Franséisch Communautéit vun der Belsch

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer d' Belsch ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Franséisch Communautéit vun der Belsch
Land Belsch
Fläch 16.151 km²
Websäit http://www.cfwb.be/

Déi Franséisch Communautéit vun der Belsch (franséisch: Communauté française de Belgique) ass mat ronn 4,5 Millioune Leit déi zweetgréisst vun den dräi Communautéiten an der Belsch. Zënter 2011 nennt si sech selwer Fédération Wallonie-Bruxelles; dësen Term ass awer net dee vun der Verfassung.

Zu hir gehéiere 4,5 Millioune Franséischsproocheger wourënner:

Wéi den Numm et seet, bezeechent dës Communautéit net en Territoire, mä eng Gemeinschaft vu Leit déi an de Regioune Wallounien oder Bréissel oder verschiddene Facilitéitegemenge wunnen. Déi belsch Verfassung huet implizit d'Kompetenze vun de Communautéiten un de Grenze vun de Regioune festgeluecht; d'Franséischsproocheg Communautéit huet deemno keng Kompetenz fir (déi geschaten 100.000-200.000) franséischsproocheg Awunner a Flandern (ofgesinn vun deene puer Facilitéitegemengen) - an ëmgedréint.

Deemno zielen eng 41% vun der belscher Gesamtbevëlkerung zu der Franséischsproocheger Communautéit.

D'Franséischsproocheg Communautéit huet e Parlament an eng Regierung, déi hire Sëtz zu Bréissel hunn. Si ass zoustänneg fir Kultur, Educatioun, Sport, Jugend a Gesondheet fir déi Frankophon an deenen uewe beschriwwenen Territoiren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Franséisch Communautéit vun der Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien