Heinrich Pesch

Vu Wikipedia
Heinrich Pesch
Gebuer 17. September 1854
Köln
Gestuerwen 1. Abrëll 1926
Valkenburg aan de Geul
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Ekonomist, Soziolog, Philosoph

Den Heinrich Pesch, gebuer de 17. September 1854 zu Köln, gestuerwen den 1. Abrëll 1926 zu Valkenburg, war e Jesuitt, Ekonomist a Sozialphilosoph.

Den Heinrich Pesch huet de Solidaritéitsprinzip an d'kathoulesch Sozialdoktrin agefouert. Hien ass besonnesch bekannt fir säi monumentalt Lehrbuch der Nationalökonomie.

De Pesch, deen 1876 an de Jesuittenuerden agetratt ass, krut d'Priisterwei am Joer 1888. Vun 1901 bis 1903 huet hie seng Ekonomiesstudien zu Berlin verdéift. Duerno huet hien, vun 1903 un, zu Lëtzebuerg am Schrëftstellerheem vun de Jesuitten um Lampertsbierg gelieft,[1] wou hien déi éischt Deeler vu sengem Lehrbuch der Nationalökonomie verfaasst huet.[2] 1910 ass hien op Berlin an d'Klouschter vu Marienfelde (Kloster zum Guten Hirten)[3] gezunn, wou hie weider u sengem Liewenswierk geschriwwen huet.[2]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Lehrbuch der Nationalökonomie, 5 Bänn, Freiburg 1905-1923. [1]
  • Liberalismus, Sozialismus u. christl. Gesellschaftsauffassung, 2 Bänn, Freiburg 1893-1900.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • DBE, 2001. Pesch, Heinrich. In: Deutsche Biographische Enzyklopädie (DBE). Bd. 7. München, Deutscher Taschenbuch Verlag u. K.G. Saur, S. 607.
  • Kettern, B., 1994. Heinrich Pesch. In: Biographisch-Bibliographisches Kirchenlexikon (BBKL). Band 7, Herzberg 1994, Sp. 236–247. [2]
  • Zenz, H. Heinrich Pesch, Moraltheologe, Sozialethiker (1854-1926). Online-Publikatioun. (download: 20.04.2010)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. E. Krier, 1994. Das Schriftstellerheim der deutschen Jesuitten in Luxemburg. Hémecht 46 (1), S. 261f.
  2. 2,0 2,1 Kettern 1994.
  3. Kloster zum Guten Hirten. Wikipedia