Belsch (Semantik)

Vu Wikipedia

De Begrëff Belsch (resp. Belgica, Belgae, Belgique, asw.) gouf am Laf vun der Zäit fir eng méi oder wéineger grouss Géigend, respektiv fir verschidde Géigende gläichzäiteg, a fir ënnerschiddlech Mënschegruppe benotzt.

De Begrëff Belgium, deen de Gaius Iulius Caesar zweemol am Buch V vu senge Commentarii de Bello Gallico gebraucht, schéngt nëmme fir e klengen Deel am Südweste vum Territoire vun de Belgae ze gëllen, an zwar fir ongeféier déi Géigend, wou Amiens, Beauvais an Arras leien. Eppes méi spéit an der Réimerzäit gëtt d'Wuert Belgica méi am Sënn vu Gebitt, wou d'Belgae doheem si benotzt - woubäi drëm gestridde gëtt, ob d'Treverer an d'Nervier als "Belgae" ze gëllen hunn -, mä deen Territoire ass am Laf vun de Joerhonnerten zimmlech variabel: laang steet d'Wuert grosso modo fir de Raum tëscht der Seine, der Marne, dem Rhäin an der Nordséi, an administrativ fir déi réimesch Provënz Gallia Belgica, déi méi spéit an zwee gedeelt gouf, mat Tréier (Belgica I) a Reims (Belgica II) als Haaptstied. Spéider erstreckt sech Belgica och mol iwwer d'Géigend vum Mëttelrhäin bis an déi haiteg Schwäiz eran.

Am spéiden 9. Joerhonnert, also an der Karolengescher Renaissance, gouf dem Lothar II. säi Räich, "Lotharii regnum", dat tëscht der "Gallia" vum Karel dem Plakkapp an der "Germania" vum Ludwig dem Däitsche louch, als Gallia Belgica oder einfach als Belgica bezeechent. Domat war d'Zwëscheräich Lotharingien (fr. Lotharingie) gemengt.

Zur Zäit vum Philippe dem Gudden, Herzog vu Burgund (15. Jh.), hunn déi éischt Humanisten, déi sech erëm fir dat klassescht Latäin agesat hunn, de Begrëff Gallia Belgica benotzt, fir den Ensembel vun alle Principautéiten ze bezeechnen, déi bis ewell vum Haus Burgund tëscht dem Kinnekräich Frankräich an dem Keeserräich (HRR) gesammelt gi waren. Soss sinn d'Fürstentümer, déi an der Hand vum Haus Burgund waren, kollektiv einfach "Burgundia" genannt ginn. D'Herzogtum Lëtzebuerg war iwweregens zanter 1441/1443 Deel vun deem Ensembel.

Leo Belgicus. Kaart vum Pieter van den Keere, 1617.

Vun der Mëtt vum 16. Joerhonnert un ass de Begrëff (Gallia) Belgica nëmme méi fir d'"Pays d'En-Bas" gebraucht ginn, also fir dat wäit Déifland nërdlech vum Paräisser Baseng, dat vun de Flëss Schelde (fr. Escaut), Meuse, Musel an Nidderrhäin drainéiert gëtt an och als Lage Landen, Low Countries oder Nidderlanden bekannt ass. Dem Keeser Karel V. seng Siwwenzéng Provënzen, déi quasi identesch mat de Burgundeschen Nidderlande waren, sinn deemno dacks mat Belgica ëmschriwwe ginn. Dat berüümt Bild vum Leo Belgicus (= Nederlandse Leeuw, Lion des Pays d'en-bas), dat gläichzäiteg eng Kaart vun den deemolegen Nidderlanden ass, entsprécht där Iddi.

No der Utrechter Unioun 1579 an der Deelung vun den Nidderlanden, ass den Norden, d. h. d'Republik vun de Vereenegte Provënzen, déi aus siwe Provënze bestanen huet mat enger Rei gemeinsame Gebidder am Süden, d'"Generalitätslande", dacks mat Provinciae foederatae Belgiae, bezeechent ginn. Déi Republik, an där d'Provënz Holland schonn duerch hir Lag déi wichtegst Roll gespillt huet, ass geschwënn eng bedeitend Wirtschafts- a Kolonialmuecht ginn. Si huet, ë. a., am Norde vum amerikanesche Kontinent Fouss gefaasst, a fir déi Gebidder, déi se sech do ënnerstallt hat, fënnt een d'Denominatioun Nova Belgica sive Nieuw Nederlandt, z. B. op der berüümter Kaart vum Jansson-Visscher, déi den Adriaen van der Donck 1651 zu Amsterdam drécke gelooss huet.

Fir d'Provënzen am Süde vun den Nidderlanden déi beim Haus Habsburg bliwwe waren an déi 1713/14 vun der spuenescher Linn bei d'éisträichesch Linn geschloe goufen, fënnt een an der Zäit vun der Maria-Theresia a vum Jouseph II. d'Bezeechnung Belgium austriacum. Am Joer 1779 fënnt ee souwuel Belgicae praefectus fir de Karel vu Loutrengen, dee Generalgouverneur vun den Éisträicheschen Nidderlanden war, grad wéi ënner der Fieder vum Bëschof vun Avranches, Belgae fir d'Hollänner.

Belgica, Belgae a belgicus /-a /-um sinn deemno Wierder, déi ëmmer nees mat Virsiicht ze genéisse sinn. Normalerweis gëtt d'Adjektiv am 18. Jh. mat "des Pays-Bas (méridionaux ou autrichiens)" iwwersat. Uertschafte wéi Léck, Huy, Hasselt, Dinant, Bouillon, Stavelot oder Malmedy, déi net an den Éisträicheschen Nidderlande waren, haten also näischt mat deem Begrëff um Hutt. Wéi an der Zäit vun der Brabanter Revolutioun (1789/90), aus där d'Herzogtum (oder d'"Provënz") Lëtzebuerg sech konnt eraushalen, eng kuerzlieweg Republik vun den États-Belgiques-Unis ausgeruff gouf, ass déi selwecht Republik an offiziellen Dokumenter mat "Vereenigde Nederlandsche Staeten" am deemolege brabanter-flämeschen Dialekt ëmschriwwe ginn. D'Adjektiv "belgique", den Ausdrock "des Pays-Bas (méridionaux ou autrichiens)" an d'Adjektiv "nederlands" waren deemno Synonymmen.Se haten direkt näischt mam zukünftege Staat Belsch ze dinn, a se haten zumol keng sproochlech Konnotatioun.

Den haitege Sënn vum Adjektiv belge, dat déi al Form "belgique" ersat huet, a vum Numm Belgique, fir d'Land, huet sech am Fong eréischt progressiv tëscht der Franséischer Revolutioun, an där d'Éisträichesch Nidderlanden an aner Fürstentümer den néng franséischen Departementer (fr:Départements réunis) Plaz hu misse maachen, an der definitiver Delimitatioun (1839) vum belsche Kinnekräich, dat 1830 ausgeruff gi war, duerchgesat. Dobäi hu vill Awunner vum alen onofhängege Prënzbistum Léck sech nach laang net als Belsch betruecht oder gefillt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Bonenfant (Professer op der ULB), Du "Belgium" de César à la Belgique de 1830 - Essai sur une évolution sémantique; in: Annales de la Société royale d'Archéologie de Bruxelles; Bd. L (1961), Ss. 31-58.
  • Edouard M. Kayser, Quelque part entre Vienne et Londres... - Le Grand-Duché de Luxembourg de 1815 à 1867; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1990; S. 51.
  • Joan Blaeu, Atlas maior vu 1665; Rééditioun Benedikt Taschen, Köln, 2006; vgl. de Band Belgica regia & Belgica foederata (De Lage Landen - Les Pays-Bas et la Belgique - The Netherlands and Belgium) ; 63 commentéiert Kaarten; 208 Säiten. ISBN 978-3-8228-5103-6 ; ISBN 3-8228-5103-5