Jesuitten

Vu Wikipedia

Als Jesuitten ginn d'Membre vun der kathoulescher Uerdensgemeinschaft Gesellschaft Jesu (Societas Jesu, SJ ofgekierzt) bezeechent, déi op Léiffrawëschdag, de 15. August 1534 vum Ignatius vu Loyola zesumme mat e puer Frënn, wéi de Franz Xaver an de Pierre Faber, gegrënnt gouf. Nieft den dräi gewéinlechen UerdensgelübderAarmut, Keuschheet a Follegen – verflichte sech d'Jesuitten duerch e véiert Verspriechen zu engem besonnesche Gehorsam vis-à-vis vum Poopst. Den Uerde gouf 1773 op Drock vun den opgekläert-absolutistesche Milieue vum Poopst selwer opgehuewen, 1814 awer erëm zougelooss.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

Ënneschten Deel aus der Chouerfënster "gloriae mysteria" vun der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg mam Monogramm IHS, dem Hl Ignatius an dem Abbé Pierre Fourier

D'Jesuitte zielen zu de Regularkleriker. Si droe keng besonnesch Uerdenskleedung an hunn och kee gemeinsaamt Chouergebiet. E Jesuitt dréit just hanner sengem Familljennumm de Kierzel SJ fir Societas Jesu.

D'Symbol vum Uerden ass de Monogramm IHS (déi éischt dräi Buschtawe vum Numm Jesus op Griichesch. Dacks gouf IHS och als Iesum Habemus Socium (Mir hu Jesus als Gefährten) oder Iesus Hominum Salvator (Jesus, den Erléiser vun de Mënschen) gedeit. De Motto vum Uerden ass de laténgesche Sproch: Omnia Ad Maiorem Dei Gloriam (Alles zur gréisserer Éier vum Härgott), dacks ofgekierzt OAMDG oder AMDG.

D'Exerzitie vum Ignatius von Loyola sinn de Kär vun der jesuittescher Spiritualitéit, woubäi a Gebiet a Meditatioun dat eegent Liewen an d'Liewe vu Jesus betruecht ginn. Dës Exerzitie ginn haut och vu Laien an aneren Uerde gemaach. Zur jesuittescher Spiritualitéit gehéiert och eng besonnesch Mariefrëmmegkeet, déi si zanter der kathoulescher Géigereformatioun kloer an däitlech vun der protestantescher Reformatioun ënnerscheet.

Am Europa vum 17. Joerhonnert hunn d'Jesuitte kierchepolitesch eng bedeitend Roll an der Géigereformatioun gespillt fir déi sougenannt protestantesch Heresi ze bekämpfen. Den Uerden huet dofir, besonnesch a Länner an deenen de kathoulesche Glawen a Gefor war, Uerdenshaiser gegrënnt, sou och zu Lëtzebuerg.

Den Uerden huet den 1. Januar 2011 am Ganze 17.906 Memberen an 125 Länner gezielt. Vill Jesuitte si weltwäit a Schoulen an Universitéiten aktiv. Aner wichteg Aufgabe sinn d'Begleedung vun Exerzitien awer och d'Sozial- a Flüchtingsaarbecht wéi d'Medienaarbecht.

D'Jesuitten zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Vu 1594 bis 1773[änneren | Quelltext änneren]

Nidderloossung[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem Afloss vum Gouverneur Péiter Ernest I. vu Mansfeld sollt d'Festungsstad Lëtzebuerg, Haaptstad vum Herzogtum Lëtzebuerg, kathoulesch bleiwen, géint iwwer der Verbreedung vun der protestantescher Reform vum Martin Luther. Zanter 1577 huet de Mansfeld versicht, d'Jesuitten op Lëtzebuerg ze kréien. Hie gouf dobäi ënnerstëtzt a berode vum deemolege Schäffe vun der Stad a Conseiller am Conseil provincial, dem Antoine Houst.

En éischte Versuch vun enger Néierloossung vun de Jesuitten zu Lëtzebuerg am Joer 1585 konnt duerch finanziell Schwieregkeeten net duerchgezu ginn, an dat obwuel de Poopst Sixtus V. schonn eng Grënnungsbull fir d'Schafe vun engem Jesuittekolléisch erlooss hat.

De 14. August 1594 hu sech dunn aus der belscher Provënz vum Jesuittenuerden (der gallo-belscher Provënz, no 1612) déi dräi éischt Jesuittepateren, den Henri vu Samrée, de Bernard Olivier an den Théodore-Othon Becanus, zesumme mat zwéi Jesuittebridder definitiv zu Lëtzebuerg installéiert. D'Famill vum Antoine Houst huet sech ëm passend Wunnenge gekëmmert[1]. An der Nikloskierch war den Altor vum hellege Kräiz fir déi jonk Uerdensgemeinschaft reservéiert.

Jesuittekolléisch[änneren | Quelltext änneren]

D'Jesuittekierch mam Jesuittekolléisch, Architekteplang ëm 1686

An de Jore 1597 a 1602 hunn d'Jesuitten déi néideg Terraine kaaft fir hir Schoul, de Jesuittekolléisch ze bauen. Dës Terraine louche quasi vis-à-vis vum Knuedlerklouschter, dem monasterium minoritorum, op der anerer Säit vun der Ënneschtgaass. 1603 a 1611 ass et hinnen dunn och gelongen déi Haiser niewendrun ze kafen, fir do hir eegen Uerdenskierch, déi haiteg Kathedral ze bauen. De klenge Foussgängerduerchgang (vun der Ënneschtgaass bis bei d'Haus vun de Berbuerger, den haitege Staatsministère) nieft der Kathedral erënnert haut nach un de politesche Rechtssträit aus de Jore 1611 a 1612 an deem d'Häre vu Berbuerg hiert Recht op en Duerchgang gëlle gelooss hunn.

Den 1. Oktober 1603 hunn d'Jesuitten a Presenz vum Gouverneur Mansfeld an dem Abbé Pierre Roberti vun Neimënster déi éischt postprimär Schoul zu Lëtzebuerg ageweit. De Kolléisch huet deemools mat 200 Schüler an 3 Klassen ugefaangen. Vu 1605 un, konnt de Jesuittekolléisch 400 Schüler an dem ganze Secondairezyklus vu 5 Joer ophuelen[2]. Dat jesuittescht Erzéiungskonzept war an der Ratio Studiorum vu 1599 fir all Jesuitteschoulen definéiert[3]. D'Gebaier vum Jesuittekolléisch, der haiteger Nationalbibliothéik, goufe 1608 mat der Aula ofgeschloss, deem Sall, deen ufanks als Kiercheraum gedéngt huet an an deem haut dacks Konferenzen oder Ausstellunge sinn.

No de Pläng vum Jesuittebrudder Jean du Blocq ass an de Jore 1613 – 1621 d'Jesuittekierch gebaut ginn. D'Gebai vum Kolléisch gouf eng éischt Kéier 1686 – 1687 duerch e neie Fligel vergréissert, finanzéiert vum Louis XIV, eng 2. Kéier am Joer 1713 an nach emol eng 3. Kéier am Joer 1735 vergréissert. Bis zu 800 Schüler hunn deemools do studéiert.

Spiritualitéit[änneren | Quelltext änneren]

De 16. Januar 1610 hunn d'Jesuitten am Kolléisch déi Marianesch Sodalitéit gegrënnt. Dës reliéis Brudderschaft stoung um Ufank vun der Muttergottesveréierung zu Lëtzebuerg an huet zesumme mam Pater Jacques Brocquart S.J. den 8. Dezember 1624 eng Muttergottesstatu mam Titel Tréischterin am Leed zur Veréierung virun d'Stadmauere gedroen. Doraus ass d'Muttergottesoktav entstanen.[4]

Um pastorale Plang hu si, besonnesch an der Stad, dat kathoulescht Liewen no de Glawens- a Moralprinzipie vum Tridentinesche Konzil (1545-1563) gefërdert. Hir Missioun war nieft der Marieveréierung besonnesch ausgeriicht op Beicht an Kommioun (Eucharistie, Massfeier). Sou zielen d'Chronike 15200 Kommunikanten fir d'Joer 1608, 40-50000 drësseg Joer méi spéit, an souguer 90000 am Joer 1672. Am Joer 1667 gouf et déi éischt feierlech Éischtkommioun an der Jesuittekierch.

Duerch hir Priedegten hunn d'Jesuitten d'Frëmmegkeet an d'Hellegeveréierung vun de Gleewegen an der Barockzäit wéi och vun den Zaldoten aus der Festungsstad nohalteg gefërdert. Nieft hirer Missiounstätegkeet an der Stad hu si awer och Volleksmissiounen am ganzen Herzogtum Lëtzebuerg duerchgezunn a chrëschtlech Bräich agefouert oder gestäerkt. Bedeitend Volleksmissionare waren de Nicolaus Leyen (1574-1636), de Philippe de Scouville (1622-1702) an de Pierre Wiltz(1671-1749), déi eege Katchëssem fir déi Lëtzebuerger a déi Tréierer Gemeinschafte verfaasst hunn.

No der Eruewerung vu Lëtzebuerg duerch de Louis XIV. (1684) gouf am Jesuittekolléisch och Philosophie an Theologie dozéiert. Dëst huet den intellektuelle Niveau vum Lëtzebuerger Klerus staark beaflosst.

Wëssenschaft a Kultur[änneren | Quelltext änneren]

D'Jesuitten hunn och d'Beräicher Wëssenschaft a Kultur staark geprägt. Bedeitend Jesuitte waren:

D'Zäit vun der Ophiewung vum Jesuittenuerden[änneren | Quelltext änneren]

Wéi am Joer 1773 de Jesuittenuerde vum Poopst Clemens XIV. opgeléist ginn ass, sinn d'Gebailechkeete vum Kolléisch fir d'éischt vun der Gemeng Lëtzebuerg an duerno vum Staat iwwerholl ginn. D'Schoul heescht zanter 1817 ATHENAEUM, wéi de Chronogramm op der Haffsäit vum Entréesportal an der Ënneschtgaass et an Erënnerung hält: ATHENAEVM SIT LVCELBVRGI DECOR (Den Athenäum sief de Bijou vu Lëtzebuerg).

Aus der Jesuittekierch gouf 1779 d'Parkierch Hl. Niklos an Hl. Teresa an zanter 1870 ass si Bëschofskierch, d'Kathedral vu Lëtzebuerg.

Zanter 1895[änneren | Quelltext änneren]

Schrëftstellerheem Bellevue, ongeféier 1910

Obwuel de Jesuittenuerden am Joer 1814 duerch de Poopst Pius VII. erëm erlaabt krut ze wierken, huet et bis 1895 gedauert bis d'Jesuitten, duerch eng däitsch Uerdensgemeinschaft, sech erëm zu Lëtzebuerg am Garer Quartier niddergelooss hunn[5]. Datt et sou laang gedauert huet, louch souwuel un der antiklerikaler Gesetzgebung wéi och un enger feindlecher Haltung vun engem Deel vum Klerus. Zu hiren Aufgaben hunn nieft Exerzitien Volleksmissiounen a Oktavpriedegten gehéiert.

Am historesche Kontext vum Kulturkampf an Däitschland an den antiklerikale Gesetzer a Frankräich war geplangt zu Lëtzebuerg eng Jesuittenuniversitéit ze grënnen. Aus deem Grond war den Augustin Catillion S.J. vu Metz (1822-1892) dacks zu Lëtzebuerg. Aus deem Projet gouf awer näischt. Am Joer 1898 huet sech eng gréisser Gemeinschaft vun däitsche Jesuittepateren a -bridder um Lampertsbierg am Schrëftstellerheem Bellevue (d'Gebai vum aktuelle Lycée des arts et métiers) niddergelooss fir vun hei aus intellektuell Aarbecht ze maachen a publizistesch bis iwwer d'Grenzen eraus täteg ze sinn. Bekannate Jesuitten aus där Zäit sinn de Literaturforscher Alexander Baumgartner, d'Konschthistoriker Stephan Beissel, Joseph Braun a Josef Kreitmaier, den Historiker Otto Braunsberger, de Philosoph Karl Frick, de Pater Hermann Krose, den Ekonomist a Sozialphilosoph Heinrich Pesch, de Jugendschrëftsteller Joseph Spillmann an de Biolog a Seechomessepezialist Erich Wasmann. D'Pateren hunn d'Schrëftstellerheem 1911 verlooss, well et fir den Uerde finanziell net méi ze droe war. Eng Rei vun hinnen hu Lëtzebuerg verlooss, déi aner goungen an d'Faïenceriestrooss an dat haitegt Internat Ste Marie.

Fichier:Jesuit Christ Roi Chapel Luxembourg.jpg
Christ Roi-Kapell, ugebaut un d'Jesuitteklouschter op 25 Av. Gaston Diderich an der Stad

Zanter 1932 wunnen d'Jesuitten um Belair an der Communauté Christ-Roi mat der dozou gehéiereger Christ Roi-Kapell. Si sinn an der Studentejugend aktiv a begleeden d'JEC (Jeunesse Etudiante Chrétienne), déi si 1944 gegrënnt hunn. Tëscht 1945 a 1955 huet d'JEC ënner dem Pater Jean Wester eng wichteg Roll an der Lëtzebuerger Gesellschaft gespillt. Bis an d'70er Joren hunn de "JEC's-Theater" an d'Zäitschrëft Ons 'Equipe dat kritescht Denken ënner der Studentejugend gefërdert. Heifir stinn Nimm wéi Pater Spoden, Pletschette, Schaack oder de Pater Joseph Klopp, dee vun 1964 bis zu sengem Doud 1983 Aumônier vun der ALUC war[6].

Ënner den Erwuessene begleede si d'Communauté de Vie Chrétienne (CVX), deenen hiert Motto Gott an Allem erliewen ass.

Den 12. Juli 2011 huet den Äerzbëschof Fernand Franck bekannt gemaach, datt de Jesuittepater Jean-Claude Hollerich SJ de 16. Oktober 2011 an der Kathedral zum 8. Bëschof an 3. Äerzbëschof vu Lëtzebuerg geweit gëtt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Alain Woodrow (an Zësummenaarbecht mam Albert Longchamp), Les Jésuites. Histoire de pouvoirs; Paräis (J.-Cl. Lattès), 1984.
  • 400 Joer Kolléisch. éditions saint-paul. Fënnef Bänn, 2003/04, bibnet.lu:000432326
Band I, ënner der Leedung vum Josy Birsens, S.J.: Du Collège des Jésuites au Collège Municipal 1603-1815. 287 S.
  • Josy Birsens SJ, 1994, Das Wirken der Jesuiten in Luxemburg im Dienst von Glaube und Kulur (1594-1994), Die Warte 15/1697, Luxemburger Wort 5. 5. 1994.
  • Josy Birsens SJ, Les Jésuites et leur collège: renforcement de l'identité catholique entre 1603 et 1773, S. 180-193 in: Emil Haag, Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles ; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5,
  • Bodo Bost, 2014. Fünfbändige "Geschichte der deutschen Jesuiten" erschienen. Deutsche Jesuiten und Luxemburg. Herausragende Rolle des Schriftstellerheims auf Limpertsberg von 1899-1911.. Die Warte 11|2433 vum 27. Mäerz 2014, S. 10.
  • Klaus Schatz, 2013. Geschichte der deutschen Jesuiten (1914-1983), 5 Bänn. Aschendorff Verlag Münster. ISBN 978-3402129647.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jesuitten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. “Da noch keine passende Wohnung für di Ordensleute gefunden werden konnte, wohnten sie die erste Zeit bald hier bald dort in der Stadt.“ cf. 400 Joer Kolléisch, Bd. 1, Du Collège des Jésuites au Collège Municipal 1603 – 1815, S. 80
  2. cf. 400 Joer Kolléisch, Bd. 1, Du Collège des Jésuites au Collège Municipal 1603 – 1815, S. 66
  3. THE JESUIT RATIO STUDIORUM OF 1599, op Englesch iwwersat Gearchiveerd op 2011-08-11. Gekuckt de(n) 2012-01-30.
  4. Bost Bodo, Gott in allen Dingen suchen Vor 400 Jahren Marianische Sodalität errichtet, Beginn der Marienverehrung in Luxemburg, in Die Warte 3,2281 S. 6-8, Luxemburger Wort 21. 1. 2010
  5. Archives de la Province belge méridionale et du Luxembourg Gearchiveerd op 2011-08-23. Gekuckt de(n) 2011-09-01.
  6. Meyers Pierre SJ, 2011, In memoriam père Joseph Klopp: chrétien - prêtre - religieux, Livre de Centenaire AV-ALUC S. 112-117