Guillaume Le Gentil

Vu Wikipedia
Guillaume Le Gentil
Gebuer 12. September 1725
Coutances
Gestuerwen 22. Oktober 1792
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom
Member vun Académie des sciences
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Guillaume Joseph Hyacinthe Jean-Baptiste Le Gentil de la Galaisière gebuer den 12. September 1725 a gestuerwen den 22. Oktober 1792 war e franséischen Astronom.

Hien huet verschidden astronomesch Niwwelen entdeckt. Am Joer 1747 den M 32, am Joer 1749 den M 8, M 36 an den M 38. Hie soll och de Kugelstärekoup NGC 6712 entdeckt hunn. Hie gouf 1753 an d'Académie Royale des Sciences vu Paräis gewielt.

De Le Gentil huet an de Jore 1761 a 1769 un 2 Expeditiounen, bei deene Venuspassagen observéiert sollte ginn, deelgeholl. Déi zwou Expeditiounen hate wéinst schlechtem Wieder keen Erfolleg.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Le Gentil, 1749.: Mémoire sur une étoile nébuleuse nouvellement découverte à côte de celle qui est audessus de celle de la ceinture d'Androméde. Sav. étrangers, Band II, S. 137-145, 1755.
  • Le Gentil, 1759: Remarques sur les Étoiles Nebuleuses. Mémoires de l'Académie Royale des Sciences. Année MDCCLIX. S. 453-471 + Tafel 21. Paräis, 1765.
  • Voyage dans les Mers de l'Inde... a l'Occasion du Passage du Vénus, sur de Disque du Soleil (2 Bänn), 1769.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lorenz Schröter: Venuspassage (Roman). Hamburg: Rotbuch Verlag, 2001.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie