Amel (Gemeng)

Vu Wikipedia
Amel
fr: Amblève
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Däitsch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Awunner 5.480 (1. Januar 2018)
Fläch 12.515
Koordinaten 50° 21’ 15.19’’ N
      06° 10’ 09.70’’ O
Telefonszon 080
Postcode 4770
Websäit https://www.amel.be/

Amel (fr.: Amblève) ass den Numm vun enger belscher Gemeng an Uertschaft a Wallounien, Provënz Léck. Et ass eng vun den 9 Gemenge vun der Däitschsproocheger Communautéit vun der Belsch. Amel gehéiert zu de Gemengen an den Ostkantonen, déi eréischt 1919, nom Traité vu Versailles, bei d'Belsch koumen.

D'Baach Amblève (oder Amel) leeft duerch d'Gemeng.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Géint 670 gouf Amel fir d'éischt als Amblava schrëftlech ernimmt. 1263 heescht d'Duerf Amelle.

Fir d'Origine vum Numm ginn e puer Méiglechkeeen uginn: de Suffixe -aua, fir Land vum Mammefloss; dat keltescht Ammula oder dat indo-europäescht Amma fir Mammegëttin, oder dat gallescht Ambila fir klenge Floss. Et kéint awer och vum Kelteschen amilla, Plaz wou Margréidercher wuessen, kommen.[1]

D'Siidlung ass laanscht eng Réimerstrooss entstanen, där vu Reims op Köln. Ëm 800 ass d'Via Mansuerica, déi vu Maastricht op Tréier goung, derbäikomm. 1868 goufen d'Reschter vun enger 75 × 30 m grousser réimescher Villa fonnt.

716 gouf et do eng Schluecht tëscht dem Karl Martell vun Austrasien an dem Chilperic II. vun Neustrien, bei där de Karl Martell de Gewënner war.

D'Gemeng war ënner dem franséische Regime entstanen, mat den Uertschaften Amel, Deidenberg, Eibertingen, Heppenbach, Iveldingen, Mirfeld, Möderscheid, Montenau, Schoppen a Valender.

An der Zäit vum Klëppelkrich hat Amel ze leiden. Do war den 29. Oktober 1798 en Opstand bluddeg ënnerdréckt ginn.

Vun 1814 bis 1919 huet d'Gemeng zu Preisen gehéiert. Tëscht 1919 an 1922 stoung se ënner der Verwaltung vum Haut-Commissariat royal fir dunn un d'Belsch ugeschloss ze ginn. 1920 goufen d'Uertschaften Heppenbach, Mirfeld, Möderscheid a Valender ofgespléckt, fir d'Gemeng Heppenbach ze bilden. Vun 1940 bis 1945 war se un d'Drëtt Räich ugeschloss.

D'Gemeng an der haiteger Form ass bei der belscher Gemengereform vun 1977 entstanen, duerch Fusioun vun de fréiere Gemengen Amel, Heppenbach a Meyerode.

Sektiounen an Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Born, Deidenberg, Eibertingen, Halenfeld, Heppenbach, Hepscheid, Herresbach, Iveldingen, Medell, Meyerode, Mirfeld, Möderscheid, Montenau, Schoppen, Stephanshof, Valender, Wereth

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Amel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dictionnaire des noms de lieux en Wallonie et à Bruxelles