Belsch Regiounen

Vu Wikipedia
Kaart mat den dräi Regiounen: Flanderen (giel), Wallounien (rout) a Bréissel (blo)

D'Belsch ass an dräi Regiounen agedeelt: d'Flämesch Regioun, d'Wallounesch Regioun an d'Haaptstadregioun Bréissel.

D'Regiounen iwwerschneide sech mat de Communautéiten a Provënze vun der Belsch, mee hunn aner Kompetenzen.
 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Communautéiten, Regiounen a Provënze vun der Belsch.

Iwwersiicht[änneren | Quelltext änneren]

Flämesch Regioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Flämesch Regioun (nl. Vlaams Gewest oder Vlaanderen) ëmfaasst dat nidderlännescht Sproochgebitt am Norde vun der Belsch. D'Haaptstad, déi selwer awer net um Gebitt vu Flandern läit, ass Bréissel. D'Regioun Flandern ass a fënnef Provënze agedeelt:

Wallounesch Regioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Wallounesch Regioun (fr. Wallonie, amtlech Région wallonne), ëmfaasst dat franséischt Sproochgebitt am Süden an dat däitscht Sproochgebitt am Oste vun der Belsch. D'Haaptstad ass Namouer. D'Regioun Wallonien ass och a fënnef Provënzen agedeelt:

Haaptstadregioun Bréissel[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptstadregioun Bréissel (fr. Région de Bruxelles-Capitale, nl. Brussels Hoofdstedelijk Gewest) ëmfaasst dat zweesproochegt Gebitt vu Bréissel. Si ass an 19 selbstänneg Gemengen agedeelt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]