Jean-Claude Hollerich

Vu Wikipedia
Jean-Claude Hollerich
Gebuer 9. August 1958
Déifferdeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Gregorianesch Peepstlech Universitéit
Aktivitéit Universitéitsprofesser, kathoulesche Priister, Äerzbëschof, kathoulesche Bëschof

De Jean-Claude Hollerich SJ, gebuer den 9. August 1958 zu Déifferdeng,[1] ass e lëtzebuergesche Jesuittepater an Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, an zanter dem 5. Oktober 2019 Kardinol.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Claude Hollerich war vun 1978 bis 1981 op der Gregorianescher Universitéit zu Roum (2 Joer Philosophie, 1 Joer Theologie), ass no sengem Antrëtt an de Jesuittenuerden (1981), dem Noviziat zu Namouer (1981-83) an engem Pastoralpraktikum zu Lëtzebuerg (1983-85) 1985 a Japan weiderstudéiere gaangen (japanesch Sprooch a Kultur; Theologie op der jesuittescher Sophia-Universitéit zu Tokyo), huet duerno zu Frankfurt eng Theologie-Lizenz (1990) gemaach an zu München eng Lizenz an däitscher Sprooch a Literatur (1994). 1990 ass hien zum Geeschtleche geweit ginn.[1]. Bis 2001 war hien Doktorand op der Universitéit vu Bonn (Europäesch Studien).

De Jean-Claude Hollerich ass zanter 1994 Member vun de kathoulesche Studentevereenegungen AV Edo-Rhenania zu Tokio an AV Rheinstein zu Köln. Méi spéit gouf hien och Member bei der KDStV Churtrier zu Tréier; an dat am Cartellverband der katholischen deutschen Studentenverbindungen.

Hie war ee vun de Vizerektere vun der jesuittescher Sophia-Universitéit zu Tokyo, wou hie vun 1995 bis zu senger Ernennung als Äerzbëschof vu Lëtzebuerg geschafft huet.

Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich um Dag vu senger Bëschofswei

Den 12. Juli 2011 huet den Äerzbëschof Fernand Franck bekannt gemaach, datt de Jean-Claude Hollerich seng Nofolleg untriede géif.[2] De Staatsministère huet de Jean-Claude Hollerich als neien Äerzbëschof duerch en Arrêté grand-ducal vum 16. Juli 2011 agrééiert[3]. Den 21. September 2011 gouf de Jean-Claude Hollerich am Staatsministère vum Kultusminister François Biltgen vereedegt, sou wéi et d'Gesetz vun 1873[4] virgesäit.

De 16. Oktober 2011 ass de Jean-Claude Hollerich an der Kathedral an der Stad Lëtzebuerg vum Äerzbëschof Fernand Franck geweit ginn[5], assistéiert vum Joachim Kardinal Meisner, Äerzbëschof vu Köln, vum Äerzbëschof Giacinto Berloco, apostoulesche Nuntius fir Lëtzebuerg, vum Äerzbëschof Alberto Bottari de Castello, apostouleschen Nuntius fir Ungarn, vum Äerzbëschof Peter Takeo Okada, Äerzbëschof vun Tokyo, vum Äerzbëschof Jean-Benjamin Sleiman O.C.D., Äerzbëschof vu Bagdad a vu weidere 15 Bëscheef.

Am September 2017 gouf de Jean-Claude Hollerich als President vun der Jugendkommissioun vun der CCEE (Consilium Conferentiarum Episcoporum Europae, Rot vun den Europäesche Bëschofskonferenzen) gewielt.

De 7. Oktober 2014 gouf hien als President vun der Konferenz vun den Europäesche Justitia et Pax-Kommissioune gewielt an am Oktober 2017 gouf hien an dësem Amt fir weider dräi Joer bestätegt[6].

Den 8. Mäerz 2018 gouf de Jean-Claude Hollerich als President vun der COMECE (Commissio Episcopatum Communitatis Europensis, Kommissioun vun de Bëschofskonferenzen an der Europäescher Unioun) mat engem Mandat fir 5 Joer gewielt, an där hien zanter November 2011 Member ass[7],[8].

Den 1. September 2019 huet de Poopst Franciscus ugekënnegt, de Jean-Claude Hollerich de 5. Oktober 2019 zum Kardinol z'ernennen[9],[10]. Seng Titularkierch zu Roum ass d'Kierch San Giovanni Crisostomo.

De 26. Februar 2020 gouf de Jean-Claude Hollerich vum Poopst als Member vum peepstleche Kulturrot ernannt.

De Kardinol Jean-Claude Hollerich gouf den 8. Juli 2020 an de peepstleche Rot fir den interreliéisen Dialog genannt[11].

De Poopst Franciscus huet den 8. Juli 2021 de Kardinol Hollerich zum Generalrelator (Generalrapporter) fir déi XVI. uerdentlech Generalversammlung vun der Bëschofssynod zu Roum ernannt, déi wärend engem dräijärege Prozess ënnert dem Theema „Fir eng synodal Kierch: Gemeinschaft, Partizipatioun a Missioun“ steet.[12]

Am September 2021 gouf de Kardinol vum Poopst zum Member vun der Kongregatioun vum kathoulesche Bildungswiesen ernannt.[13]

Am Januar 2022 gouf de Kardinol mam Abraham-Geiger-Präis vum Abraham Geiger Kolleg vun der Universitéit Potsdam ausgezeechent wéinst sengem Asaz fir Pluralismus, Offenheet, Toleranz a Gedankefräiheet .[14]

Am Mäerz 2023 gouf de Kardinol Hollerich Member am Conseil vun de Kardineel, C9 genannt, nodeems de Poopst Franziskus dee Gremium nei zesummegestallt huet. De Conseil besteet aus 9 Kardineel, déi de Poopst bei der Leedung vun der Réimesch-Kathoulescher Kierch beroden an en a sengem Reformprozess ënnerstëtze sollen.[15]

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

Am November 2012 huet de Jean-Claude Hollerech d'Erklärung Wunder des Lebens – Zeichen der Hoffnung iwwer déi an der Chamber diskutéiert Liberaliséierung vun der Ofdreiwung ofginn. Dora beschreift hie si als "falsche Wee" an d'Ofdreiwung selwer als "schwéiert Vergoen".[16] Déi jonk Gréng hunn doropshin an enger Pressematdeelung dem Hollerich seng Positioun verurteelt; hie géif probéieren e "fraeverachtend an anachronistescht Weltbild" ze vermëttelen, dat net nëmmen "archaësch a bal extremistesch" wier, mä och net vun der Majoritéit vum chrëschtleche Glawe géif gedeelt ginn.[17],[18]

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

De Wope vum Kardinol Jean-Claude Hollerich

De Bëschofswopen[19] gëtt sou beschriwwen: Écartelé en sautoir, le chef d'azur à un ombre de soleil d'or chargé de trois clous de la sainte croix de sable, surmontés d'un monogramme du Christ du même (Sociètas Jesu) et la pointe d'azur au lion d'or (Differdange) et les flancs de gueules à la fasce d'argent (Vianden), celle de senestre chargé d'un tourteau de gueules (Japon).[20]

Als Bëschofsdevise huet de Jean-Claude Hollerich ANNUNTIATE (Verkënnegt) gewielt. Den Ausdrock verkënnegt kënnt dacks am Evangelium vir. Sou z. B. bei Mk 16,20 Si awer hu sech op de Wee gemaach an hunn iwwerall (d'Evangelium) verkënnegt. Den Här war mat hinnen an allem, wat si gemaach hunn, an hien huet d'Wuert bestätegt duerch déi Zeechen, déi et begleet hunn.

Duerch d'Ernennung zum Kardinol huet de Wope sech liicht geännert: de roude Kardinolshutt (Galero) huet de grénge Bëschofshutt ersat a säitlech hänken 30 rout Quasten (fiocchi) amplaz vun 20 grénger, déi op en Äerzbëschof hiweisen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Narrativität im Konstantinopolitanischen Glaubensbekenntnis: Sophia Linguistica, N. 37 (1994)
  • Different Way of Dialogue, in: Bulletin of Universities and Institutes: Sophia University, N. 29 (1994)
  • Der Ursprung der Schulgrammatik, in: Bulletin of Universities and Institutes: Sophia University, N. 30 (1995)
  • Das Entstehen eines Nationalbewusstseins in Luxemburg: Bulletin of Universities and Institutes, Sophia University, N. 32 (1997)
  • Was auf dem Spiel steht. Die Zukunft des Christentums in einer säkularen Welt, Edition Herder Korrespondenz Januar 2022, ISBN 978-3451274497, mam Volker Resing (Herausgeber), Alberto Fabio Ambrosio OP (Herausgeber)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean-Claude Hollerich – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger Nofollger
Fernand Franck Lëscht vun de Bëscheef

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 RTL: "De Jean-Claude Hollerich gëtt neien Äerzbëschof." rtl.lu - 11.07.2011, 15:50 - Fir d'lescht aktualiséiert: 11.07.2011, 18:24
  2. "Jean-Claude Hollerich: Bëschofswei de 16. Oktober um 15h." rtl.lu - 11.07.2011, 15:50 - Fir d'lescht aktualiséiert: 12.07.2011, 12:14.
  3. Memorial B, N. 69, S. 1431
  4. Loi du 30 avril 1873 sur la création de l'évêché, modifiée par la loi du 30 janvier 1991 (code_administratif, VOL 1, CULTES, S. 53)
  5. wort.lu: Video vun der Wei vum Äerzbëschof Hollerich Gearchiveerd op 2011-10-18. Gekuckt de(n) 2011-10-17.
  6. Erzbischof Jean-Claude Hollerich in seinem Amt als Präsident von Justitia et Pax Europa bestätigt op cathol.lu
  7. Archbishop Jean-Claude Hollerich S.J. elected new President of COMECE op comece.eu
  8. Erzbischof Jean-Claude Hollerich zum Vorsitzenden der COMECE gewählt. Mgr. Hollerich tritt Nachfolge von Kardinal Marx an op cathol.lu
  9. Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich gëtt Kardinol op cathol.lu
  10. De Kardinol op cathol.lu
  11. Kardinol Jean-Claude Hollerich an de peepstleche Rot fir den interreliéisen Dialog genannt op cathol.lu
  12. Seine Eminenz Jean-Claude Hollerich SJ zum Generalberichterstatter fü. Gekuckt de(n) 10. Juli 2021.
  13. Erzbischof Jean-Claude Hollerich wird Mitglied der Kongregation für das Katholische Bildungswesen, Ernennung durch Papst Franziskus, gelies de 4. Oktober 2021
  14. Kardinal Hollerich mit Abraham-Geiger-Preis ausgezeichnet, Preisverleihung am 31. Januar 2022 in Berlin. Gekuckt de(n) 19. Dezember 2021.
  15. (fr)Le cardinal Hollerich nommé conseiller du pape, L'archevêque de Luxembourg devient membre du groupe C9. cathol.lu (7.3.2023). Gekuckt de(n) 7.3.2023.
  16. Jean-Claude Hollerich: Wunder des Lebens – Zeichen der Hoffnung (29. November 2012: gekuckt de 16. Januar 2013)
  17. L'essentiel: Die Abtreibung als «Vergehen»? (5. November 2012; gekuckt de 16. Januar 2013)
  18. rtl.lu: Äerzbëschof: "Wonner vum Liewen" als "Zeeche vun Hoffnung". November 2012; gekuckt de 16. Januar 2013)(
  19. Georges Vuillermoz, Heimat und Mission blasoniert im Bischofswappen, Beschreibung und Deutung des Wappens von Erzbischof Hollerich, in: Luxemburger Wort, 15. 10. 2011, Bischofweihe S. 7
  20. Daniel Erpelding, wiesel.lu