Schrëftstellerheem Bellevue

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Schrëftstellerheem Bellevue, zirka 1910 (aus: LTAM: 100 Joer Handwierkerschoul, 1996, S. 22)

D'Schrëftstellerheem Bellevue war e Gebai, dat déi däitsch Jesuiten, deenen hiren Uerden zanter 1872 als Folleg vum sougenannte Kulturkampf an Däitschland verbuede war, zu Lëtzebuerg um Lampertsbierg op engem Terrain, deen am Kadaster ënner dem Numm "Belle vue" gefouert gouf, opgeriicht haten. Den 2,5 ha groussen Terrain gouf de 6. November 1897 vun e puer Pateren am Optrag vum Uerde kaf. Den 22. November 1897 ass den éischte Spuetestéch gemaach ginn a vum 1. Mee 1899 u sinn déi éischt Pateren an dat neit Gebai erageplënnert. D'feierlech Aweiung war den 10. Oktober 1899. Den Architekt war de Jean-Pierre Koenig.

D'Gebai war modern, hat eng Heizung an eng eegen Elektrizitéitsanlag. D'Kärstéck vum Haus war de Sall vun der Bibliothéik, dee fir zirka 100.000 Bicher geplangt war. D'Zuel vun de Leit am Schrëftstellerheem huet tëscht 29 am Joer 1900/1901 a 44 am Joer 1909/1910 variéiert; 26 resp. 36 vun hinne ware Pateren. D'Haaptaktivitéit vun de Patere war publizistescher a schrëftstellerescher Natur, woubäi der Publikatioun vun der Zäitschrëft Stimmen aus Maria Laach eng besonnesch Bedeitung zoukomm ass.

Mat der Zäit hunn d'Patere fonnt, Lëtzebuerg wier hinnen ze vill onsécher, d'Majoritéit an der Chamber liberal a sozialistesch, déi legal Situatioun vun de Jesuiten zu Lëtzebuerg net ofgeséchert, a sou hu si dru geduecht, d'Land ze verloossen. D'Regierung war um Kaf vum Gebai intresséiert, fir do eng nei Handwierkerschoul anzeriichten. Den 19. Abrëll 1910 ass den Akt, mat deem de Staat d'Schrëftstellerheem fir 750.000 Frang kaaft huet, ënnerschriwwe ginn.

D'Jesuiten hunn nach bis de Mäerz 1911 am Schrëftstellerheem bleiwen däerfen. Am August 1910 hunn awer schonn déi éischt Patere Lëtzebuerg verlooss. Vill vun hinne sinn op Valkenburg an d'Gebaier vum Ignatiuskolléisch oder op Exaten an Holland geplënnert. D'Bibliothéik, déi antëschent op 80.000 Bänn erugewuess war, gouf op Valkenburg transportéiert, wou sech och d'Redaktioun vun den Zäitschrëften niddergelooss huet. Den 20. Mäerz 1911 hunn d'Pateren de Schlëssel vum Gebai ofgeliwwert.

An dem Schrëftstellerheem gouf d'Handwierkerschoul, d'École d'artisans de l'État, installéiert. De 15. September 1912 hunn d'Coursen an deem neien Etablissement ugefaangen.[1] Am Laf vun der Zäit huet sech aus dëser Schoul den aktuelle Lycée technique des arts et métiers (LTAM) entwéckelt.

Ënner de Résidenten aus dem d'Schrëftstellerheem ware bekannt Leit, wéi de Literaturhistoriker Alexander Baumgartner, d'Konschthistoriker Stephan Beissel, Joseph Braun a Josef Kreitmaier, den Historiker Otto Braunsberger, den Indolog an Orientalist Joseph Dahlmann, de Philosoph Karl Frick, de Pater Hermann Krose, den Ökonom Heinrich Pesch, de Jugendschrëftsteller Joseph Spillmann an den Naturforscher Erich Wasmann.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bost, B., 2014. Fünfbändige "Geschichte der deutschen Jesuiten" erschienen. Deutsche Jesuiten und Luxemburg. Herausragende Rolle des Schriftstellerheims auf Limpertsberg von 1899-1911. Die Warte 11|2433 vum 27. Mäerz 2014, S. 10.
  • Chevalier, A., 2009. Jesuiten in Luxemburg: zwischen Kontinuität und Wandel. Luxemburger Wort 2009, Nr. 26 (31. Januar), S. 21.
  • Krier, E., 1994. Das Schriftstellerheim der deutschen Jesuiten in Luxemburg. Hémecht 46 (1), S. 255-271.
  • Kunnert, J.P., 1996. L'histoire du LTAM. In: Lycée technique des Arts et Métiers: 100 Joer Handwierkerschoul. Luxembourg, Imprimerie Centrale, S. 12-36.
  • Schatz, K., 2013. Geschichte der deutschen Jesuiten (1914-1983), 5 Bänn. Aschendorff Verlag Münster. ISBN 978-3402129647.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kunnert 1996, S. 25.