29. Oktober
Ausgesinn
<< | Oktober | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | |
7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 |
14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 |
21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 |
28 | 29 | 30 | 31 | |||
2024 |
Den 29. Oktober ass den 302. Dag (303. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1268: Zu Neapel gëtt de Konradin vu Schwaben, Jong vum Keeser Konrad IV., leschte Vertrieder vun der Stauferdynastie gekäppt.
- 1787: Zu Prag gëtt d'Oper Don Giovanni vum Mozart fir d'alleréischt opgefouert.
- 1888: D'international Suezkanalkonventioun gëtt zu Konstantinopel ënnerschriwwen. De Suezkanal gëtt internationaalt Gewässer.
- 1911: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt hiren éischten offizielle Lännermatch, de Géigner ass Frankräich. Lëtzebuerg verléiert 1:4 an den Albert Elter schéisst den éischte Gol.[1]
- 1918: D'Besatzung vun der Héichséiflott zu Wilhelmshaven refuséiert un enger aussiichtsloser Séischluecht deelzehuelen. Dëst ass den Ausléiser vun der November-Revolutioun, déi zum Ausruffe vun der Republik féiert.
- 1950: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Éisträich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jules Gales geschoss.[2]
- 1956: No der Verstaatlechung vum Suezkanal duerch Egypten falen israeelesch Truppen an d'Sinaï-Hallefinsel an: domat fänkt de Suezkrich un.
- 1976: Den SED-Chef Erich Honecker gëtt Staatsrotvirsëtzenden an domat Staatschef vun der DDR.
- 1992: Den Feltrinelli-Präis geet un den amerikanesche Lyriker John Ashberry.
- 1999: En Zyklon zerstéiert den indesche Bundesstaat Orissa. Op d'mannst 15.000 Mënsche kommen dobäi ëm d'Liewen.
- 2002: De Max-Delbrück-Centrum Berlin-Buch deelt mat, datt de Wëssenschaftler Felix Knauf d'Funktiounsweis vun enger Genmutatioun bei enger Fruuchtméck Drosophila melanogaster beschriwwen huet. Dës Mutatioun verlängert d'Liewe vun der betraffener Méck ongeféier ëm dat duebelt op véier Wochen.
- 2003: An der Offallsgrouf beim Elterenhaus vum Martin Luther zu Mansfeld fannen Archeologen e spektakuläre Sëlwermënzeschatz mat iwwer 150 Geldstécker.
- 2004: Zu Roum gëtt den Traité iwwer eng Constitutioun fir Europa ënnerschriwwen.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]- 1749: De Fransous Guillaume Le Gentil entdeckt d'Zwerggalaxie M 32
- 1831: De britteschen Astronom John Herschel entdeckt den oppene Stärekoup NGC 110.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Niki de Saint Phalle
-
Abdullah Gül
-
Winona Ryder
-
Amarna Miller
- 1817: Antoine Godart, lëtzebuergesche Pedagog.
- 1866: Gustav Witt, däitsche Stenograph an Astronom.
- 1883: Albert Thill, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1888: Maurice Leick, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 1897: Joseph Goebbels, däitschen Nationalsozialist, "Reichspropagandaleiter".
- 1899: Akim Tamiroff, russesch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 1907: Edwige Feuillère, franséisch Schauspillerin.
- 1917: Eddie Constantine, US-amerikanesche Sänger a Schauspiller.
- 1919: Félix Marten, franséische Schauspiller a Chansonsänger.
- 1919: Marcel Wang, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1921: Fausto Tozzi, italieenesche Schauspiller an Dréibuchauteur.
- 1921: Jess Hahn, US-amerikanesch-franséische Schauspiller.
- 1923: Carl Djerassi, amerikanesche Biochemiker a Schrëftsteller.
- 1925: Robert Hardy, brittesche Schauspiller.
- 1930: Niki de Saint Phalle, franco-amerikanesch Kënschtlerin.
- 1930: Jules Pierret, lëtzebuergesche Jurist.
- 1931: Franco Interlenghi, italieenesche Schauspiller.
- 1931: Tibet, franséische Comicauteur an -zeechner.
- 1935: Isao Takahata, japanesche Regisseur a Produzent.
- 1937: Jef Claerhout, belsche Sculpteur.
- 1937: Pol Tousch, lëtzebuergeschen Auteur an Editeur.
- 1945: Jean-Paul Frisch, lëtzebuergesche Museker a Komponist.
- 1946: Peter Green, brittesche Gittarist a Sänger.
- 1945: Jean-Paul Frisch, lëtzebuergesche Museker a Komponist.
- 1947: Richard Dreyfuss, kanadesche Schauspiller.
- 1950: Abdullah Gül, tierkesche Politiker.
- 1954: Matthias Zschokke, Schwäizer Schrëftsteller a Filmproduzent.
- 1958: Stefan Dennis, Australesche Schauspiller.
- 1959: John Magufuli, Politiker aus Tansania.
- 1971: Winona Ryder, amerikanesch Schauspillerin.
- 1974: Beryl Koltz, lëtzebuergesch Filmmécherin an Dréibuchautorin.
- 1976: Xu Yuhua, chineesesch Schachgroussmeeschterin.
- 1978: Alwin de Prins, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 1990: Amarna Miller, spuenesch Schauspillerin.
- 1991: Daniel Zuidberg, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 1999: Anouchka Besch, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1762: Willibrord Scheffer, Abt vun der Abtei Sankt Maximin vun Tréier.
- 1783: Jean Baptiste le Rond d'Alembert, franséische Mathematiker an Enzyklopedist.
- 1911: Joseph Pulitzer, amerikanesche Schrëftsteller, Stëfter vum Pulitzer-Präis.
- 1915: Auguste Laval, lëtzebuergeschen Affekot, Industriellen a Politiker.
- 1933: Albert Calmette, franséischen Dokter, Bakteriolog an Immunolog.
- 1943: Louis Beicht, lëtzebuergesche Komponist.
- 1951: Robert Grant Aitken, US-amerikaneschen Astronom.
- 1960: Auguste Delaporte, lëtzebuergesche Politiker.
- 1981: Georges Brassens, franséische Chansonnier.
- 1991: Jean Schmit, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 2002: Marina Berti, italieenesch Schauspillerin.
- 2010: Fernand Barnich, lëtzebuergeschen Auteur.
- 2011: Robert Lamoureux, franséische Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 2013: Michel Heintz, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 2024: Teri Garr, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 2024: Georges Vuillermoz, lëtzebuergesche Kiercherechtler a Geeschtlechen.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]- Nationalfeierdag an der Tierkei an deemno och an Nordzypern
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 29. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |