Mëttelrhäin

Vu Wikipedia
Kaart
D'Buerg Katz, hannen d'Loreley

De Mëttelrhäin oder Mëttelste Rhäin, ass dee Streech vum Rhäin vu ronn 130 Kilometer tëscht Bingen a Bonn. Et ass eng beandrockend Kulturlandschaft, an där ronn 450.000 Mënsche liewen.

De Rhäin leeft do an engem Duerchbrochsdall duerch d'Rhäinesch Schiferbierger, déi am Westen Honsréck an Äifel heeschen, an Taunus, Westerwald a Siebengebirge am Osten. Am Süde kënnt de Floss aus dem flaachen Dall vum Ieweschte Rhäin, no Norden hi leeft en dann an d'Kölner Bucht.

Zanter jee ass déi Streck ee vun de wichtegste Verkéiersweeër tëscht Nord- a Süddäitschland, an, zanter der Réimerzäit, en Handelswee tëscht der Mëttelmierregioun an Nordeuropa.

Charakteristesch sinn d'Wéngerte laanscht d'Uwänner, ma och déi Rëtsch Buergen um Bord vum Dall an déi historesch Uertschaften am Dall. D'Géigend ass dofir zanter dem 19. Joerhonnert eng beléift Touristendestinatioun, an Inkarnatioun vun der sougenannter Rhäinromantik, wéi se z. B. am Gedicht Die Loreley vum Heinrich Heine zum Ausdrock kënnt.

De südlechen Deel vum Mëttelrhäin, vu Bingen a Rüdesheim bis op Koblenz ass zanter 2002, als Kultutrlandschaft Oberes Mittelrheintal vun der UNESCO als Weltkulturierwe klasséiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mëttelrhäin – Biller, Videoen oder Audiodateien