loossen. Entstane sinn Initiative wéi "Live aus der Stuff"[18] a "Crazy Quarantine Sessions"[19] oder virtuell Concerten, wéi déi vum Cello Octet[20], der Militärmusek[21], dem OPL[22] oder dem Jugendchouer aus dem Escher Conservatoire[23]. Den David Ianni hat e Museksprojet fir d'Stad Ettelbréck geplangt. Wéinst Corona ass dunn doraus de Video Together entstanen mat ville Leit nom Motto #bleift doheem[24].
  • D'Stater Theateren hunn en neie Kanal #THEATERDOHEEM op YouTube opgemaach, op deem si vum 4. Abrëll un all Weekend Produktiounen aus hirem Repertoire weisen[25].
  • D'Nationalbibliothéik ass bis den 10. Mee zou bliwwen, mä huet mat reegelméissegen Aktualiséierungen op hir vill digital Ressourcë verwisen[26].
  • D'Muséeë sinn och bis den 10. Mee zou bliwwen an hunn iwwer déi Sozial Netzwierker versicht Presenz ze weisen.
  • D'Kathoulesch Kierch huet déi physesch Presenz an de Massen, an der Muttergottesoktav, bei der Iechternacher Sprangprëssessioun an aner Prëssessiounen ofgesot a goung op de Wee vum Livestream[27]. RTL huet als Beispill d'Reportage "OUSCHTEREN 2020: Paschtouer um Facebook zu Rouspert-Mompech" op der Tëlee gewisen[28].
  • D'Scoute vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn hir Bonne Action – Coronavirus op d'Bee gestallt[29] an d'FNEL hir Confinement Activities[30].
  • Vill Altersheemer a Fleegeheemer hu Visiokonferenzen tëschent hire Pensionären an der Famill organiséiert.
  • Ganz vill solidaresch Aktioune vu Veräiner, Gemengen, Entreprisen a Privatleit sinn entstanen[31].

Ekonomesch Konsequenzen[änneren | Quelltext änneren]

Déi ekonomesch Konsequenze vun der Pandemie hu mat sech bruecht, datt iwwer 5000 Betriber Chômage-Partiel fir iwwer 70000 Salariéen accordéiert kritt hunn. De Staat kascht déi finanziell Hëllef bal 150 Milliounen Euro (Stand: 6.4.2020)[32].

Den 10. Abrëll huet d'Regierung en Iwwerbléck vun hirem Programm zur Stabiliséierung vun der Ekonomie verëffentlecht[33].

De 14. Abrëll 2020 huet de Aarbechtsminister Dan Kersch an enger Pressekonferenz gesot, datt de Staat iwwer 370 Milliounen Euro deblockéiert hätt, fir Avancë vum Chômage partiel u Betriber ze bezuelen. Knapp 10.000 Betriber kruten de Chômage partiel fir d'Méint Mäerz an Abrëll accordéiert, domat wiere ronn 180.000 Paie bezuelt ginn[34].

Den 18. Abrëll huet d'Chamber, déi am Cercel zesumme koum, d'Covid-19 Garantiegesetz mat 58 Stëmmen an 2 Enthalungen ugeholl, datt de Staat bis zu 3 Milliarden Euro léine kann, fir d'Ekonomie ze ënnerstëtzen[35]. De Staat huet bis zum 18. Abrëll 440 Milliounen Euro un Avancen ausbezuelt un Entreprisen, déi Kuerzaarbecht ugefrot hunn.

Den 22. Abrëll huet de Staat en Emprunt vun 2,5 Mrd. Euro mat negativem Taux opgeholl fir d'Covid-Crise ze finanzéieren[36].

Tëschent dem 17. Februar an dem 9. Abrëll huet de Lëtzebuerger Staat 51 Milliounen Euro fir medezinesch Ausrëschtung, wéi déi 10 Beootmungsapparater, déi 4 Scanner, 29 Millioune Otemschutzmasken an 63000 Testkits an anert Material ausginn[37].

De Finanzministère rechent fir 2020 mat engem Defizit vun 5 Milliarden Euro. An de Statec rechent fir 2020 mat engem Rezessioun tëschent 6 an 12 Prozent[38][39].

Ronn 30000 Salariéen hunn de Congé pour raisons familiales ugefrot (Stand: 4. Mee 2020)[40].

D'Regierung chiffréiert de Mesurëpak, fir der Kris entgéintzewierken op elo schonns iwwer 10,4 Milliarden. Eleng wat d'Santé ugeet, hätt ee schonns 194 Milliounen € méi ausginn, wéi u sech budgetär virgesinn, beispillsweis fir medezinescht Material. Fir déi ganz Period, wou de Congé pour raisons familiales leeft, si ronn 226 Milliounen ageplangt. (Stand: 5. Mee 2020)[41]

Den 20. Mee hunn d'Ministeren Dan Kersch, François Bausch a Pierre Gramegna e Mesurëpak mam Numm Neistart Lëtzebuerg virgestallt, mat deem der Lëtzebuerger Ekonomie gehollef soll ginn, aus der sanitärer Kris eraus ze kommen. D'Regierung rechent mat zousätzlechen Onkäschte vu 700 bis 800 Milliounen Euro. Bis elo hätt d'Regierung mat engen 3 Milliarden Euro, also 5% vum PIB, d'Ekonomie ënnerstëtzt[42].

Deconfinement[änneren | Quelltext änneren]

Set mat 5 Mondschutz-Masken an engem Informatiounsblat fir all Awunner.

De 15. Abrëll huet d'Regierung de progressiven Deconfinement a verschiddene Phasen ugekënnegt[43]. D'Consigne sinn: Distanz vun 2 Meter anhalen an all déi aner Reegele vun de Geste-barrièren. Nei derbäi koum den obligatoresche Mondschutz a verschiddene Situatiounen. Et gouf och bekannt gemaach, datt d'Regierung all Awunner vum Land e Set mat 5 Mondschutz-Masken zur Verfügung stelle géing. De CGDIS huet d'Masken un déi 102 Gemenge geliwwert, déi se dunn un hir Awunner verdeelt hunn[44]. De 4. Mee gouf déi 2. Phas méi genee preziséiert.[45]

1. Phas[änneren | Quelltext änneren]

Vum 20. Abrëll un duerften d'Chantieren an d'Recyclingzenteren erëm opgoen. Betriber aus dem Bau, der Renovatioun an Transformatioun ewéi och Handwierker a Konstrukteuren duerften och nees schaffen. Op waren erëm Geschäfter, wéi Gäertnereien a Pepinièren, Gäertner, déi dobausse schaffen a Landschaftsgäertnereien, Maach-et-selwer-Butteker a Geschäfter déi op Baumaterial an Handwierksgeschier spezialiséiert sinn. Servicer, déi Hëllef am edukative Beräich ubidden, konnten och erëm schaffen.

2. Phas[änneren | Quelltext änneren]

Vum 4. Mee un, hunn déi regulär Coursen erëm fir all Ofschlossklassen ugefaangen. Vum 11. Mee sollen dann d'Lycéesschüler eng Woch iwwer déi aner an zwou getrennte Klassegruppen erëm an d'Schoul goen.

D'Doktere kënnen nees hir Patienten an hirer Praxis empfänken. Déi medezinesch Aktivitéit baussent de Spideeler an dobanne lafen nees un. Infirmieren, Hiewanen, Kinéen a Psychotherapeute funktionéieren erëm normal.

An den Alters- a Fleegeheemer kënnen d'Pensionären erëm Besuch vun der Famill empfänken. Déi eenzel Haiser mussen awer fir déi néideg Sécherheetsmoossname suergen. Dat huet d'Familljeministesch Corinne Cahen op enger Pressekonferenz den 28. Abrëll matgedeelt.

Vum 11. Mee un däerf een doheem och erëm bis zu 6 Leit op Besuch invitéieren. Dobausse solle Gruppen op 20 Leit limitéiert bleiwen.

Dee selwechten Dag kënnen d'Geschäfter nees, ënner Oploen, opmaachen. Restauranten a Caféë bleiwen awer nach zou.

Op Basis vum Règlement grand-ducal vum 6. Mee 2020[46] huet de Minister Dan Kersch den 8. Mee an enger Pressekonferenz d'Sportaktivitéiten am Fräien erëm erlaabt, ënner de Konditioun, datt kee Kierperkontakt, keng Zuschauer a keng Kompetitioun dermat verbonnen ass. Duschen a Vestiaire mussen awer zou bleiwen. All Sportfederatiounen hu missen e Sécherheets- a Gesondheetsprotokoll fir hir sportlech Aktivitéiten am Fräie beim Sportsministère era reechen[47]

Iwwer d'Gemengen verdeelt de Staat un all Resident iwwer 16 Joer 50 chirurgesch Masken[48].

3. Phas[änneren | Quelltext änneren]

D'Grondschoul an d'Maisons relaisen an d'Crèche hunn nees de 25. Mee ugefaangen.

Och d'Maisons médicales goungen deen Dag erëm op, awer just fir Net-Covid-Patienten[49].

D'Terrasse vun Horesca-Betriber hunn nees dierfen de 26. Mee, d'Restauranten an d'Caféën den 28. Mee opmaachen, virausgesat, datt bestëmmt Hygiènes- a Sécherheetsmoossnamen ëmgesat an agehale ginn.[50] Vum 28. Mee u waren och nees Visitten a Spideeler erlaabt,[51] a vum 29. Mee un och nees Gottesdéngschter.[52]

Begleet gëtt dësen etappeweisen Deconfinement vu breet ugeluechten Tester: Bis zu 20.000 Leit den Dag solle sech op 17 Test-Statiounen uechter d'Land fräiwëlleg kënnen teste loossen. Dofir si bis zu 40 Milliounen Euro aus dem Fuerschungsbudget virgesinn[53].

4. Phas[änneren | Quelltext änneren]

De Règlement grand-ducal vum 10. Juni[54] bestëmmt d'Reegele vun der 4. Phas vum Deconfinement.

  • D'Spillplaze sinn erëm op a Kanner ënner 13 Joer mussen dobausse keng Mask méi unhunn.
  • An de Restaurante kënnen erëm bis zu 10 Leit un engem Dësch sëtzen.
  • Rassemblementer mat méi wéi 20 Persounen, ob bei Evenementer an engem oppenen oder zouenen Etablissement, sinn erëm erlaabt, ënner der Konditioun, datt et Sëtzplaze fir jidderee gëtt. Wa keng 2 Meter Distanz garantéiert sinn, muss jiddereen eng Mask unhunn. En Evenement ass alles wat geplangt, ofgeschwat, organiséiert ass a sech net spontan erginn huet.
  • Doheem kann een erëm souvill Leit empfänken, wéi ee Plaz huet. Bis 20 Leit kënne mat Maske beienee stoen. Bei méi wéi 20 Leit muss jiddereen eng Sëtzplaz hunn an eng Mask undoen, wa keng 2 Meter Ofstand agehale ginn.
  • Am Auto oder an der Camionnette musse Leit aus verschiddene Stéit nach ëmmer d'Mask unhunn. Am ëffentlechen Transport besteet weiderhi Maskeflicht.

RTL huet de 17. Juni gemellt datt no Informatioune vum Staatsministère Maskepflicht an Autoen opgehuewen ass.[55]

De Educatiounsminister Claude Meisch huet den 19. Juni ugekënnegt, datt vum 29. Juni un, d'Schüler an der Grondschoul an am Secondaire erëm zesummen an d'Schoul ginn. D'Gruppenopdeelung A a B gëtt deemno ofgeschaaft, awer d'Horairë vun 8 bis 13 Auer bleiwe bestoen[56][57].

Evolutioun vun der Epidemie / Pandemie[änneren | Quelltext änneren]

Infektiounsfäll[änneren | Quelltext änneren]

Kumuléiert bestätegt Infektiounen zu Lëtzebuerg
Ännert d'Donnéeë wgl. op Wikidata hei. Quellen: gouvernement.lu[5] an rtl.lu[58]

Nei bestätegt Infektiounen pro Dag zu Lëtzebuerg
Quellen: gouvernement.lu[5] an rtl.lu[58]

Heelungsfäll[änneren | Quelltext änneren]

Kumuléiert Heelungen zu Lëtzebuerg
Ännert d'Donnéeë wgl. op Wikidata hei. Quellen: gouvernement.lu[5]

Nei bestätegt Heelunge pro Dag zu Lëtzebuerg
Quellen: gouvernement.lu[5]

Doudesfäll[änneren | Quelltext änneren]

Kumuléiert bestätegt Doudesfäll zu Lëtzebuerg
Ännert d'Donnéeë wgl. op Wikidata hei. Quellen: gouvernement.lu[5] an data.public.lu[59]

Nei bestätegt Doudesfäll pro Dag zu Lëtzebuerg
Quellen: gouvernement.lu[5] an data.public.lu
[59]

Getest Persounen[änneren | Quelltext änneren]

Getest Persounen (kumuléiert) zu Lëtzebuerg
Ännert d'Donnéeë wgl. op Wikidata hei. Quellen: gouvernement.lu[5] an data.public.lu
[59]

Nei getest Persoune pro Dag zu Lëtzebuerg
Quellen: gouvernement.lu[5] an data.public.lu
[59]

Chronologie vun den Evenementer[änneren | Quelltext änneren]

Februar 2020[änneren | Quelltext änneren]

  • 2020-02-29: Total infizéiert Persounen: 1. Total verstuerwe Persounen: 0.
De Gesondheetsministère bestätegt den éischte Fall vum Coronavirus zu Lëtzebuerg[60][61][62]. Dee Patient war e 40järege Mann, deen aus Italien via Charleroi (Belsch) zréckkomm war[63][64]. Hien hat sech bei der Inspectioun sanitaire gemellt a koum a Quarantaine am Centre hospitalier de Luxembourg an der Stad Lëtzebuerg.

Mäerz 2020[änneren | Quelltext änneren]

Mäerz 2020
Dag[5] Positiv getest Stierffäll Hospitali-séierungen Bemierkungen
5 2 0 E Mann, deen aus Norditalien zréckkoum, ass positiv getest ginn. Hie koum a Quarantaine am Centre hospitalier de Luxembourg[65].
6 3 0 Eng Fra, déi aus dem Elsass (Frankräich) zréckkoum, ass positiv getest ginn[66].
7 4 0 De Gesondheetsministère bestätegt e weidere Fall vu Coronavirus am Land, deen epidemiologesch mat Norditalien a Verbindung bruecht gëtt[67][68].
8 5 0 E weidere Fall mat engem infizéierte Patient, dee viru kuerzem aus dem Elsass zréckkoum, gouf bestätegt[69][70].
9
10 7 0 Zwéi weider Fäll, eng Persoun, déi aus der Schwäiz zréckkoum, an eng Persoun, déi aus den USA zréckkoum[71][72].
11
12 26 0 De Gesondheetsministère bestätegt 19 nei Fäll zu Lëtzebuerg. Eng 94 Joer al Persoun ass an engem kriteschen Zoustand. Ee vun de Fäll gouf am Spidol um Kierchbierg diagnostizéiert an zënterhier huet d'Spidol Virsiichtsmoossnamen agefouert: Patientevisitte gi limitéiert, Parkplazen si fir d'Spidolspersonal reservéiert, ambulant Consultatioune gi wesentlech reduzéiert, den Zougank zur Haaptentrée gëtt kontrolléiert. D'Regierung huet och ugekënnegt, datt d'Schoule vum 16. bis de 27. Mäerz zu Lëtzebuerg zoumaachen[73][74][75][76].
13 34 1 An enger gemeinsamer Pressekonferenz mam Mobilitéitsminister François Bausch a mat der Familljeministesch Corinne Cahen huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert 8 zousätzlech Fäll bestätegt an dat éischt Doudesaffer vum Virus zu Lëtzebuerg, dem 94 Joer ale Patient, deen zanter dem 12. Mäerz an engem kriteschen Zoustand war[77].
14 51 1 De Gesondheetsministère bestätegt 17 nei Fäll zu Lëtzebuerg. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert seet, datt de Virus ukomm ass, an datt d'Situatioun ufänkt, "kritesch" a beispillslos ze ginn[78][79].
15 77 1 An enger gemeinsamer Pressekonferenz mam Premierminister Xavier Bettel huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert 26 zousätzlech Fäll bestätegt[80]. De selwechten Dag huet d'Regierung bekannt ginn, datt all Caféen, Restauranten, Kinoen, Discothéiken a Geschäfter déi Public empfänken, vu Mëtternuecht u fir eng onbestëmmt Zäit hir Diere mussen zoumaachen. Ausname sinn d'Apdikten, d'Liewensmëttel- an och d'Zeitungsgeschäfter[81][82][83].
16 81 1 De Gesondheetsministère bestätegt 4 nei Fäll zu Lëtzebuerg[84].
17 140 1 De Gesondheetsministère bestätegt 59 nei Fäll zu Lëtzebuerg[85].
18 203 2 De Gesondheetsministère bestätegt 62 nei Fäll an ee weideren Doudesfall zu Lëtzebuerg[86]. Déi speziell Moossname wéinst der Krisesituatioun gi mat engem Règlement grand-ducal gereegelt[87]. D'Schoulen a Strukture fir Kanner bleiwen zou bis den 19. Abrëll 2020[88].
19 335 4 De Gesondheetsministère bestätegt 132 nei Fäll an zwéi weider Doudesfäll zu Lëtzebuerg[89].
Op enger Pressekonferenz huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert matgedeelt, datt déi 4 Doudeg iwwer 80 Joer al waren. Bis elo sinn hei am Land 4 Persounen vun iwwer 80 Joer um Coronavirus gestuerwen, si haten alleguer Virerkrankungen a 14 Mënsche sinn den Ament hospitaliséiert. 4 ënnert hinne sinn an engem kriteschen Zoustand. Donieft läit d'Altersmoyenne vun den 335 Corona-Fäll bei 46 Joer a 6 Leit goufe bis ewell geheelt. An den nächste 14 Deeg wäert d'Zuel vun Infizéierten hei am Land weider eropgoen. Den 18. Mäerz goufen zu Lëtzebuerg 750 Tester op Coronavirus gemaach[90].
20 484 5 Total geheelt Persounen: 6 [91][5].
21 670 8 Total geheelt Persounen: 6[5].

D'Chamber verlängert den Noutstand ëm dräi Méint[3][92].

22 798 8 Total geheelt Persounen: 10.[5].
23 875 8
24 1099 8
25 1333 8 143 143 Patienten hospitaliséiert, dovu 7 vu Mulhouse[93].
26 1453 10 Am Altersheem zu Bartreng ass eng Persoun un de Suitte vum Virus gestuerwen. Am Altersheem "Les Parcs du 3e Âge" si 15 Pensionnairen an 2 Leit vum Personal positiv getest ginn[94][95]. Am Fleegeheem "Op der Léier" zu Esch-Uelzecht ass och eng weider Persoun wéinst dem Virus verscheet. Soumat sinn am ganzen 10 Persoune bis ewell gestuerwen.
27 1605 15 An enger Pressekonferenz huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert preziséiert, datt (1) vun den 1605 infizéierte Persounen 1435 Residente sinn an 170 Frontalieren, (2) 5 vun deene 15 Doudesfäll aus Altersheemer gemellt goufen, (3) 1 vun de 7 Patiente vu Mulhouse net iwwerlieft huet, (4) 148 Leit sinn hospitaliséiert, dovu leie 25 op enger Intensivstatioun; (5) am ganze goufe schonn 13738 Tester zu Lëtzebuerg gemaach.
28 1831 18
29 1950 21
30 1988 22 Vun den 22 verstuerwe Persounen sinn 11 Persounen a Klinicke gestuerwen, 10 an Altersheemer an 1 Persoun doheem[5][96] .
Vum 29. op den 30. Mäerz sinn 2 Persoune gestuerwen, déi offiziell Zuel vun de Verstuerwene geet awer nëmmen ëm 1 Unitéit an d'Luucht, well den zu Lëtzebuerg hospitaliséierte Patient aus dem franséische Grand-Est, deen hei gestuerwen ass, net méi an der Statistik vu Lëtzebuerg gefouert gëtt[97].
31 2178 23 De Gesondheetsministère huet als nei Consigne erausginn, datt elo och Leit mat suggestive Corona-Symptomer getest ginn[98]


Abrëll 2020[änneren | Quelltext änneren]

Abrëll 2020
Dag[5] Positiv getest Residenten Net-Residenten Stierffäll Hospitali-séierungen Normal-statioun Intensiv-statioun Entloos-sungen Bemierkungen
1 2319 1992 327 29 199 166 33 1 Persoun konnt d'Intensivstatioun erëm verloossen[5].

Aktiv Infektiounen: 2329

2 2487 2099 388 30 224 184 40
3 2612 2201 411 31 232 199 33 174
4 2729 2291 438 31 230 195 33 190 Duerchschnëttsalter vun den infizéierte Persounen: 46 Joer; Ratio Männer/Fraen: 51% / 49%. Déi 22793 Tester, déi zanter dem Ufank vun der Pandemie zu Lëtzebuerg duerchgefouert goufen, waren 18966 Residenten an 3827 Net-Residenten. Medianalter vun de verstuerwene Persounen: 86 Joer. Op der Intensivstatioun leien och nach 10 Persounen aus der franséischer Regioun Grand Est[5].
5 2804 2351 453 36 233 200 33 241
6 2843 2384 459 41 223 191 32 253
7 2970 2478 492 44 231 196 35 310
8 3034 2524 510 46 231 197 34 354 D'Santé preziséiert an engem Schreiwes de Gebrauch vu Otemschutzmasken[99]. An engem Reglement grand-ducal erlaabt d'Regierung d'Droe vu Gesiichtsmasken an der Ëffentlechkeet[100].
9 3115 2594 521 52 220 190 30 374 Medianalter vun de Stierffäll: 87 Joer
10 3223 2644 579 54 234 202 32 412 Duerchschnëttsalter vun den Infizéierten: 46 Joer, Ratio Männer/Fraen: 50,5% / 49,5%

An den Alters- a Fleegeheemer si bis elo méi wéi 10 Pensionnaire gestuerwen a méi wéi 100 positiv getest ginn[101]

11 3270 2679 591 62 210 177 33 444 Medianalter vun de Stierffäll: 86 Joer
12 3281 2685 596 66 214 183 31 465 Nidderegst Zuel vun Neiinfektioune zanter dem 16. Mäerz

Medianalter vun de Stierffäll: 85 Joer

13 3292 2694 598 69 211 178 33 467 29 315 Tester, dovu 24000 bei Residenten (81,87%) a 5315 bei Net-Residenten (18,13%).
14 3307 2707 600 67 192 161 31 486 Zuel vun de Stierffäll ëm 2 Persounen no ënne verbessert, d'Zuel vum 13.4. war falsch[102]. De Patient Joseph aus dem franséische Grand-Est konnt de Centre hospitalier du Nord verloossen an ass mat der Air Rescue a seng Heemecht geflu ginn[103].
15 3373 2760 613 69 191 158 33 526
16 3444 2830 614 68 205 170 35 552 Zuel vun de Stierffäll ëm 1 Persoun no ënne verbessert, d'Zuel vum 15.4. war falsch[102].
17 3480 2858 622 72 178 149 29 579 Vun den 32394 Tester ware 26 395 Residenten a 5999 Net-Residenten. Medianalter vun de Stierffäll: 84,5 Joer
18 3537 2907 630 72 180 148 32 601
19 3550 2917 633 73 181 150 31 627
20 3558 2921 637 75 185 153 32 637
21 3618 2951 667 78 185 153 32 670
22 3654 2973 681 80 172 143 29 711
23 3665 2979 686 83 165 138 27 728
24 3695 2998 697 85 163 138 25 760 D'Zuel vun de Persounen déi als geheelt gëllen gouf op de 24. Abrëll mat 3007 publizéiert.[104]
25 3711 3007 704 85 163 137 26 780 geheelt: 3088
26 3723 3017 706 88 146 124 22 788 geheelt: 3104
27 3729 3020 709 88 141 121 20 790 geheelt: 3123
28 3741 3034 707 89 131 112 19 804 geheelt: 3121 Umierkung: d'Zuel vun den Net-Residenten, déi getest goufen an déi vun de Geheelte wiere réckleefeg. D'Daten an de Graphiken, déi de Ministère verëffentlecht, stëmmen och net ëmmer mat deenen Zuelen iwwereneen, déi Dag fir Dag verëffentlecht an hei dokumentéiert goufen.

D'Familljeministesch Corinne Cahen huet op enger Pressekonferenz matgedeelt, datt an 21 vun 52 Alters- a Fleegeheemer Bewunner positiv getest goufen: Vun de 5765 Bewunner sinn 90 Persounen nach positiv, 41 scho geheelt an 29 gestuerwen [105].

29 3769 3050 719 89 136 115 21 810 geheelt: 3134
30 3784 3062 722 90 124 101 23 829 geheelt: 3213 Altersmoyenne vun de geteste Persounen: 46 Joer, 51,1% Männer, 48,9% Fraen



Mee 2020[änneren | Quelltext änneren]

Mee 2020
Dag[5] Positiv getest Residenten Net-Residenten Stierffäll Hospitali-séierungen Normal-statioun Intensiv-statioun Entloos-sungen Heelungen Bemierkungen
1 3802 3080 722 92 109 87 22 841 3213 Stierffäll: Duerchschnëttsalter: 84 Joer, Medianalter: 85 Joer / Aktiv Infektiounen: 406
2 3812 3085 (?) 727 (?) 92 121 98 23 845 3318 Umierkung: Op Covid19.lu stinn 3095 Residenten a 717 Net-Residenten. Den 1.5. waren awer scho 722 Net-Residente positiv getest a wa just 10 nei Fäll vum 1. op den 2. derbäi kommen, kënnen et net bei de Residenten 15 méi sinn.
3 3824 3097 727 96 115 93 22 850 3379 Altersmoyenne vun de positiv geteste Persounen: 46 Joer
4 3828 3204 724 (?) 96 113 92 21 851 3405 Kënnen 3 Net-Residente manner getest gi si wéi gëschter?
5 3840 3115 725 96 111 89 22 856 3412
6 3851 3123 728 98 118 98 20 860 3452
7 3859 3130 729 100 111 90 21 868 3505
8 3871 3133 738 100 95 79 16 873 3526 Reproduktiounstaux (Rt): 0,995
9 3877 3139 738 101 102 87 15 874 3550
10 3886 3139 747 101 92 78 14 879 3586
11 3888 3148 740 (?) 101 86 68 18 883 3602
12 3894 3153 741 102 88 66 22 886 3610
13 3904 3161 743 103 89 67 22 887 3629
14 3915 3162 753 (?) 103 78 67 11 895 3665
15 3923 3175 748 104 82 71 11 898 3682
16 3920 3179 751 104 73 58 15 900 3699 Rt: 0,997 // Reproduktiounstaux Rt_eff : 0,780
17 3945 3185 760 107 65 51 14 900 3703
18 3947 3190 757 (?) 107 54 46 8 905 3715
19 3958 3201 757 (?) 109 60 50 10 905 3718 Duerchschnëtts- a Medianalter vun de Stierffäll: 84 Joer // Rt_eff : 0,830
20 3971 3211 760 109 57 51 6 906 3728
21 3980 3219 761 109 62 56 6 906 3741
22 3981 3219 762 109 51 46 5 910 3748
23 3990 3228 762 109 55 47 8 912 3758
24 3992 3230 762 110 43 36 7 915 3767
25 3993 3231 762 110 41 37 4 915 3781
26 3995 3233 762 110 44 39 5 916 3783 Rt_eff: 0,590
27 4001 3237 764 110 49 45 4 917 3791 Rt_eff: 0,630
28 4008 3240 768 110 38 34 4 919 3803 Rt_eff: 0,580
29 4012 3242 770 110 34 30 4 922 3815 Rt_eff: 0,710
30 4016 3245 771 110 36 32 4 924 3815 Rt_eff: 0,790
31 4018 3248 770 110 33 30 3 925 3833 Rt_eff: 0,790

Juni 2020[änneren | Quelltext änneren]

Juni 2020
Dag[5] Positiv getest Residenten Net-Residenten Stierffäll Hospitali-séierungen Normal-statioun Intensiv-statioun Entloos-sungen Heelungen Activ Infek-tiounen Rt_eff Bemierkungen
1 4019 3248 771 110 35 31 4 927 3845 61 0,79 Altersmoyenne vun de geteste Persounen: 46 Joer, Ratio Männer/Fraen: 51,34% / 48,66%; 84 Joer ass de Medianalter genee wéi d'Altersmoyenne bei de Verstuerwenen.
2 4020 3249 771 110 32 28 4 929 3848 53 0,79
3 4024 3251 773 110 33 31 2 929 3861 43 0,52 An den Altersheemer sinn nach 11 Persounen infizéiert, 135 Leit geheelt a 36 um Virus gestuerwen. 22 Sans-Abrise si bis den 3.6. infizéiert gewiescht.
4 4027 3253 774 110 31 28 3 931 3874 36 0,52
5 4032 3257 774 110 31 29 2 931 3885 37 0,52
6 4035 3259 776 110 30 29 1 933 3888 37 0,64
7 4039 3260 779 110 24 23 1 934 3899 30 0,78
8 4040 3263 777 110 28 26 2 935 3901 29 0,78
9 4046 3267 779 110 29 27 2 935 3902 34 0,78
10 4049 3271 778 110 36 35 1 32 3904 35 0,77 Ënnert den hospitaliséierte Patiente sinn och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden.
11 4052 3273 779 110 18 17 1 940 3910 32 0,81
12 4055 3274 781 110 16 16 0 941 3918 27 0,75
13 4063 3278 785 110 19 19 0 942 3922 31 0,85
14 4070 3285 785 110 16 15 1 945 3929 31 0,85
15 4072 3287 785 110 13 12 1 946 3931 31 0,93
16 4075 3289 786 110 15 14 1 946 3933 32 0,93
17 4085 3295 790 110 18 17 1 946 3935 40 0,86
18 4091 3299 792 110 15 13 2 947 3940 41 0,86
19 4099 3307 792 110 17 15 2 948 3944 45 1,02
20 4105 3314 791 110 14 14 0 948 3951 44 1,02
21 4120 3326 794 110 15 14 1 949 3956 54 1,02 12 vun de 15 Corona-Infektioune sinn op eng privat Party zeréckzeféieren [106].
22 4121 3326 795 110 18 16 2 950 3959 52 1,02
23 4133 3332 801 110 17 16 1 950 3959 64 1,49
24 4140 3345 795 110 13 13 0 950 3965 65 1,49
25 4151 3354 797 110 15 15 0 951 3968 73 1,06
26 4173 3376 797 110 14 14 1 952 3978 85 0,94
27 4217 110 Nom 26. Juni 2020 ginn de Weekend an d'Feierdeeg just nach Gesamtzuel vun den Doudegen, Infizéierten an den Tester publizéiert.[107]
28 4242 110
29 4256 3453 803 110 11 9 2 954 3997 149 1,37
30 4299 3473 826 110 16 14 2 955 3998 191 1,38

Juli 2020[änneren | Quelltext änneren]

Juli 2020
Dag[5] Positiv getest Resi-denten Net-Residenten Stierf-fäll Hospitali-séierungen Normal-statioun Intensiv-statioun Entloos-sungen Heelungen Activ Infek-tiounen Rt_eff Bemierkungen
1 4345 3527 818 110 18 16 2 955 4003 237 1,41 Altersmoyenne vun den Infizéierten: 45; Ratio Mann/Fra: 51,58% / 48,42% Duerchschnëttsalter a Medianalter: 84
2 4395 3572 823 110 16 14 2 956 4012 273 1,30
3
4
5
6
7
8
9
10
11
12
13
14
15
16
17
18
19
20
21
22
23
24
25
26
27
28
29
30
31

Grenze mat den Nopeschlänner[änneren | Quelltext änneren]

Vum 18. Mäerz bis de 15. Mee duerften Net-Lëtzebuerger net méi op den Territoire vum Grand-Duché eran[1] [108]. Ausname waren ënner anerem Ressortissanten aus der EU mam Zil erëm bei sech Heem ze kommen a Frontaliere mat spezifesche Certificate fir op d'Aarbecht ze fueren[109]. Lëtzebuerg huet awer drop verzicht direkt op de Grenze mat sengen Nopeschlänner dee sanitären Areesstopp ze kontrolléieren, ausser op verschiddene Grenziwwergäng mat Däitschland, dat awer just am But fir ze verhënneren datt Däitschland déi Grenziwwergäng komplett zouléisst.

Ausser vereenzelte längere Stauen gouf et awer op kenger Grenz weider Konsequenze fir de Wuerentransport.

Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

Grenzkontroll op der Muselbréck vu Wuermer op Wëncher

De 15. Mäerz huet Däitschland decidéiert fir d'Grenze mat Lëtzebuerg, der Schwäiz, Frankräich, Éisträich an Dänemark zouzemaachen[110]. Et däerfen awer weiderhi Frontalieren, Däitscher a Leit mat engem dréngende Grond iwwer déi Grenziwwergäng déi mat Kontrolle passéierbar bleiwen, areesen[111]. Wat en dréngende Grond fir eng Arees ass decidéiert den zoustännege Grenzbeamten no Direktive vum däitschen Inneministère [112]. Fir Ausreese gëtt et keng Beschränkungen. Op lëtzebuergescher Säit sinn d'Grenzschléissungen a -kontrollen wéinst dem Coronavirus éischter kritesch opgeholl ginn[113].

Zanter dem 24. Abrëll däerfe Koppelen iwwer d'Grenz hire Partner, bestuet oder gepacst, besiche goen. Dat selwecht zielt fir d'Betreiung vu mannerjärege Kanner, resp. fir d'Fleeg oder d'Visitt vu Familljememberen oder och Kiné-Visitten[114].

Zanter dem 16. Mee 2020 gëtt et keng Grenzkontrolle méi mat Däitschland[115].

Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Fir a Frankräich anzereesen huet een eng Attestatioun gebraucht[116], déi ee beim franséischen Inneministère erofluede kann[117]. Am Géigesaz zu Däitschland huet Frankräich zousätzlech zu senge Bierger och hir Conjointen a Kanner grondsätzlech an d'Land eragelooss. De 15. Juni 2020 sinn dës Restriktiounen ewechgefall an d'Grenzen a béid Richtungen nees opgaangen.[118]

Belsch[änneren | Quelltext änneren]

D'Belsch huet och[Wéini ?] all Areese vun Auslänner verbueden, déi net an der Belsch wunnen ausser fir professionell Deplacementer (fir déi een eng Attestatioun vum Patron brauch) an Areesen aus medezinesche Grënn[119]. Den 31. Mee huet een nees dierfen aus Lëtzebuerg (an och aus Däitschland an Holland) an d'Belsch era fir Famill ze besichen oder anzekafen, an dat selwecht och an déi aner Richtung.[120] Zanter dem 15. Juni 2020 kann een nees normal iwwer d'Grenz fueren.[118]

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Covid-19-Glossaire[änneren | Quelltext änneren]

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch gesäit et als Gestionnaire vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire als seng Aufgab un, de virusbedéngte sproochleche Wandel an der Gesellschaft ze begleeden an déi siichtbar Verännerungen am Wuertschatz ze dokumentéieren. Den Zenter huet dofir e Covid-19-Glossaire zesummegestallt, deen een online consultéiere kann.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Règlement grand-ducal du 18 mars 2020 portant introduction d'une série de mesures dans le cadre de la lutte contre le Covid-19. am Memorial A165, op legilux.lu
  2. Règlement grand-ducal du 20 mars 2020 portant modification du règlement grand-ducal du 18 mars 2020 portant introduction d'une série de mesures dans le cadre de la lutte contre le Covid-19 Memorial A174, op legilux.lu
  3. 3,0 3,1 "Den Noutstand gëtt ëm 3 Méint zu Lëtzebuerg verlängert." rtl.lu, 21. Mäerz 2020.
  4. Eethikkommissioun, Prise-de-position-COVID-19, vum 7.4.2020
  5. 5,00 5,01 5,02 5,03 5,04 5,05 5,06 5,07 5,08 5,09 5,10 5,11 5,12 5,13 5,14 5,15 5,16 5,17 5,18 5,19 Cf. https://coronavirus.gouvernement.lu/fr.html
  6. Covid-19-Strategie, Warum Luxemburg so viel testen kann op reporter.lu, gelies de 6.4.2020
  7. Worldometer, Coronyvirus update countries
  8. Déi vill beliefte Plazen an der Stad sinn eidel bliwwen, wéi de Video COV(o)ID Luxembourg City op Vimeo et dokumentéiert.
  9. Bilder einer Geisterstadt op wort.lu de 4.4.2020
  10. schouldoheem.lu
  11. Zesummegefaasst op der Plattform letzshop.lu.
  12. Coronavirus Covid-19 - Transport public op pandemie.vdl.lu, Spezialsäit vun der Stad Lëtzebuerg, gekuckt den 20. Abrëll 2020
  13. COVID-19 : Modifications et mesures prises dans les transports publics et spécifiques op mobiliteit.lu, gekuckt den 20. Abrëll 2020
  14. "Ein Sommer ohne richtige Fouer." wort.lu, 20.04.2020.
  15. "ING night marathon canceled over virus." today.rtl.lu, 24.03.2020.
  16. "e-Lake a Picadilly 2020 sinn ofgesot." rtl.lu, 24.04.2020.
  17. "Die Foire Agricole ist abgesagt." wort.lu, 06.04.2020.
  18. Live Performancen an Zäite vum Coronoavirus. Eng Iddi vum Serge Tonnar, gepowered vum Kulturministère a MASKéNADA. Videos si live op Facebook an och online op www.maskenada.lu
  19. Crazy Quarantine Sessions si Serie vu gefilmten an opgeholte Musikssessiounen an der Zäit vum Lockdown. Artiste kënne keng Concerte méi spillen, mä si fuere weider mat Musik produzéieren an deelen hir Live-Musek op YouTube an iwwer Facebook. Show must go on!
  20. Halleluja (Cohen) - Cello Octet Luxembourg
  21. Earth, Wind & Fire - September (#stayhome -version)
  22. «OPL at home» | Ravel's Boléro
  23. The Music's Always There With You - Virtual Choir during Self-Isolation
  24. TOGETHER hu mir et geschafft! op YouTube
  25. Les Théâtres de la Ville de Luxembourg #THEATERDOHEEM op Youtube
  26. Restez chez vous et profitez de nos conseils de lecture
  27. D'Kierch an Zäiten vum Coronavirus op cathol.lu
  28. OUSCHTEREN 2020: Paschtouer um Facebook zu Rouspert-Mompech
  29. LGS BA-Coronavirus
  30. FNEL covid-19
  31. Lëtzebuerg ass solidaresch op RTL.lu
  32. 70.000 Salariéë krute bis elo Chômage partiel accordéiert op 100,7, gelies de 6.4.2020
  33. Mise à jour du tableau synoptique reprenant les mesures du programme Covid-19 de stabilisation de l'économie
  34. Pressekonferenz vun Dan Kersch op rtl.lu
  35. Loi du 18 avril 2020 visant à mettre en place un régime de garantie en faveur de l'économie luxembourgeoise dans le cadre de la pandémie Covid-19
  36. https://www.rtl.lu/news/national/a/1505877.html op RTL.lu
  37. Kampf gegen Covid-19, Mehr als 50 Millionen Euro für medizinische Ausrüstung op reporter.lu, gelies den 23.4.2020
  38. La pandémie et les mesures de confinement auront de graves conséquences sur l'économie
  39. 5 Milliarden Euro Defizit a Rezessioun vu -6% 2020, Statec seet -6 bis -12% op rtl.lu, gelies de 29.4.2020
  40. [https://www.rtl.lu/news/national/a/1512351.html https://www.rtl.lu/news/national/a/1512351.html] op rtl.lu, gelis, de 5. Mee 2020
  41. Mesurëpak géint d'Kris kascht elo schonn iwwer 10 Milliarden Euro, sou Regierung, gelies op rtl.lu de 6.5.2020
  42. Neistart Lëtzebuerg : Nouvelles mesures de soutien pour préparer la relance économique
  43. Stratégie de sortie: un scénario de levée progressive des mesures de confinement introduites pour faire face au Covid-19
  44. "Le ministère de l'Intérieur et le Syvicol organisent la distribution des masques à la population". coronavirus.gouvernement.lu, 15. Abrëll 2020, gekuckt den 20. Abrëll 2020
  45. "Geschäfter ginn deels nees op, Lockerung bei Rassemblementer." rtl.lu, 04.05.2020 20:29.
  46. Règlement grand-ducal du 6 mai 2020 portant modification du règlement grand-ducal modifié du 18 mars 2020 portant introduction d'une série de mesures dans le cadre de la lutte contre le Covid-19.
  47. Protocoles de sécurité et de santé établis par les fédérations sportives (activités sportives en plein air)
  48. Interaktiv Kaart mat de Plaze wou d'Maske verdeelt ginn
  49. Les maisons médicales de garde reprendront leurs activités à partir du 25 mai 2020
  50. "Restauranten a Caféë ginn e Freideg op, Terrassen e Mëttwoch." rtl.lu, 26.05.2020 10:00.
  51. "Visitten an de Spideeler sinn nees erlaabt." rtl.lu, 28.05.2020 22:37.
  52. "Mesures de protection de l'Archevêché de Luxembourg en vue de la célébration de services religieux publics à partir du 29 mai 2020." cathol.lu, 25.05.2019.
  53. "Leit solle sech teste loossen, bis zu 20.000 Tester den Dag méiglech." rtl.lu, 28.04.2020 12:24.
  54. Règlement grand-ducal du 10 juin 2020 portant modification du règlement grand-ducal modifié du 18 mars 2020 portant introduction d'une série de mesures dans le cadre de la lutte contre le Covid-19.
  55. (lb)Duerchootmen: Et muss ee keng Schutzmask méi am Auto undoen. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2020-06-20.
  56. Un pas de plus vers la normalité : les groupes A et B de nouveau réunis
  57. (fr)Recommandation, pas obligation: Plus besoin de porter un masque dans la voiture. 5minutes.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2020-06-20.
  58. 58,0 58,1 https://www.rtl.lu/news/national/a/1481999.html
  59. 59,0 59,1 59,2 59,3 https://data.public.lu/en/datasets/donnees-covid19/
  60. Bilo, M. & S. Remesch, 2020. "Ein normales Szenario". Erste Person in Luxemburg mit dem Corona-Virus infiziert. - Behörden setzen auf Transparenz. Luxemburger Wort vum 2. Mäerz 2020, S. 15.
  61. "Tracking coronavirus: Map, data and timeline". BNO News. Retrieved 2020-03-01.
  62. Twitter
  63. RTL Today - Man quarantined in CHL: First case of coronavirus confirmed in Luxembourg, Charleroi Airport increasing precautionary measures
  64. "First coronavirus case confirmed in Luxembourg". luxtimes.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-08.
  65. "Returned from Italy: Second case of coronavirus in Luxembourg: Ministry of Health". today.rtl.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-06.
  66. "Returning from Alsace: Third case of coronavirus in Luxembourg: Ministry of Health". today.rtl.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-06.
  67. "Ministry of Health: Fourth coronavirus case confirmed in Luxembourg". today.rtl.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-08.
  68. "Fourth case of Coronavirus in Luxembourg, link to Italy". luxtimes.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-08.
  69. "COVID-19: Luxembourg Ministry of Health confirms fifth coronavirus case: returned from Alsace". today.rtl.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-08.
  70. "Fifth case hits Luxembourg as coronavirus spreads". luxtimes.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-08.
  71. "COVID-19: Sixth and seventh coronavirus cases in Luxembourg confirmed: Ministry of Health". today.rtl.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-10.
  72. "Two new virus cases, maternity clinic worker tests positive". luxtimes.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-10.
  73. "Updated: Coronavirus: 12 new confirmed cases in Luxembourg - among them first local infections". today.rtl.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-12.
  74. "Virus soars in Luxembourg, EU bodies send staff home". luxtimes.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-12.
  75. "Schools closed, no hospital or care home visits: Fighting coronavirus: Luxembourg implements drastic measures". today.rtl.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-13.
  76. "Luxembourg fights 'dramatic' virus spread, closes schools". luxtimes.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-13.
  77. "Livestream around 6 pm - rolling updates: Government to hold another coronavirus press briefing - Luxembourg records first coronavirus death". today.rtl.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-13.
  78. "Situation starting to be "critical": 51 confirmed cases of coronavirus in Luxembourg". today.rtl.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-14.
  79. "Infections jump as Luxembourg reports first corona death". luxtimes.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-14.
  80. Websäit vun der Lëtzebuerger Regierung, gekuckt de 15. Mäerz 2020 [1]
  81. "Restauranten, Caféen, Diskoe bleiwe bis op Weideres zou." rtl.lu, 15.03,2020; gekuckt de 15. Mäerz 2020.
  82. "Press briefing - key points at a glance: All bars and restaurants to close, 77 confirmed cases". today.rtl.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-15.
  83. "Luxembourg goes into lockdown to stop spread of deadly coronavirus". luxtimes.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-15.
  84. "Press Briefing - Monday 16 March: 81 confirmed cases, stricter border controls and call for discipline - summary of key points". today.rtl.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-16.
  85. "Cases increase: Latest figures show 140 confirmed coronavirus cases in Luxembourg". today.rtl.lu (op Englesch). Retrieved 2020-03-17.
  86. "Coronavirus: COVID-19". gouvernement.lu (op Franséisch). Retrieved 2020-03-18.
  87. Règlement grand-ducal du 18 mars 2020 portant introduction d'une série de mesures dans le cadre de la lutte contre le Covid-19 am Mémorial A165, op legilux.lu
  88. Schoulen, Crèchen, Maisons Relais bleiwe bis den 19. Abrëll zou op rtl.lu den 18.03.2020, 18:04
  89. "Coronavirus: COVID-19". gouvernement.lu (op Franséisch). Retrieved 2020-03-19.
  90. https://www.rtl.lu/news/national/a/1486451.html
  91. Um 9 Auer hunn d'Autoritéiten 618 Fäll gemellt, wat awer 20 Minutten drop no ënne korrigéiert gouf.
  92. Luxemburger Wort vum 23. Mäerz, S. 5.
  93. RTL, Presskonferenz 25.3.2020
  94. Alters- a Fleegeheem zu Bartreng, Fra ass um Coronavirus gestuerwen op rtl.lu
  95. Les maisons de retraite face au Covid-19. «La situation est très, très grave», gelies op reporter.lu de 26.3.2020
  96. RTL, Coronavirus Liveticker, 15:27
  97. Corona: 22 Tote, 1988 Infizierte, Luxemburger Wort, 31.03.2020, S. 20
  98. Nei Consigne vun der Santé, 31.3.2020
  99. Covid-19: le port du masque comme geste de barrière additionnel
  100. Règlement grand-ducal du 8 avril 2020 portant autorisation du port de masques d'hygiène et masques de protection respiratoire dans l'espace public.
  101. COVID-19 DANS LES MAISONS DE RETRAITE «La crise ne fait que commencer» op reporter.lu, gelies den 10.4.2020
  102. 102,0 102,1 [https://www.rtl.lu/news/national/a/1501320.html Zuel vun Doudesaffer gouf op 68 no ënne korrigéiert
  103. https://www.tageblatt.lu/headlines/joseph-aus-dem-grand-est-reist-mit-der-luxemburger-air-rescue-nach-hause/
  104. (fr)Zuel vun den Infizéierten an de Geheelten. Gesondheetsministère. Gekuckt de(n) 24. Abrëll 2020.
  105. https://www.rtl.lu/news/national/a/1509292.html
  106. RTL Liveticker, 13:22 22/06/2020
  107. (lb)Coronavirus zu Lëtzebuerg: Vun 3.506 Tester waren der 44 positiv. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2020-06-27.
  108. Règlement Grand-Ducal Consolidéiert Versioun
  109. Covid19.lu Entreprises et frontaliers
  110. https://www.zeit.de/politik/deutschland/2020-03/coronavirus-deutsche-grenzen-ab-montag-geschlossen
  111. Websäit vum däitschen Inneministère mat allen Informatiounen iwwer déi däitsch Grenzen am Kader vun der Corona-Pandemie
  112. FAQ iwwer Corona-Pandemie vum däitschen Inneministère
  113. Grenze zu, Patient tot – Weshalb Deutschlands Grenzkontrollen ein Skandal sind, Editorial am Tageblatt vum 1. Abrëll 2020
  114. Bundesinnenminister lockert Grenzkontrollen: Ehepartner dürfen wieder einreisen am Trierischer Volksfreund, gelies, de 26.4.2020
  115. Auswärtiges Amt, Luxemburg: Reise- und Sicherheitshinweise
  116. http://www.lessentiel.lu/fr/news/france/story/une-attestation-pour-entrer-en-france-15329766
  117. Attestation de déplacement et de voyage
  118. 118,0 118,1 "Les frontières ente les pays sont de nouveau ouvertes." lessentiel.lu, 15 juin 2020.
  119. Areesen an d'Belsch an Zäite vun der Corona-Pandemie
  120. "Belsch-lëtzebuergesch Grenz geet deels nees op." rtl.lu, Update: 30.05.2020.