Herstal
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Herstal | |
---|---|
Land: | ![]() |
Regioun: | ![]() |
Communautéit: | Franséisch Communautéit |
Provënz: | Léck |
Gemeng: | Herstal |
Awunner (Gemeng): | 36.632 (1. Juli 2004) |
Herstal ass eng belsch Stad an der Provënz Léck a gehéiert mat Léck, Seraing, Saint-Nicolas, Ans a Flémalle zu der Agglomeratioun vu Léck mat am Ganzen enger 600 000 Awunner.
Den 1. Juli 2004 hunn zu Herstal 36.632 Leit gelieft. Herstal huet eng Fläch vun 23,19 km².
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Héristal, sou housch et fréier, war zesumme mat Jupille eng vun den Haaptresidenze vun de Merowenger an de Karolenger. De Pippin de Mëttelsten, de Karl Martell, de Pippin de Jonken an och de Karel de Groussen hunn enk Verbindunge mat Herstal gehat.
1977 hunn d'Gemenge Liers, Milmort a Vottem mat Herstal fusionéiert.
Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]
- Techspace Aéro eng Fabréck fir Prezisiounsdeeler fir d'Rakéit Ariane
- D'Fabrique Nationale d'Armes de Guerre (oder kuerz FN Herstal), déi gréisst Waffefabréck vun der Belsch, beschäftegt eng 900 Leit zu Herstal.
- Déi fréier Motorrad-Produzente Saroléa, Gillet Herstal a Brondoit haten hire Siège zu Herstal.
Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]
- De Musée communal vun Herstal mat engem Sall iwwer d'Industrie an engem Sall iwwer d'Merowenger an d'Karolenger zu Herstal.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Herstal – Biller, Videoen oder Audiodateien |