Äifel

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vue vun der Héicht vun Düttling aus no Südosten. Um Horizont ze gesinn de Wandpark vun Dottel (lénks) a riets op der Kopp d'Uertschaft Kall. Distanz zum Fotograf 8 Kilometer. Plaz vum Fotograf 50° 36’ 38’’ N 06° 33’ 08’’ O.

D'Äifel ass eng hiwweleg Regioun a Westdäitschland, an Nordrhein-Westfalen an a Rheinland-Pfalz, südëstlech an ëstlech vun de belschen Ostkantonen, an nordëstlech vu Lëtzebuerg. Si stéisst also un d'Belsch an un de Grand-Duché. Uertschafte wéi Bitburg, Neierbuerg, Manderscheid, Krounebuerg a Schleiden hu bis 1794/95 zum Lëtzebuerger Land gehéiert, duerno zu den Departementer Forêts respektiv Ourthe, an 1815 si s'u Preisen annektéiert ginn.

D'Äifel gëtt am Süde vun der Musel begrenzt, an am Oste vum Rhäin. Se huet Ausleefer: am Nordwesten, d'Héicht Venn (fr. "Hautes Fagnes" an der Belsch), an am Westen d'Éislek an d'Ardennë bis a Frankräich eran. D'Äifel, d'Éislek an d'Ardennë gehéieren zur selwechter geologescher Formatioun. Wat d'Äifel vum Éislek a vun den Ardennen ënnerscheet ass hire vulkaneschen Ursprong (kuckt: Vulkanäifel). Dat ass an Däitschland nach däitlech un de Maaren a Kraterséien z'erkennen.

Stied an der Äifel[änneren | Quelltext änneren]

Héich Plazen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eifel – Biller, Videoen oder Audiodateien