Vulkanäifel

Vu Wikipedia
Basaltsailen an der Ettringer Lay

D'Vulkanäifel ass eng Géigend an der Äifel, am däitsche Bundesland Rheinland-Pfalz.

Si erstreckt sech vum Laacher Séi an der Landschaft tëscht Andernach a Mayen bis zur Géigend ëm de Kronenburger Séi an der Regioun ëm Manderscheid. Hiren Zentrum ass d'Regioun ëm Daun. D'Landschaft vun der Vulkanäifel ass naturraimlech an d'Westäifel, d'Héichäifel an an d'Ostäifel gegliddert an ass duerch d'Forme vum jonke Vulkanismus: Vulkankrater, mächteg Bimssteen- a Basaltoflagerungen a Maare markéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Gewalteg Vulkanausbréch hunn an der Äifel virun 13.000 Joer déi jénkst Vulkanlandschaft kreéiert, eng Landschaft aus Feier, Lava an Äschen, an dat haaptsächlech duerch de Laacher-Séi-Ausbroch. Nach haut gesäit een eng Onmass u Schlakekegelen, Maaren, meterdéck Tuff- a Bimswänn an erkaalt Lavastréim. An de leschte 500.000 Jore sinn an der Ostäifel nieft den dräi gréissten Ausbrochzentren: Riedener Kessel, Wehrer Kessel a Laacher-Séi, ronn 40 Schlakekegelen entstanen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vulkanäifel – Biller, Videoen oder Audiodateien