Stavelot

Vu Wikipedia
Stavelot
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Awunner 7.145 (1. Januar 2018)
Fläch 85,07 km²
Koordinaten 50°23'40"N, 5°55'52"O
Telefonszon 080
Postcode 4970
Websäit https://www.stavelot.be
D'Plaz Saint-Remacle.

Stavelot (wa.: Ståvleu) ass eng belsch Stad an der Provënz Léck am Oste vum Land. Vu Stavelot aus sinn et 50 km bis op Léck an 150 km bis op Bréissel.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Stavelot ass eng vun den eelste Stied an der Belsch. Si gouf am Joer 648 vum hellege Remakel gegrënnt, deen op d'Ureegung vum Sigebert III. d'Evangelium an der Géigend verkënnegt huet.
D'Abteie vu Stavelot a Malmedy hunn eng kierchlech Regentschaft gebilt, déi dem Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun(lat.Sacrum Romanorum Imperium Nationis Germanicæ) ënnerstallt war. Den ieweschte Chef war de Prënz-Abt (Prince-Abbé), deen all Pouvoiren hat, politesch a reliéis. Déi Situatioun ass 1794, wärend der Franséischer Revolutioun zu Enn gaangen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fürstentum Stavelot-Malmedy.

De Wiener Kongress huet Stavelot, dat deemools, wéi de Rescht vun der zukënfteger Belsch, mat Holland ee grousst, vereenegt Kinnekräich gebilt huet, vu Malmedy getrennt, dat dunn zu Preisen geschloe gouf. Wéi d'Belsch 1830 onofhängeg gouf, ass d'Grenz déi selwecht bliwwen, a gouf 1839 um Terrain mat Maarke gezeechent. D'Grenzmaarke vun deemools, déi meeschtens sechseckeg, a ronn annerhallwe Meter héich sinn, an an déi op der belscher Säit e B an op der deemools preisescher Säit e P gemeesselt ass, sinn haut nach laanscht d'Uertschafte Francorchamps, Hockai a Ster ze gesinn. D'Grenz gouf do vun de Baachen Eau Rouge a Ruisseau de Targnon gebilt.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng, déi am Häerz vun den héijen Ardenne läit, ass de Mëttelpunkt vun enger Landschaft, déi duerch d'Nieweflëss vun der Amblève (de: Amel) bewässert gëtt.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Perséinlechkeete vu Stavelot[änneren | Quelltext änneren]

  • De Guillaume Apollinaire huet 1899 do mat sengem Brudder wärend enger Saison gelieft. Hien huet d'Géigend an engem Gedicht: Fagnes de Wallonie beschriwwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stavelot – Biller, Videoen oder Audiodateien
Stavelot vun der Rue du Château aus gesinn.
Portal vun der Belsch: All Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Belsch