Belsch Provënzen
Ausgesinn

D'Provënze vun der Belsch sinn eng vun den Ënnerdeelunge vum belsche Staat. Et gëtt zéng Provënzen, déi jeeweils zu enger vun den dräi administrative Regioune vum Land gehéieren: fënnef Provënze leien an der Flämescher Regioun, an déi aner fënnef an der Wallounescher Regioun; an der Haaptstadregioun Bréissel gëtt et keng Provënz.
Un der Spëtzt vun all Regioun steet e Gouverneur.
D'Provënze sinn an 43 administrativ Arrondissementer[1] agedeelt, déi hirersäits a 565 Gemengen[2] ënnerdeelt sinn.
Iwwersiicht vun den 10 Provënzen
[änneren | Quelltext änneren]| Lag | Fändel | Wopen | Provënz (franséischen, flämeschen Numm) |
Regioun | Chef-lieu | Populatioun[3] | Datum Populatioun |
Fläch (km²)[3] |
Densitéit (Aw./km²) |
Zuel vu Conseilleren |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Antwerpen
(Anvers, Antwerpen) |
Flandern | Antwerpen | 1.921.189 | 1. Januar 2025 | 2.876,12 | 667,98 | 36 | |||
| Limburg
(Limbourg, Limburg) |
Flandern | Hasselt | 904.919 | 1. Januar 2025 | 2.427,43 | 372,79 | 31 | |||
| Ostflandern
(Flandre Orientale, Oost-Vlaanderen) |
Flandern | Gent | 1.602.532 | 1. Januar 2025 | 3.007,05 | 532,92 | 36 | |||
| Flämesche Brabant
(Brabant flamand, Vlaams-Brabant) |
Flandern | Léiwen | 1.204.541 | 1. Januar 2025 | 2.118,35 | 568,62 | 36 | |||
| Westflandern
(Flandre-Occidentale, West-Vlaanderen) |
Flandern | Bruges | 1.231.585 | 1. Januar 2025 | 3.196,59 | 385,28 | 36 | |||
| Wallounesche Brabant
(Brabant wallon, Waals-Brabant) |
Wallounien | Wavre | 415.381 | 1. Januar 2025 | 1.097,2 | 378,58 | 37 | |||
| Hainaut
(Hainaut, Henegouwen) |
Wallounien | Mons | 1.365.328 | 1. Januar 2025 | 3.812,83 | 358,09 | 56 | |||
| Léck
(Liège, Luik) |
Wallounien | Léck | 1.122.925 | 1. Januar 2025 | 3.857,12 | 291,13 | 56 | |||
| Lëtzebuerg
(Luxembourg, Luxemburg) |
Wallounien | Arel | 296.008 | 1. Januar 2025 | 4.459,25 | 66,38 | 37 | |||
| Namouer
(Namur, Namen) |
Wallounien | Namouer | 505.348 | 1. Januar 2025 | 3.674,82 | 137,52 | 37 |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Belsch Provënzen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (en) Limites administratives - Arrondissements Belges. www.odwb.be. Gekuckt den 21.08.2025.
- ↑ La Belgique, un Etat fédéral | Belgium.be. www.belgium.be. Gekuckt den 21.08.2025.
- 1 2 Dës Informatioune ginn automatesch vu Wikidata agebonnen