Visé
| Visé | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Land | Belsch |
| Regioun |
|
| Communautéit |
|
| Provënz |
|
| Arrondissement | Léck |
| Awunner | 17.767 (1. Januar 2018) |
| Fläch | 2.799 |
| Koordinaten |
50° 32’ 54.70’’ N 05° 19’ 03.03’’ O |
| Telefonszon | 04 |
| Postcode | 4600 |
| Websäit | http://www.vise.be |
|
| |
|
| |
Visé (op Wallounesch.: Vizé; op Hollännesch: Wezet) ass eng Stad an der Belsch, déi a Wallounien, an der Provënz Léck, op der Meuse an um Albertkanal läit.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Visé war eng vun den 23 Bonnes villes vum Fürstentum Léck. Et gëtt nach dräi Waffegilden, deenen hir Urspréng op d'Mëttelalter zeréckginn: Les Anciens Arbalétriers (zanter 1310, Les Anciens Arquebusiers a Les Francs-Arquebusiers, (zanter 1579.
De 16. August 1914 hunn d'52. an d'75. Reserve-Infanterie vun der däitscher Arméi bei der Invasioun 23 Zivilisten erschoss a 600 Haiser futtigemaach.
1977 goufen dës Gemenge mat Visé zesummegeluecht: Argenteau, Cheratte, Lanaye, Lixhe a Richelle. Aus der fréierer Gemeng Bombaye koum d'Uertschaft Mons mat derbäi.
Visé am Sport
[änneren | Quelltext änneren]2012 ass Visé eng Etappestad vum Tour de France mam Depart vun der Etapp Visé-Tournai.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Visé – Biller, Videoen oder Audiodateien |
